Episod 12 - Allergië beim Hond a bei der Kaz, 28/11/2023
Listen now
Description
Wat kann hëllefen? Allergië ginn et net nëmme bei eis Mënschen, mee och Hënn respektiv Kaze kënne mat Allergië geplot sinn. Esou wuel déi klassesch wéi och déi alternativ Medezin bidden hei eng jett Behandlungsméiglechkeeten, déi sech iwwregens och gutt matenee verbanne loossen. Explikatiounen hu mir engersäits vum Pascal Kemp vun der Vitalschnuffen asbl an anerersäits vum Veterinär Rawad El Khoury.
More Episodes
De Pelz vun Hond a Kaz richteg fleegen De Pelz vun eise Véierbeener, Hond a Kaz, soll net nëmmen am Fréijoer oder am Hierscht gefleegt, mee dat ganzt Joer iwwer. Wisou dat sou wichteg ass a wéi een dat richteg mécht, gesi mir an dëser Episod vum Pattcast. Invitée am Studio dofir war...
Published 06/17/24
Den Dr Carlo Manderscheid, eisen Invité, ass ënnert anerem op Papageie spezialiséiert Zesumme mam Déierendokter huele mir dës eenzegaarteg Déieren ënnert d'Lupp, kucke wéi ee se hale soll, op wat ee bei der Ernärung oppasse soll, wéi ee se beschäftegt a gesond hält.
Published 04/23/24