Episodes
Ëm den Toyota Yaris Cross geet et haut am Automag. Dee gouf iwwerschafft fir dass di positiv Verkafszuelen och weiderhi Bestand hunn. De Christian Schmit war op der Presentatioun mat dobäi.
Published 06/10/24
Published 06/10/24
Am Automag vun haut steet mam Mercedes-Benz GLB en éischter kompakten SUV am Mëttelpunkt. Ob de 7-Sëtzer als Familljenauto iwwerzeege kann, huet den Akim Schmit aus der Automag Ekipp probéiert erauszefannen.
Published 06/03/24
Haut am Automag eppes aus der Kategorie Dramauto. E chice neie Cabriolet gouf bei summerlechen Temperaturen op Teneriffa presentéiert. Dat war de Mercedes-Benz CLE, an de Christian Schmit wosst dat ze genéissen.
Published 05/27/24
D'Mark mam Blëtz am Logo, Opel feiert 2024 125 Joer, an erfreet sech am Moment grousser Beléiftheet. A fir dass dat och esou bleift kommme permanent nei Modeller an de Showroom.Elo ass et da geschwënn um Frontera. Wéi e Profil dee wuel huet a genee positionnéiert soll ginn? Alles dat gouf de Christian Schmit op enger Avant-Première zu Rüsselsheim gewuer.
Published 05/20/24
Haut am Automag eng Avant Première. Dat mam Opel Grandland vun der zweeter Generatioun. Een aus der Kategorie SUV. Dat bleift esou, mee soss ass et dach e komplett neie Modell.Fir eis war de Christian Schmit dobäi wéi de Voile eng éischte Kéier gelëft gouf. Salut Christian. 
Published 04/25/24
Zanter 2017 gëtt et an der Gamme vun Hyundai, de Kona. Relativ fréi hat de koreanesche Konstrukteur, nieft de reng thermesche Motoren och eng Hybrid- an och eng Elektroversioun, a sengem Portfolio. Am Automag vun haut schwätze mir iwwer deen neien Kona dee reng elektresch ënnerwee ass. De Rich Simon huet den Auto getest. Rich de Kona am elektreschen ass schonns een alen Hues...
Published 04/18/24
7,6 Millioune mol huet en sech verkaf, de VW Tiguan! Zu Recht kann een do vun engem, grousse Succès schwätzen. Elo start déi drëtt Generatioun vum kompakten SUV an de Paul Origer war fir eis bei der Presentatioun zu Nice dobäi.
Published 03/11/24
Elektro Autoen erbléckst e jo elo ëmmer méi dacks am deegleche Stroosse Verkéier. Kann e sech och elo op d’Rees an d’Ausland mat hinnen trauen, a klappt dat mam Oplueden ënnerwee. Dat fanne mir haut eraus, wëll de Christian Schmit war mam Testauto, dem Volvo C40, op den Tour. Salut Christian. Wou goung d’Rees dann hin?
Published 02/29/24
« Im Kleinen entsteht Grosses » dat ass de Slogan vun eise Noperen am Saarland. A genee dohi geet d’Rees elo am Automag. Beckingen an Überherrn sinn eis Destinatiounen. Well do ass de Rolf Hartge Edel Tuner doheem. De Christian Schmit war dohin invitéiert.
Published 02/15/24
Wëll jo zu Bréissel dëst Joer keen Auto Salon organiséiert gouf, hat de Grupp Stellantis decidéiert seng Nouveautéiten, an den Ausbléck op 2024 op enger anerer Plaz ze weisen.  An hat um Brussels Gate Expo Space a säin "House of Innovations" invitéiert. De Christian Schmit war bis dorober kucke gefuer.  
Published 02/08/24
Am Automag ginn d´Krallen eraus gefuer. Nämlech déi vum Peugeot Léiw. An deem heiten Fall sinn et elektresch Krallen, vum 308. Fir iwwer deen Auto ze schwätzen ass de Rich Simon bei mir. Deen Auto gouf et bis elo net an enger Elktroversioun....
Published 02/01/24
E bëssen an den Hannergrond geroden ass e schonn, den Hybrid. Et ginn awer och Marken déi un em festhalen. Wéi zum Beispill Mercedes-Benz. Si kombinéieren esouguer nach ëmmer den Diesel- mam Elektromotor, den neiste Worf ass déi aktuell C-Klass als C 300 de. De Paul Origer huet e fir eis am Alldag getest.
