Episodes
Be Well Podcast mam Tamara Leuck vun kierperfeissaseil.com
Published 05/02/24
Somatics, aus dem engleschen - bedeit un sech de Beräich vun der Kierperraarbecht an der Bewegungsléier an zwar wei een wat vu bannen emfend a wei een déi Erfahrungen ka betounen. Tessy Beckené ass eng ganzheetlech a kierperorienteiert psychopedagogesch Beroderin a somatesch Coach. Sie ass spezialiséiert op Neurodiversität, wie ADHS-Beratung an -Coaching, Traumaverarbeitung, Bindungsproblematiken, souwei Hypersensibilitéit. Des Weideren huet si e Master a “Geistiger Behinderung und...
Published 04/05/24
Mir sinn all eenzegaarteg op dëser Welt a gesinn deemno och eenzegaarteg aus! Des Eenzegaartegkeet gëtt dann och nach duerch eng Kombinaisoun vun Nuancë vun eisem äusserleche Wiese betount- äis Aenfaarf, Hoerfaarf, Hautfaarf… Styliste kennen dëst scho laang ma och ee selwer kann erausfanne weieng Faarwe gutt bei ee passen an domat gesäit et net just optesch besser aus, ma et entseet och en neit Liewensgefill. Fir iwwer Farfanalyse ze schwaten ass haut d’Sabrina Iacovazzi am  Studio. Dei...
Published 03/01/24
Mir interesséieren äis haut fir d’Wuelbefanne vun de méi Klengen, awer natierlech kann alles dat wat mer haut beschwätzen och op déi Erwuessen iwwerdroe ginn. Et geet drëms ouni Angscht kennen am Alldag ze funktionéieren a Resilienz ass do e gudden Wee, an dat kennen och schonn Kanner a Jugendlecher leieren. D’Michele Bloes war selwer Chargé a Schouljoffer a schafft haut als Resilienzcoach mat ganz ënnerschiddleche Gruppe vun Kanner mat sengem Löwenheldtraining am Beräich vun der...
Published 02/02/24
ThetaHealing ass eng Meditationstechnik a spirituell Philosophie, déi vun der Amerikanerin Vianna Stibal gegrënnt gouf. D’Theta Healing-Technik hëlleft un sech fir de Geescht,, Kierper a Séil nei anzeriichten an deem een sech mat enger méi heiger Kraaft verbënnt. Et ass keng Relioun mee awer gleeft een hei drun dass et eng Createur gëtt vun dëser Welt. Weider Detailer ginn et haut mam Kimberly Jeitz.
Published 01/05/24
Di kal Saison steet virun der Dier an do gëtt fir deen een oder aneren Wantersport dann nees groussgeschriwwen. Natierlech denkt een do virop em u Schifueren, ma et ginn och nach aner Wantersportaarte wou sech all Joers leider vill Leit verletzen. Wat kann ee preventiv maachen fir dass et net op emol awer schif ausgeet… doriwwer schwätzen ech haut mat 2 erfuerene Kinesitherapeuten, dem Geoffrey Osch & Anne Frisch.
Published 11/30/23
Published 11/02/23
D’Mentalfeld-Techniken (MFT) ass eng liewensbegleedend net invasiv Therapie - an Selbsthellefethode fir d’Balance fir den autonomen Nervesystem. Et kann ee Stress bewältegen egal op et physeschen oder mentale Stress ass an et ass eng Therapie déi ganz gutt hëlleft bei Ängschten, Phobien, Zwäng, Prüfungsangscht, Hyperaktivitéit, chronescher Péng, Allergien asw. Am Studio ass dofir d’Mandy Poncin, eegestänneg Physiotherapeutin mat engem grousse Bagage u Weiderbildungen huet si sech hiren eegene...
Published 10/06/23
Massage ass jo bekanntlech eng Zort Behandlung vum mënschlechen Kierper duerch klappen, knieden, heemelen, drécken, zeien etc, ma des Technik déi een als Empfänger "kritt" kann och vill méi déif goen an ganz aner Blockaden léisen. D'Ayano Everling huet sech no enger Karriär am Enseignement reorientéiert an proposéiert haut ganzheetlech Massagen aus der ganzer Welt déi vill méi wäit wei just ënnert d'Haut ginn. Vun Lomi Lomi iwwer Reiki, Watsu, Thai, Balinesesch, Shiatsu bis hin zu...
