Episodes
Haut ass et de Renouveau an der Elektromobilitéit bei Nissan. Virun enger Zäitche huet en scho seng Weltpremière gefeiert, a lues a lues gesäit een en dee Modell op eise Stroossen. De Nissan Ariya. Iwwer de Summer war deen och an der Automag Redaktioun ukomm - an de Christian Schmit konnt en elo sou richteg testen.
Published 10/26/23
Op eng Welt Première war den RTL Automag dëser Deeg ageluede ginn. Citröen hat zu Paräis den neien Ë C3 devoiléiert, deen den Accès zum  Elektro Auto fir jidderee kéint erméiglechen. Mat un d'Seine war fir eis de Christian Schmit gereest, a konnt sech mam CEO vu Citroën Thierry Koskas an deem Kontext ënnerhalen.
Published 10/23/23
Haut stellt de Rich Simon eis de neien Mazda MX-30 e-SKYACTIV R-EV vir. An ënnert dem Capot vum Japaner verstoppt sech eng interessant Technik.
Published 10/12/23
Honda steet haut am Mëttelpunkt vum Automag. A wat gëtt et do esou Neies frot dir iech? Mir hunn d'Äntwert. Den ZR-V. Dat ass e vun de neie Modeller an der Honda Gamme, koum elo am September an d'Automag Redaktioun, an de Christian Schmit huet dësen dierfe fueren.
Published 10/09/23
Haut geet et ëm dräi nei Modeller, déi zum Deel schonn zu Lëtzebuerg sinn oder ganz geschwënn bei eis Première feieren. De Paul Origer mat de neien Autoe vu Kia, Polestar a Subaru.
Published 10/05/23
A wa mir dann am Automag emol géifen ofhiewen? Jo dat ass jo scho méi laang en Thema fir de Stau an Zéifloss op de Stroossen ze entgoen. Elo rezent op der IAA Mobility zu München war dat och en Thema, an de Christian Schmit ass mat den Ingenieure vun Auto Flight an d’Gespréich komm.
Published 09/18/23
Haut geet et am Automag an d’Vereenegt Arabesch Emirater. Och no der Weltausstellung ass Dubai eng gefroten Destinatioun, besonnesch fir Business. A wëll de Business do jo gutt dréint ass et och hei e Mekka fir Luxus Carossen a Sportsween. De Christian Schmit war mat engem Lëtzebuerger do ënnerwee, dee permanent tëscht dem Grand-Duché an den Emirater hin an hir pendelt.
Published 09/11/23
Mam Slogan "Reduce to the Max" ass Smart viru 25 Joer lancéiert ginn. Elo am Kader vun der IAA Mobility 2023 zu München gouf deen Anniversaire gefeiert, an och de Renouveau vun der Mark bei eis an Europa. De Christian Schmit war fir eis mat dobäi.
Published 09/07/23
Am Automag vun haut komme mer op eng Mark ze schwätzen, déi et nach net laang gëtt, ma déi een awer ëmmer méi dacks op eise Stroosse begéint. Als eent vun den éischte Länner huet Lëtzebuerg de Privileeg kritt, de Polestar 3 schonn am Showroom auszestellen, wat dem Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun dann och d’Geleeënheet ginn hat, mat der Lies Eeckman, General Manager vu Polestar Belux ze schwätzen. 
Published 09/04/23
Am Automag vun haut schwätze mir iwwer een Auto deen, wou en eraus komm ass, relativ vill Kriticken huet mussen astiechen. Elo kennt ee Facelift. Ech schwätzen vum VW ID3. De Rich Simon aus der Automag Redaktioun ass bei mir. Firwat goufen et Kriticken wou den ID 3 lancéiert gouf?
Published 08/28/23
Vläicht sidd dir jo dëse Summer am Elsass, oder Richtung Schwäiz ënnerwee, dann hätte mir do eppes fir iech. De gréissten Auto Musée an Europa, an dat zu Mulhouse. D’Collection Schlumpf, dat sinn iwer 400 Oldtimer aus verschiddenen Epochen, a ganz besonnesch rar Exemplaire vu Bugatti. De Christian Schmit war do op Besuch.
Published 08/17/23
ALPINA, eng Mark déi a ganz klenge Stéck Zuelen Autoen zesaummesetzt. Dat zu Buchloe am Allgäu. All Joer invitéiere si op e Presse Event. Déi Kéier war dat um Circuit zu Zandvoort an Holland. De Christian Schmit war fir eis mat dobäi, an et war eng Renconter mat Nouveautéiten a Klassiker.
Published 07/31/23
E Bestseller haut am Automag. Frësch vum Stylist coifféiert ginn, a soll elo prett sinn fir et weiderhi mam Léiw vun der franséischer Konkurrenz opzehuelen. De Renault Clio a senger 5. Generatioun krut e Facelift, an de Christian Schmit war op der Presentatioun mat dobäi.
