Podcast 10 mam Dr. Martine Trauffler & Dr. Anne-Cécile Vuillemin
Listen now
Description
Wéi a vu wiem gëtt den Dossier vun enger Firma evaluéiert déi en Impfstoff oder e Medikament wëllt lancéieren? Wéi gëtt d’Sécherheet vum Impfstoff zu Lëtzebuerg suivéiert wann en um Marché ass? Wat ass d’Roll vun der Pharmacovigilance a wat mécht d’European Medicines Agency iwwerhaapt? Am 10. Podcast vun der Santé gi mir nees op d’COVID-19-Imfpung an. Mir schwätze mam Dr Martine Trauffler a mam Dr Anne-Cécile Vuillemin, allen zwee vun der Gesondheetsdirektioun, iwwert d’Zouloossungsprozeduren an de Suivi vum COVID-19-Impfstoff.
More Episodes
Am läschte Podcast vun der Santé hu mir mat 3 Invitéë geschwat, déi all am Large Scale Testing implizéiert sinn: Den Dr. Thomas Dentzer ass als strategesche Koordinator op der Gesondheetsdirektioun um Projet täteg, den André Hansen, Direkter vun Ecolog Luxembourg, ass ënnert anerem staark un der...
Published 07/09/21
Am 24. Podcast vun der Santé hu mer mam Dr. Jean-Claude Schmit a mam Dr. Thomas Dentzer iwwert den neie CovidCheck System geschwat. Mir hunn awer och nogefrot wat fir Neierungen et am Large Scale Testing gëtt: am Large Scale Testing hutt Dir elo nieft serologeschen Tester a PCR-Tester op...
Published 06/25/21