Published 09/01/23
Virum Summer kucken mir wei mir eisen Kierper an eisen Geescht kennen stäerken. Kraafttraining kann net just d'Kierperkraaft verbesseren mee op laang dauer och en enormen Impakt hunn op ais Gesondheet an Mobilitéit am Alter. Wisou Kraafttraining wichteg ass, wei een déi Saach ungeet an och wei een dobäi blatzt, dat weess d'Conny Kayser mat hierer 20 järeger Erfarung an deem Beräich ganz gutt. Sie ass vun der Langhantel iwwerzeegt an erkläert ais weieng positive Effekter des Zort vun Training...
Published 06/01/23
Human Design ass souzesoen eppes wei een Bauplang fir eist Liewen. Jiddereen ass jo mat engem eenzegaartegen Zesummespill vun Veranlagungen, Eegenschaften an Talenter gebuer ginn an Human Design soll hëllefen des ze identifizéieren an domat dann d’Liewen esou ze gestalten dass een sech besser versteet an och säin ganzt Potential erfaassen kann. Deemno ass een dann och méi an der Balance an fillt sech méi ausgeglach… doriwwer wollt ech méi wëssen. Human Design System baséiert sech op eng...
Published 05/04/23
Moien bei Be Well, dem Gesonde Podcast zu Lëtzebuerg. Um Mikro ass wei gewinnt d’Sarah Cattani, Journalistin an Yoga Instructeur an haut gi mer mol bëssi an den Kierper mossen… an zwar mat Frequenzen. Mir interesséieren ais nämlech fir Bioresonanz. Des Methode kënnt aus der sougenannter Medecine Quantique an et geet heibäi drëms Bilan'en ze maachen an eventuell Anomalien ze reperéieren an zwar mat elektromagnéiteschen Analyse. Fir äis dat alles méi am Detail ze erklären hunn ech haut den Eric...
Published 04/07/23
An dësem Podcast interesséieren mer äis un d’Ëmfeld an deem mer wunnen. Baubiologie ass un sech d’Leier vun der ganzheetlecher Bezéiung tëscht den Mënschen an hirer gebauter Ëmwelt. Baubiologie huet als Ziel een gesond naturno, nohaltegt an och ästhetescht Wunn oder Aarbechtsëmfeld ze schafen. Gebaier an Raim sinn fir Baubiologen souzesoen wei eng drëtt Haut vum Mënsch an dat kann op ganz villes en Afloss hunn, wou een vlait op den éischten Coup iwwerhaapt net drun denkt. Am Gespréich ass den...
Published 03/03/23
An dësem Podcast gi mer eis emol ganz bewosst wat genee an dësem Moment geschitt. Weieeng Techniken een kann benotzen am privaten oder och am professionellen Liewen fir méi uechtsam ze ginn an deemno och méi bewosst ze handelen.  Uechtsamkeet bezeechent en Zoustand vum Geescht an deem den Mënsch hellwaakreg ass an alles matkritt wat den Moment selwer geschitt souwuel kierperlech wei mental mee ouni Gedankenstreim dei hien op eng aner Platz matrappen, ouni Erënnerungen oder Projektiounen,...
Published 02/03/23
D'Cindy Gouden ass Hiewan an Hypnotherapeutin an sëtzt sech virun allem mat den Themen Schwangerschaft, Gebuert, Kannerwonsch mee och traumatesch Gebuerten, Fehlgebuerten, Staerenkanner auseneen an seet selwer : egal wei haart d’Ëmstänn sinn et gëtt ëmmer en Mëttel an Wee fir des ze verschaffen. Et geet drëms den Mënschen ze hëllefen nees an den Aklang mat sech selwer ze kommen duerch d’Hypnose an domat dann och hier eegen Balance zreckzefannen. Lauschtert eran, et ass faszinant wat een alles...
Published 01/06/23
An dësem Episode schwätzen mir mat der Tattoo-artistin Sandra Biewers iwwert medizinesch Tättowéierungen. Zanter gudd 25 Joër gëtt et des Spezialisatioun op “3D Areola/Nipple Restorative and Scar tattooing”. D’Patienten kreien heiduerch en ganzt nait Narbenbild an et kann hinnen och hellefen nee zu sech selwer an zu hirem Kierper ze fannen. En faszinant Thema wat dei aktif Kënschtlerin elo och hei am Land ënnert dem Numm “Moldokter” ugefaangen huet.
Published 12/01/22
Schamanismus bezeechent un sech eng Traditioun déi aus SIBIRIEN kennt an gëtt dohier och Sibireschen Animismus genannt. D’Heelritualer vun esou Schamanen ginn dobäi net just mam Moment selwer em mee kennen och an d’Vergaangenheet vun der Persoun goen déi bei si geet. Et ass weder eng Relioun nach just eng spirituell Praxis, mee Energieheelen oorientéiert sech awer un dësen Saachen an schafft wei den Numm et schonn seet mat Energien. Klengt vlait op den éischten Bléck bëssi skurril, mee mir...
