Episodes
Ech hunn dem Maale Gars versprach, dass ech hie fir déi 50. Episode a mäi Podcast alueden. E Versprieche gëtt natierlech agehalen, dofir: Here you go! (Just als kleng Side Note: Mir sinn eng Koppel.) Also: Wouriwwer schwätze mir dann eigentlech?  Hei sinn d'Themen: - Maale Gars, bass du nach ëmmer sou mal? - Bereis du dee Kënschtlernumm gewielt ze hunn? - Suchtverhalen - Wéi schwéier ass et opzehalen? - Whataboutism - Wéini huet et bei dir "klick" gemaach? - Wat ass däin Erfolgsfaktor...
Published 04/28/24
Published 04/28/24
Fir déi heiten Episode waren den Elisha an ech am Zuch uechtert Lëtzebuerg ënnerwee. Kënnt dir rode wéi eng Streck mir gefuer sinn? 🚆 Anyways, déi heiten Episode ass bësse méi politesch, mee kenges Falls langweileg! Mir schwätzen ënner anerem iwwert follgend Themen: ➡️ De Rietsruck op Tiktok a wat een dogéint maache kann. ➡️ Mir brauche kee Konsens bei Iddien déi Haass verbreeden. An trotzdeem geschitt dat an der Chamber. ➡️ Wat mécht de CELL? Wéi funktionéieren si? ➡️ Optimismus am...
Published 04/14/24
CDYLM ass no enger kuerzer Paus rëm do an zwar mat enger Episode iwwert den Educatiounssystem. An dëser Episode hu mir de Marvin Caldarella zu Gaascht, deen net nëmmen Enseignant ass mä och ënner anerem Co-Spriecher vun der OGBL an SEW ass. Mir diskutéieren déi aktuell Problemer vum Lëtzebuergeschen Educatiounssystem, wat d'Erausfuerderungen sinn, wisou sou vill Aspekter ongerecht sinn, wéi de ganze bürokrateschen Behind The Scenes funktionéiert a mir ginn de ganzen Proffe-Clichéen op de...
Published 03/12/24
Eurovision hin, oder hier: Wéi geet et dem Museker a Performer CHAiLD wierklech? De Chaild ass ee vun den 8 Finalisten, déi Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest 2024 zu Malmö kéinte representéieren. An dëser Episode deelt hien seng éierlech Gedanken iwwer déi ganz Mental Loud, deen de Wettbewerb mat sech bréngt, an iwwer de Drock, deen e verspiert.  Lauschtert eran and stay tuned for more!   --- Send in a voice message:...
Published 01/11/24
An der leschter Episode vun 2023 zu Gaascht ass d'lëtzebuergesch DJ Legende DJ DEE am Start. Opgepasst, déi heiten Episode ass méi relatable, wann een aus dem Norde kënnt, well mir thematiséieren nämlech wat aus dem Café du Gymnase ginn ass 👀  Beisdes that, soll natierlech jiddereen eralauschteren, well mir schwätzen iwwert vill verschidden Themen, ënner anerem doriwwer, wéi et fréier (1999!) war als DJ unzefänken par Rapport zu Hautdesdaags. Wéi wichteg et him gewiescht wier seng Schoul...
Published 12/10/23
De Samschden ass Nuit des Musées! Don’t miss out on this. Eng Saach déi d’Muséeë wärend der Nuecht gemeinsam hunn ass de Projet “Coup de Coeur”. All Joers kritt eng Kategorie vu Leit d’Geleijenheet ee Konschtwierk, oder eng Ausstellung a sengen eegene Wierder z beschreiwen.Dëst Joer sinn d’Podcaster drun! Passend dozou hunn ech och eng Episode opgeholl fir méi iwwert de Background vun der Nuit des Musées ze wëssen. Out now! Grousse Merci un de Germain & d'Ioana :)🎟️WIN WIN WIN🎟️ Dir hutt...
Published 10/10/23
- De "Wizard" wollt fir dës Episode anonym bleiwen. - An dëser Episode schwätze mir mam "Grower" Wizard iwwert Cannabis an zwar vun A-Z! 🌿 Schwaarzmaart - Wéi geféierlech ass dat? 🌿 Wéi gesäit d'Gesetzeslag zu Lëtzebuerg aus? Wéi legal ass de Cannabis elo? 🌿 Vu wou kënnt de Verbuet? Wat sinn d'Konsequenzen dovunner? 🌿 Wisou ass et bei den eelere Generatiounen sou verpöhnt? 🌿 Wat sinn d'Vir an Nodeeler vun der Consommatioun? 🌿 Wéi planzt ee säi Cannabis am beschten Doheem un? 🌿 Wat...
