Automag: Mazda CX-60 Diesel, 13/07/2023 15:50
Listen now
Description
Mazda war, wat Motoren ubelaangt, nach ëmmer ee klenge Rebell. Sief et de Wankelmotor, deen nach emol am RX-7 an RX-8 opliewen duerft oder den Anti-Downsizing-Programm a Form vu grousse Motoren an héigher Kompressioun. Elo lancéiert Mazda an hirem Flaggschëff CX-60 mol ee fonkelneien Dieselmotor – dir hutt richteg héieren! A wat deen alles kann, huet de Paul Origer fir eis getest.
More Episodes
Published 06/27/24
125 Joer mat Héichten an Déiften ginn et haut am Automag.D'Mark mam Blëtz am Logo, Opel, feiert Gebuertsdag an de Christian Schmit krut en exclusiven Abléck an d'Classic Werkstatt zu Rüsselsheim. Huet sech awer och fir d'Mark Opel hei zu Lëtzebuerg interesséiert. 
Published 06/24/24
Kleng an handlech ass e jo mol, de Citroën Ami. Wéi sech de klenge Fransous am Alldag schléit, an ob se da Kolleege gi sinn, dat verréit eis den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp. Well du has d’Éier den Ami an Ami Buggy ze probéieren.
Published 06/20/24