Published 01/22/24
Volvo huet schonn eng Zäitchen Elektromodeller an der Gamm – allerdéngs baséieren C40 an XC40 nach ëmmer op enger Verbrennerplattform. Mat de Buschtawen EX start elo eng nei Modellrei, déi als reng E-Autoe konzipéiert gouf. Éischte Worf ass den EX30, deen Ufank Juli zu Lëtzebuerg seng statesch Première feieren duerft. De Paul Origer war fir eis deemools mat dobäi.
Published 01/15/24
Subaru - di japanesch Mark hat invitéiert fir der Press de neie Modell Crosstrek ze presentéieren. Wéi nei deen tatsächlech ass, huet de Christian Schmit fir eis eraus fonnt.
Published 01/11/24
Villäicht hu dir elo an der Chrëschtvakanz geplangt, fir deen een oder anere Musée ze besichen. De Rich Simon huet viru kuerzem een Autosmusée entdeckt, deen et absolut derwäert ass eng Kéier kucken ze goen. Nämlech de Mazda Musée zu Augsburg...
Published 12/25/23
Bei der VW Ënnermarque ID gëtt et mam ID. 7 Zouwuess. Den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp huet sech den Topmodell aus der elektrescher Gamme vu VW net just ugekuckt, mee a Südfrankräich fir eis ganz genee ënnert d’Lupp geholl.
Published 12/14/23
Laang ass et hier, dass d'Kolleegen aus der Automag-Redaktioun e Vertrieder vun der amerikanescher Mark Tesla konnte probéieren. Et war 2016, wéi de Pascal Becker am Automag den Tesla Model S 90d an Norweegen op Schnéi an Äis entdecke konnt. 2017 war et dunn de 7-Sëtzer Tesla Model X, deem e sech ugeholl hat... an zanterhier war et roueg ginn wat d’Mark Tesla ugeet, bis op eng Ausnam Andy Brücker?
Published 11/27/23
De Renault Espace steet haut am Mëttelpunkt am Automag. E Modell mat Traditioun, dee jo elo vum Van Segment an dat vum SUV, also Sport Utility Vehicle gewiesselt ass. Trotzdeem kéint e jo awer ëmmer nach zu 7 op d'Rees goe mat him. Ob dat wierklech geléngt? Dat huet de Christian Schmit erausfonnt, a war mat him op e gréisseren Ausfluch.
Published 11/20/23
Kleng a bezuelbar Elektroautoen si bis elo éischter d’Ausnahm. Opel versprécht awer genee dat mam opgefrëschen Opel Corsa Electric. Den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp war mam Corsa Electric ronderëm Rüsselsheim ënnerwee an huet op den éischte Kilometer Andréck gesammelt.
Published 11/13/23
An elo am Automag kréie mir eng Welt Première presentéiert. Dat mam Modell Superb vu Skoda. Op d'Mark Skoda, déi jo zum VW Grupp gehéiert, ass een houfreg an der tcheschecher Republik, an dowéinst gouf déi Welt Première dann och zu Prag zelebréiert.Fir eis war de Christian Schmit mat un d'Stad un der Moldau gereest.
Published 11/09/23
Concept Cars sinn ëmmer eng spannend Saach - engersäits kënnen d’Autosmarken a virun allem hir Designer sech esou richteg goe loossen, anerersäits gëtt et een interessanten Ausbléck op dat, wat iergendwann vläicht emol kënnt. Esou war et och mam Citroën Oli deen zesumme mam Goodyear Eagle Go zu Lëtzebuerg virgestallt gouf. De Paul Origer war fir eis op der Plaz an duerft de Prototyp esouguer emol fueren.
Published 11/06/23
MAC, Museum Art and Cars, dat ass zu Singen an Däitschland. Zwee Muséeën an engem Park mat 4000m2 Expo Fläch op e puer Etagen verdeelt. Eenzegaarteg anescht esou hire Motto, an de Christian Schmit konnt sech fir den Automag heivun iwwerzeegen?
Published 11/02/23
Haut ass et de Renouveau an der Elektromobilitéit bei Nissan. Virun enger Zäitche huet en scho seng Weltpremière gefeiert, a lues a lues gesäit een en dee Modell op eise Stroossen. De Nissan Ariya. Iwwer de Summer war deen och an der Automag Redaktioun ukomm - an de Christian Schmit konnt en elo sou richteg testen.
Published 10/26/23
Op eng Welt Première war den RTL Automag dëser Deeg ageluede ginn. Citröen hat zu Paräis den neien Ë C3 devoiléiert, deen den Accès zum  Elektro Auto fir jidderee kéint erméiglechen. Mat un d'Seine war fir eis de Christian Schmit gereest, a konnt sech mam CEO vu Citroën Thierry Koskas an deem Kontext ënnerhalen.
Published 10/23/23