Description
Aartgerecht Haltung vun de Schlaangen, Spannen, Bartagamen, Deckelsmouken a Co
An dëser Episod thematiséiere mir, zesumme mam Veterinär Jeff Schreiner, d'Reptilien an d'Spannen. Hie schafft am "Haus des Meeres" zu Wien mam Schwéierpunkt Exoten a wëll Déieren. Mir ginn ënner anerem gewuer wou hier déi Faszinatioun vun de Leit fir dës Déiere kënnt, wéi ee Reptilien a Spannen aartgerecht hält a wéi ee reagéiere soll, wann een zum Beispill eng Schlaang oder eng grouss Spann an der Natur fënnt.
De Pelz vun Hond a Kaz richteg fleegen
De Pelz vun eise Véierbeener, Hond a Kaz, soll net nëmmen am Fréijoer oder am Hierscht gefleegt, mee dat ganzt Joer iwwer. Wisou dat sou wichteg ass a wéi een dat richteg mécht, gesi mir an dëser Episod vum Pattcast. Invitée am Studio dofir war...
Published 06/17/24
Den Dr Carlo Manderscheid, eisen Invité, ass ënnert anerem op Papageie spezialiséiert
Zesumme mam Déierendokter huele mir dës eenzegaarteg Déieren ënnert d'Lupp, kucke wéi ee se hale soll, op wat ee bei der Ernärung oppasse soll, wéi ee se beschäftegt a gesond hält.
Published 04/23/24