Published 09/17/23
Zu Gaascht an dëser Episode hu mir d'Musekerin & Astrophysikstudentin Irem Sosay. Dëst Kéier aus menger gemittlecher Stuff! Wouriwwer schwätze mir? ➡️ De Schrëtt an de Studio: Wéi entsteet dem Irem seng Musek? ➡️ Tëscht ville Männer: Wéi setzt een sech am Astrophysikstudium duerch? ➡️ Et feele u weibleche* Rolemodels an der lëtzebuergescher Musekszeen. Wourunner kéint dat leien? ➡️ Manner Confidence duerch Akne. Irem: "I feel you! Looss dech net vun Akne Doheem asperren." ... a...
Published 08/20/23
An dëser Episode schwätze mir iwwert een Thema den an der läscht vill an de Schlagzeilen war: Sexuellen Abus an Muechtausnotzung vu Kënschtler:innen a Leit an enger Muechtpositioun. Mi wäerten eis mat der Sexologin Laura Hendriks 3 Usoen ulauschteren, déi een Abléck an d’Realitéit vum Abus ginn. D’Laura analyséiert a diskutéiert déi: Wat sinn déi déifgrënneg Ursaache vum Abus?  Wat geschitt am Kapp vum Täter an Affer? Wéi erkennt een potentiell Täteren? Ech krut vill Aussoen era geschéckt,...
Published 07/23/23
An hei? Eng ganz spontan Episode! An zwar mam Kënschtler Jeremy Palluce. D'OG's vun dësem Podcast kennen hien schonn! De Jeremy huet den 6. Juli eng Vernissage fir seng nei Ausstellung zu Esch an der Galerie Schlossgoart. An dem Kader hu mir eng Episode opgeholl an dat dëst Kéier net an engem Studio, oder Café, mee beim spadséiere am Gronn. D'Ambience ass also aanechters wéi soss :) Mir schwätzen ënner aanerem iwwert folgend Themen: - Wat ass alles geschitt seitdem mir eis eicht Episode...
Published 07/04/23
Last but not least: An der leschter Episode vu 'Ceci, Do You Vote Me?' hu mir de Loris Meyer aus der Stad zu Gaascht. Hien erzielt eis wat en an der Stad ännere géing, wisou mir d'EU méi schätze sollen a wisou et sou wichteg ass sech z'engagéieren. Vill Spaass beim Lauschteren a vergiesst net Sonnden, den 11. Mee wielen ze goen. Kuckt iech d'Walprogrammer vun de Lëschten aus ärer Gemeng un, informéiert iech a wielt dat wat dir fir richteg haalt. __________________ Am Kader vun de...
Published 05/28/23
'Ceci, do you VOTE me?' - Fir Episode 5 vum Podcast fir d'#Gemengewalen ass de bekannte Content Creator Yannick Iannelli zu Gaascht - deen och zu Déifferdeng Kandidat fir d'Walen ass. Out now! __________________ Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der demokratescher Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen. D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir...
Published 05/21/23
An dëser Episode vu Ceci, Do You Vote Me ass d'Katrin Kohl vun der Gemeng Dikrech zu Gaascht. Themen déi him wichteg sinn, sinn Inclusioun a Gerechtegkeet tëscht: Mann a Fra - Persoun ouni Behënnerung a mat - Auslänner a Lëtzebuerger. Lauschtert erann! Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der demokratescher Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen. D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech...
Published 05/14/23
An dëser Episode schwätzen ech mat der Gamerin, Tiktokerin an Influencerin Claire aka Cloe Von Van iwwert seng Erfarung op Social Media an an der ganzer Gamingwelt. Mir diskutéieren och iwwert E-sports zu Lëtzebuerg, iwwert d'Ugesinn als Fra an der Welt an och iwwert schwiereg Zäiten déi hat an deene leschte Méint misst duerch maachen. E bedeitende Punkt schwätzt d'Claire och un: d'Wichtegkeet vu Selbstliebe. Iwwerzeegt iech selwer! Vill Spaass beim Lauschteren :) Villmools Merci un...
Published 05/06/23
'Ceci, do you VOTE me?' - Episode 3 mam jonken an engagéierten Hugo Da Costa aus der Gemeng Betzder, ass out now! Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der demokratescher Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen. D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir d'Gemengewalen drop sinn, wat hir Virléifte sinn & wéi gutt si sech an der Jugendkultur auskennen. Vill...
Published 04/30/23
'Ceci, do you VOTE me?' - déi zweet Episode ass do! Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der demokratescher Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen. D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir d'Gemengewalen drop sinn, wat hir Virléifte sinn & wéi gutt si sech an der Jugendkultur auskennen. Fir Episode 2 ass de Finanzberoder a Gemengekandidat Jeffrey Drui zu...
Published 04/23/23
Ceci, do you VOTE me? It's Collab time! Dëst Kéier gëtt et politesch. Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der demokratescher Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen. D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir d'Gemengewalen drop sinn, wat hir Virléifte sinn & wéi gutt si sech an der Jugendkultur auskennen. Fir Episode 1 ass d'Aktivistin a Steeseler...
