Episodes
Den Dr Carlo Manderscheid, eisen Invité, ass ënnert anerem op Papageie spezialiséiert Zesumme mam Déierendokter huele mir dës eenzegaarteg Déieren ënnert d'Lupp, kucke wéi ee se hale soll, op wat ee bei der Ernärung oppasse soll, wéi ee se beschäftegt a gesond hält.
Published 04/23/24
Aartgerecht Haltung vun de Schlaangen, Spannen, Bartagamen, Deckelsmouken a Co An dëser Episod thematiséiere mir, zesumme mam Veterinär Jeff Schreiner, d'Reptilien an d'Spannen. Hie schafft am "Haus des Meeres" zu Wien mam Schwéierpunkt Exoten a wëll Déieren. Mir ginn ënner anerem gewuer wou hier déi Faszinatioun vun de Leit fir dës Déiere kënnt, wéi ee Reptilien a Spannen aartgerecht hält a wéi ee reagéiere soll, wann een zum Beispill eng Schlaang oder eng grouss Spann an der Natur fënnt.
Published 03/07/24
Wat soll een da maachen? Zesumme mam Tanja Forette vun de Sichhënn.lu, hunn d'Nicky Soisson an d'Sandra Mélan d'Fortlafe vun den Hënn thematiséiert. Wéi soll ee virgoen, wann de Mupp sech aus dem Stëbs gemaach huet respektiv wéi kann een dëst sou gutt wéi méiglech versichen ze verhënneren besonnech elo fir d'Feierdeeg.
Published 12/14/23
Wat kann hëllefen? Allergië ginn et net nëmme bei eis Mënschen, mee och Hënn respektiv Kaze kënne mat Allergië geplot sinn. Esou wuel déi klassesch wéi och déi alternativ Medezin bidden hei eng jett Behandlungsméiglechkeeten, déi sech iwwregens och gutt matenee verbanne loossen. Explikatiounen hu mir engersäits vum Pascal Kemp vun der Vitalschnuffen asbl an anerersäits vum Veterinär Rawad El Khoury.
Published 11/28/23
Dr Laurence Palleva ass Veterinärin a behandelt och vill Kanéngercher Zesummen mat der Dr Laurence Palleva schwätzen d'Nicky Soisson an d'Sandra Mélan iwwer d'Kanéngercher, ënner annerem iwwer hir Gesondheet, wéi ee mierkt, wa se krank sinn, respektiv wat se ze friesse solle kréien a wat net.
Published 10/11/23
Dës Kéier dréit sech am Pattcast, mam Sandra Mélan a mam Nicky Soisson, alles ronderëm d'Päerd. Invitée ass d'Sandrine Bordang, Déierendoktesch déi sech op d'Päerd spezialiséiert huet. Mat hier zesumme hu mir déi geleefeg Pathologien an och verschidden Therapieméiglechkeeten ugeschwat.
Published 09/07/23
D'Nicky Soisson an d'Sandra Mélan schwätzen dës Kéier iwwer Verhalensstéierunge bei de Kazen Wéi eng Verhalensstéierunge ginn et bei de Kazen? Wat kënnen d'Ursaache sinn a wéini soll ee sech Hëllef siche goen? Dës an nach vill aner Froen hu mir dem Michèle Braconnier gestallt. Si ass Veterinärin an huet Verhalensmedezin studéiert.
Published 08/08/23
An dëser Episod vum Podcast “Pattcast” mam Nicky Soisson a mam Sandra Mélan geet et ëm d’Thema Welpen. Wat gëllt et am Virfeld ze organiséieren, wéi eng Reponsabilitéiten bréngt et mat sech a wéi gesäit den Alldag mat engem Mupp aus? Dat alles an nach vill méi gitt Dir an der Neioplag vum Pattcast gewuer. Lauschtert bis eran!
Published 07/06/23
D'Anouk ziicht Chihuahuaen a verréit op wat et ukënnt. Beim Ziichte vun Hënn gëtt et munches op dat een oppasse muss. Et ass e laange Wee, ier een op enger Ausstellung ka matmaachen.
Published 09/01/22
Den Alain coacht Leit déi Hëllef bei hirem Aquarium brauchen Wat muss ee wëssen, wann ee sech wëll en Aquarium uschafen a wat sinn d'Challengen?
Published 06/21/22
De Sascha kennt sech mat Hënn aus Wéi intelligent ass en Hond? Gëtt et dat iwwerhaapt a wéi muss ee sech dat virstellen. An dëser Episod gi mer méi am Detail dorop an.
Published 04/28/22
Elodie huet seng Passioun fir Päerd entdeckt An dëser Episod si mer méi am Detail op Päerd agaangen. Wat muss ee wëssen, wat kascht e Päerd am Ënnerhalt. D'Elodie konnt eis e Lidd dovu sangen
Published 03/03/22
Natascha Schmitz ass Hondsberoderin a weess wat de Mupp an den Napf kréie soll. Dréchefudder, Naassfudder oder awer villäicht Barf. A wat mécht een wann den Hond Allergien huet a wéi hëlt en am beschten of. Natascha Schmitz ass Ernährngsberoderin fir Hënn an huet op dës an aner Froen eng Äntwert.
Published 02/02/22
Claudia Klasen kennt sech mat Kazen aus Genee wéi bei den Hënn och, kann en Negatiivt-Verhale bei Kazen therapéiert ginn.
Published 01/17/22
An der éischter Editioun stelle mer Iech de Claude Fries vir De Claude huet eng Hondsschoul a verréit eis, wei hie schafft a wat en Hond senger Meenung no dierf a wat net. D'RTL-Déierendoktesch Romi Roth huet fir all déi e gudden Tipp parat, déi sech en Hond ugeschaaft hunn oder dat nach wëlles hunn.
Published 01/02/22
De Podcast iwwwert a ronderëm Déieren. Ufank Januar 2022 geet et lass.
Published 12/16/21