Published 11/04/22
Bei Be Well geet et haut em eng ganz besonnesch Zäit an enger Fra (an och engem Mann) hirem Liewen, nämlech wann en neien klengen Mënsch decidéiert huet op des Welt ze kommen. Schwangerschaft, déi eng hunn eng oder méi hannert sech, aner dreemen dovun oder wëllen guer näischt dovun wëssen. D’Schwangerschaft den Ufank vun all Liewen hei op dësem Planéit, an dat an egal wei engem Familiären oder sozialen Kontext. Et ass den Ufank vun engem ganz neien Kapitel, fir den Puppelchen, fir d’Mamm, den...
Published 10/06/22
Mir sinn äis all bewosst dass äis Ëmwelt an eist Ëmfeld en Afloss kenne hunn op äis Gesondheet an awer faellt et eis dacks schwéier ze gesinn wat iwwerhaapt en Impakt op eis huet an wat vlait net. Weien Elementer vun eisem alldeeglechen Ëmfeld sinn deelweis direkt am Zesummenhang mat eisem Wuel oder eben Onwuelbefannen, oder esouguer eisen Krankheetsbiller oder eiser Péng am Kierper? D’EmweltMedizin, och nach Ursaachen Medezin genannt setzt sech genee domat ausenaner. An fir haut mat mir...
Published 09/08/22
D’Element Waasser ass net aus dem Liewen net ewechzedenken, an an dësem Podcast beschäftegen mer äis mat Aktivitéiten déi een an oder um Waasser maachen kann. Waassersport ass grad am Summer och hei am Land op villen Platzen ugesot. Wat gëtt et iwwerhaapt fir Waassersportaarten? An wiefern ass et anescht um Waasser wei un Land an weieng Beneficer hunn Aktivitéiten an an ronderëm d’Waasser?  Fir doriwwer ze schwätzen ass den Vincent Villain haut mäin Invité. Hien huet eng Formatioun als...
Published 06/30/22
Lavendel fir ze entspanen, Eukalyptus wann een erkaalt ass, Rosen fir gutt Laun… dat huet een alt schonn emol op mannst héieren oder gelies mee wat genee stécht hannert dem Begrëff Aromatherapie? Wou an wei gëtt se agewennt, wat genee sinn ätheresch Ueleger an op wat muss een oppassen? Doriwwer schwätzen mer Haut mam Catherine Ludivig ,geleiert Gäertnerin an Assistante en Pharmacie. Hirem éischten Kontakt mat den Ueleger  war an der Apdikt an zanterhier si mat vill Passioun déi 2 Beruffer....
Published 06/10/22
Schlof ass un sech en Zoustand vun absolutter Rou bei Mënsch an Deieren. Den Puls, d’Noutfrequenz an och den Bluttdrock veränneren sech an eisem Schlofphasen an schlof ass wichteg fir en gesond an equilibréiert Liewen, ma weder ze vill nach ze mann Schlof ass gutt fir äis. Wéi mir kennen besser schlofen, méi ausgeglach rouen an am Gesamtbild méi balancéiert kenne sinn dat ass der Masa Nobilo hier Aufgab. Dei fréier Interpretin an Iwwersetzerin ass haut als Coach Actif. Sie ass Embodied...
Published 05/05/22
Allergien sinn en Phänomen vum Occident, wisou dat esou ass an wat een preventiv kann maachen, dat beliichten mer an dësem Episode vum Be Well Podcast. Pollen, Liewensmëttel, Fell vun Deieren oder Milben… et ginn eng hëllewull un Saachen op déi déi Erwuessen ma och d’Kanner allergesch reagéieren an déi puer awer och heiansdo ganz vill Auswierkungen op den Alldag hunn. Mee wat genee ass iwwerhaapt eng Allergie, wei entstinn se an wei kann een se evitéieren oder esouguer heelen?   Doriwwer...
Published 03/31/22
Trisomie 21 ass déi heefegst genetesch Anomalie. 1 op 1000 Gebuerten getraff ass. Sie exiléiert op der ganzer Welt an dat schonn zanter ëmmer. Un sech enthalen Zellen vun engem Mënsch mat Down Syndrom eng zousätzlech Kopie vum Chromosom 21 also hunn si der am ganzen 3 puer an dohier och den Numm Trisomie 21. Mee wei ass d’Liewen mat deem “Chromosome en plus” an wei ass d’Situatioun haut . Doriwwer schwätzen mer mat der Presidentin an Fondatrice vun der Asbl Trisomie 21 am Kader vum Weltdaag...
Published 03/04/22