Podcast 17 mam Sandra Sidon
Listen now
Description
Am 17. Podcast vun der Santé hu mir eis mam Sandra Sidon ënnerhalen. Sie mécht d’Koordinatioun vum Contact tracing an ass responsabel fir d’Hotline Santé, wou vill vun Iech vläicht schonn eemol ugeruff hunn mat enger Fro zum COVID-19. Mir hunn nogefrot wéi de Contact tracing an d’Hotline organiséiert sinn a wéi d’Aarbechtsdeeg a béide Strukturen ausgesinn. Mir ginn och nach eemol drop a wisou de Contact tracing esou e wichtegen Element ass a wéini een iwwerhaapt als Risikokontakt gëllt.
More Episodes
Am läschte Podcast vun der Santé hu mir mat 3 Invitéë geschwat, déi all am Large Scale Testing implizéiert sinn: Den Dr. Thomas Dentzer ass als strategesche Koordinator op der Gesondheetsdirektioun um Projet täteg, den André Hansen, Direkter vun Ecolog Luxembourg, ass ënnert anerem staark un der...
Published 07/09/21
Am 24. Podcast vun der Santé hu mer mam Dr. Jean-Claude Schmit a mam Dr. Thomas Dentzer iwwert den neie CovidCheck System geschwat. Mir hunn awer och nogefrot wat fir Neierungen et am Large Scale Testing gëtt: am Large Scale Testing hutt Dir elo nieft serologeschen Tester a PCR-Tester op...
Published 06/25/21