Published 04/16/23
An dëser Episode schwätzen ech mam Almin Hrkic aka “De Wollef” aka Blogger vun der Page “Mood Luxembourg” op Instagram a Tiktok.   Mir schwätzen iwwert ganz vill interessanten Themen: Wéi geet ee viral op Tiktok/Instagram? Influencer: Moral vs. Image Mood Luxembourg: Wat ass déi bescht Pizza am Land? Dubai: Ass et ok, do Vakanz ze maachen? Deep Talk: Themen déi gemilkt (am bsp. vu Feminismus) a villes méi!    Lauschtert eran a gitt mir gäre Feedback zu dëser...
Published 04/12/23
Ceci, Do You Love Me? ass rem back on track! An dëst kéier hunn ech mech mam Kënschtler Julien Hübsch am Konrad Café an der Stad getraff. Et war Sonndegmëttes, d’Bud war voll an dat héiert een och. Mais ech denken, dass dat der ganzer Episode ee Charme gëtt.  Ech schwätze mam Julien iwwert d’Bedeitung vun onkonventioneller Konscht, Behind the Scenes vun der Scene a wat den Julien gären an der ganzer Konschtwelt ännere wéilt. Ween huet Berechtegung ze soen, wat gutt Konscht ass? Wat ass...
Published 03/19/23
An der Staffelfinal vu Kulturpur, hunn ech de Sumo an de Studio agelueden. De Sumo ass ee vun de bekanntsten Urban Art Kënschtler aus Lëtzebuerg a säit Joren an der Kënschtlerzeen aktiv. An dëser Episode schwätze mir iwwert folgend Themen: - Graffiti vs. Streetart: De Sumo huet scho Streetart gemaach, wou et nach kee Streetart gouf.  - Wa grouss Marke mat engem schaffe wëllen: wéi entstinn sou Kooperatiounen? - De Sumo gesäit seng Aarbecht net wierklech als Aarbecht un: Huet ee säi...
Published 02/23/23
Zu Gaascht an dëser Episode ass d'multidisziplinär Kënschtlerin Katharina Bintz . Hat ass Schauspillerin, Schrëftstellerin, produzéiert seng eege Filmer a mécht och Synchronisatiounsaarbechten. Mir schwätzen an dëser Episode iwwert folgend Themen: ➡️ Bedeitung sech mat senger Stëmm a verschidden Aart a Weisen auszedrécken ➡️ Prozess rauszefanne wat een am Liewe maache well ➡️ Schicksalsschlag: Multipel Sklerose ➡️ Wisou gouf et keng Me Too Beweegung zu Lëtzebuerg? ➡️ Erzielung: Valley...
Published 02/09/23
An der Episode 10 vu KulturPur hu mir den Ornello an de David vun der Heavy Metal Band Blanket Hill zu Gaascht. Themen vun der Episode: ➡ Ass et schwéier Musek ze maachen, wann ee Problemer huet mam Gehéier? ➡ Een Thema de mir am Summer all um Schierm haten: Shitstorm "Metal ass keng Musek" ➡ Wéi "aggressiv" ass een Heavy Metal Concert a wéi vill Verantwortung stécht dohannert? ➡ Wat waren hier gréissten a klengste Concerten? ➡ Anekdote vun der Tour a Bonding tëscht de Band Memberen "Och...
Published 01/26/23
Zu Gaascht an dëser Episode ass de jonken an erfollegräiche Cellist Benjamin Kruithof. Mir fänken dëst Episode direkt mat engem aktuellen Thema un: Luxembourg Music Awards. De Benjamin huet de Präis an der Kategorie Nowuesstalent gewonnen a mir schwätze bëssen doriwwer wéi iwwerraschend dat fir hie koum. Ausserdeem kläre mir iwwert d'Klischeeë vun der klassescher Musek op, schwätzen iwwert Tabuthemen an der Branche an och iwwert säi Cello den iwwer 300 Joer al ass. De Benjamin wënscht sech,...
Published 01/05/23
D’Sarah Bergdoll schafft als General Director bei der Fondation EME. Hat erkläert eis an dëser Episode déi wichteg Aarbecht déi d’Fondatioun leescht an wéi d’Projete bei hinnen ausgesinn. Zum Beispill erzielt hat eis iwwert Museksprojete mat Flüchtlingen, Projeten a Psychiatrien an a Prisongen. Eng Initiativ déi zemools elo an der Chrëschtzäit erausstiecht, ass de “Musek Schenken” Projet, wou d’EME Privatconcerte fir defavoriséiert Leit organiséiert. Een Thema wouriwwer mir och schwätzen ass...
Published 12/22/22