26. Am Kräizverhéier: d'Schrëftstellerin Fabienne Faust, 18/02/2024
Listen now
Description
De Jérôme an d'Bea ënnerhalen sech mat hir iwwer hirt neit Buch "Die Häuser von drüben",e Band mat Kuerzgeschichten op Däitsch. D'Fabienne Faust huet sech bis elo éischter en Numm als Lyrikerin gemaach, an dat a verschiddene Sproochen. Mat "Tu veux danser" (éditions Phi 2014) oder "Hier - ein Fehlen" (éditions Phi 2020) huet si sech an der Poesie-Zeen zu Lëtzebuerg etabléiert. Weider ervirzesträichen ass zum Beispill nach hir Mataarbecht um Sammelband "High Five" (Black Fountain Press 2019) zu dem si Gedichter op Englesch bäigesteiert huet. Mat hirem neitste Buch "Die Häuser von drüben" geet si op en neie Wee, et ass e Band mat Kuerzgeschichten op Däitsch. Am Interview mam Jérôme Jaminet a mam Bea Kneip erzielt si, wat si dozou inspiréiert huet, a firwat de Bléck aus der Fënster an op "Die Häuser von drüben" fir si esou wichteg ass. "Die Häuser von drüben" vun der Fabienne Faust ass bei den éditions Phi erauskomm D'Kuerzgeschicht "Summer Flakes" vun der Fabienne Faust ass am Recueil "Solarpunk" enthalen, erauskomm bei "Aner Welten"
More Episodes
An hirer Weltbibliothéik waren de Jérôme an d'Bea schon a Mëttelamerika, a Kanada oder am Myanmar. Haut geet d'Rees awer net ganz esou wäit! Ënnert dem Motto „Alles außer flach“ waren Holland a Flandern dëst Joer Gaaschtland op der Leipziger Buchmesse. Grond genuch fir eis zwee BicherLieser...
Published 04/29/24
Published 04/29/24
2023 war Slowenien Gaaschtland op der Frankfurter Buchmesse. De Jérôme an d'Bea hu sech an déi slowenesch Literatur eragelies "A Honeycomb of Words" oder "Waben der Worte" dat war de Motto vun der slowenescher Präsenz zu Frankfurt. An hirer Präsentatioun erklären d'Organisateuren dat esou:"So...
Published 12/14/23