#53 Loïc Juchem - The Show must go on!
Listen now
Description
Normalerweis ass et de Loïc, deen dat mécht wat ech hei maachen, an zwar virun der Kamera, mat Mikro, Froe stellen. Hien ass nämlech ënner anerem ee Moderator a Wetterfee beim RTL. An dat alles schonn mat nëmme 24 Joer.  An dëser Episode kréie mir een Abléck a seng Aarbecht als Moderator. Wat leeft hannert de Kulissen? Wéi bereet een sech fir eng Live-Show fir?  Wéi kënnt een dozou sou ee Job ze hunn? Gëtt et vill Konkurrenz an op wat muss een alles oppassen? Hues du eng Dramshow? A wat géings du maachen, wann’s du dee Job net häss? Dat a villes méi erzielt iech de Loïc an dëser Episode.Vill Spaass beim Lauschteren!  Déi heiten Episode gëtt ënnerstëtzt vum Familljeministère. 12.-13. Juli - “Let's celebrate inclusion” Forum Geesseknäppchen https://allesnormal.lu --- Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message
More Episodes
Published 06/16/24
Zu Gaascht an dëser Episode hu mir de Charel, éischter bekannt als Saint Charles. Mäin Zil mat dëser Episode war et rauszefannen, ween alles hannert senger Persona stécht an dat heiten sinn d'Themen wouriwer mir ënner aanerem geschwaat hunn: - New-Comer: Bis wéini ass een e New-Comer Artist? -...
Published 06/09/24
Endlech rëm ee méi laange Podcast! Et war och zimmlech schwéier NET laang mam Marlee ze schwätzen, well hat bréngt ganz vill mat :) D'Marlee ass, ënner ganz vill aanerem, Grënnerin vun der Non-Profit Organisatioun "Imani" mat der hat fir méi Representatioun zu Lëtzebuerg kämpft. De Wee zur...
Published 05/14/24