Published 07/20/23
Louis de Funès: 40 Joer sinn et elo schonn hir dass de franséische Komiker eis verlooss huet, mee seng Filmer bleiwen onvergiesslech. An och di Autoen déi an deene Film Produktiounen eng Roll gespillt hunn. Zu Mulhouse an der Collection Schlumpf, deem gréissten Auto-Musée an Europa, do kann een déi elo an enger interessanter Expo zu deem Thema gesinn. De Christian Schmit huet sech déi am Elsass ugekuckt, an di passend Film Musek leeft do och.  
Published 07/17/23
Mazda war, wat Motoren ubelaangt, nach ëmmer ee klenge Rebell. Sief et de Wankelmotor, deen nach emol am RX-7 an RX-8 opliewen duerft oder den Anti-Downsizing-Programm a Form vu grousse Motoren an héigher Kompressioun. Elo lancéiert Mazda an hirem Flaggschëff CX-60 mol ee fonkelneien Dieselmotor – dir hutt richteg héieren! A wat deen alles kann, huet de Paul Origer fir eis getest.
Published 07/13/23
75 Joer LOSCH Lëtzebuerg goufen dëser Deeg gefeiert. Dat an der LUXEXPO / THE BOX heiuewen am Kirchbierg. Eng Zäitrees vum Passé eriwwer an Zukunft gouf et do ze gesinn, a fir eis hat de Christian Schmit dierfe gratuléieren.
Published 07/10/23
Haut hu mir am Automag 1108 PS ze bidden, verdeelt op nëmmen 2 Autoen. Eemol voll elektresch an eemol mat Plug-In Hybrid Technik. Et sinn dat d'BMWen i7 an XM. BMW hat op eng Randonnée laanscht Musel a Saar invitéiert, a fir eis souz de Christian Schmit hannert dem Volant.
Published 06/29/23
Am Automag vun haut geet et vun der Strooss eraus op den Terrain: Bulli, Schotter, Waasser. Alles dat passt bei deen Auto deen eis de Rich Simon haut virstellt, Nämlech de Ford Bronco. Rich hunn ech dat elo schonns alles bësse richteg resuméiert?
Published 06/22/23
Mam BMW 330E huet den dätsche Constructeur eng Limousine am Programm, déi Fuerspaass a Spuersamkeet ënnert een Hutt brénge wëll. Ob dat klappt huet den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp fir eis probéiert erauszefannen.
Published 06/19/23
Mat engem feine LEXUS si mir haut am Automag ënnerwee. An zwar mam Modell RX 450h+. Wéi vill Luxus sech am LEXUS wuel verstoppt,  a wéi sech deen Testauto am Alldag bewäert huet, dat huet de Christian Schmit um Volant erfausfonnt.
Published 06/12/23
Tonale, dat ass e Pass an den italieeneschen Alpen. An esou heescht och elo e neien Alfa Romeo. Nei kann een hei wierklech betounen, well et ass säit laangem emol erëm eng Kéier de Fall. An da gläich nach eng Nouveautéit, wëll et ass deen éischten Alfa mat Stécker. De Christian Schmit huet di Hybrid Versioun dierfe fueren.  
Published 06/05/23
Am Kader vun der WEC Course zu Spa-Francorchamps hat Peugeot op eng Pressekonferenz invitéiert. Mat dobäi d'CEO vu Peugeot Linda Jackson, an, de Formel E Weltmeeschter Stoffel Vandoorne.De Christian Schmit hat di 2 fir Iech virum Mikro.
Published 05/11/23
Haut gëtt et am Automag en Ausfluch an d’Ardennen. Do ginn et net nëmmen Fiiss a Wëllschwäin an de Bëscher, neen och zwee Léiwen hunn do leschte Weekend gebrëllt. Dat waren déi vu Peugeot Sport zu Francorchamps um Circuit am Kader vun der 6 Stonnen Endurance Course WEC. De Christian Schmit hat d’Invitatioun an d’belsch Ardennen ugeholl fir hiren Hypercar kennen ze léieren. 
Published 05/08/23
Wann een un déck amerikanesch 4x4 denkt, kënnt engem d’Mark Jeep wuel als éischt an de Sënn. Abee, d’Zäiten ännere sech: mam Avenger huet den amerikaneschen Hiersteller elo säin éischten voll elektreschen SUV am Programm. Den Akim Schmit aus der Automag Ekipp mat den Detailer.
Published 05/04/23
Am Automag vun haut presentéiere mir iech een Auto, deen awer réischt dat nächste Joer eraus kennt. Nämlech de CUPRA Tavascan. Fir dat ze maachen ass de Rich Simon bei mir am Studio...Ir mir op den Auto konkret ze schwätze kommen, wou kennt deen Numm "Tavascan" hier?
Published 05/01/23