Episodes
An hirer Weltbibliothéik waren de Jérôme an d'Bea schon a Mëttelamerika, a Kanada oder am Myanmar. Haut geet d'Rees awer net ganz esou wäit! Ënnert dem Motto „Alles außer flach“ waren Holland a Flandern dëst Joer Gaaschtland op der Leipziger Buchmesse. Grond genuch fir eis zwee BicherLieser sech mat der Literatur aus Benelux auserneenzesetzen! A si waren hellop begeeschtert. Net nëmme Klassiker wéi de Cees Noteboom oder de Jeroen Brouwers hunn et hinnen ugedoen, mä och zäitgenëssesch...
Published 04/29/24
Published 04/29/24
De Jérôme an d'Bea ënnerhalen sech mat hir iwwer hirt neit Buch "Die Häuser von drüben",e Band mat Kuerzgeschichten op Däitsch. D'Fabienne Faust huet sech bis elo éischter en Numm als Lyrikerin gemaach, an dat a verschiddene Sproochen. Mat "Tu veux danser" (éditions Phi 2014) oder "Hier - ein Fehlen" (éditions Phi 2020) huet si sech an der Poesie-Zeen zu Lëtzebuerg etabléiert. Weider ervirzesträichen ass zum Beispill nach hir Mataarbecht um Sammelband "High Five" (Black Fountain Press...
Published 02/18/24
2023 war Slowenien Gaaschtland op der Frankfurter Buchmesse. De Jérôme an d'Bea hu sech an déi slowenesch Literatur eragelies "A Honeycomb of Words" oder "Waben der Worte" dat war de Motto vun der slowenescher Präsenz zu Frankfurt. An hirer Präsentatioun erklären d'Organisateuren dat esou:"So wie de Bienen - angesichts ihrer Größe- unermesslich weit in die Welt hinausfliegen, um mit einem Tropfen Nektar und einem Pollenkorn heimzukehren, so kamen auch verschiedene kulturelle, künstlerische...
Published 12/14/23
Mat "Nuebelschnéier" huet de Jean Back e ganz perséinlechen Erzielband erausbruecht. "Nuebelschnéier", dat sinn zwou Kuerzgeschichten an e Kapitel mat Textfragmenter déi op den éischte Bléck näischt mateneen ze dinn hunn, déi awer all iergendwéi zesummenhänken. "De Firmi" gëtt aus der Siicht vun engem klenge Jong erzielt, deen an enger Psychiatrie ass, well e vu senger Mamm mësshandelt gouf. Trotzdeem wënscht en sech näischt méi wéi nees bei si ze kommen. "De wäissen Tiger" spillt an...
Published 10/24/23
Méi wéi Stéierkampf a Sangria: De Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip maachen en Tour iwwer déi iberesch Hallefinsel Iwwer dës Bicher gëtt am Podcast geschwat: "Tage ohne Cecilia" Antonio Muñoz Molina "Die Mauersegler" Fernando Aramburu "Die Reise nach Ordesa" Manuel Vilas "Mein Herz so weiß" Javier Marías "Mitten im Sommer" Ana Iris Simón "Geliebte und Feinde" Rosa Montero "Das Schweigen des Sammlers" Jaume Cabré "Singe ich, tanzen die Berge" Irene Solà "Juan Belmonte. Stiertöter"...
Published 09/20/23
A sengem neie Gedichtband "Das Karussell von Odessa" beschäftegt de Pit Hoerold sech mam Krich an der Ukraine. D'Situatioun tëscht der Ukraine a Russland hat hie scho laang virum 24ste Februar 2022 am Bléck. Wéi de Krich dunn ausgebrach ass, war et dem gebiertege Beetebuerger wichteg, sech och literaresch domat ausenaner ze setzen. De Pit Hoerold ass net nëmme Lyriker, mä och Museker, Auteur vu Kannerbicher, an hien ass ee vun de Pappen vum Prix Laurence, bei dem all Joers jonk...
Published 07/20/23
Si huet 15 Bicher verëffentlecht, 1997 krut si de Servais-Präis an elo de Batty-Weber-Präis D'Margret Steckel, déi 1934 a Mecklenburg gebuer ass, 1955 d'DDR verlooss huet, an zënter 1983 zu Lëtzebuerg lieft, verschafft an hiere Bicher déi ënnerschiddlechst Themen. Vum Polit-Skandal iwwer Kandheetserënnerungen bis zu engem grousse Roman iwwer d'Famill Servais. Si huet villes z'erzielen an si mécht dat esou spannend dass de Jérôme an d'Bea doriwwer bal d'Zäit vergiessen! Iwwer dës Bicher...
Published 06/03/23
Eisterräich ass dëst Joer Gaaschtland op der Leipziger Buchmesse vum 27sten bis den 30sten Abrëll. Grond genuch fir eis RTL-BicherLieser Jérôme Jaminet a Bea Kneip fir sech mat der Literatur aus der Alperepublik ze beschäftegen! De Jérôme huet sech souguer druginn, fir de Motto vun der éisterräichescher Präsenz zu Leipzig op déi richteg éisterräichesch Manéier auszeschwätzen. "meaoiswiamia", dat ass guer net esou einfach! Wat sech hannert dem Motto verstoppt, wéi et dem Verlagswiesen an...
Published 04/22/23
Dem Volker Kutscher seng Krimiserie ass d'Romanvirlag fir d'ARD Kultserie "Babylon Berlin" Zënter 2017 leeft d'Krimi-Serie Babylon Berlin op der ARD an ass mëttelweil scho richteg Kult ginn. D'Tele-Serie baséiert op de Romaner vum Volker Kutscher. De Kommissar Gereon Rath léist am Berlin vun den 1920er an 1930er Joren Mordfäll op. Mat "Transatlantik" ass viru kuerzem den 9te Band vun der Serie erauskomm, an den Auteur Volker Kutscher ass en Dënschdeg 7te Februar 2023 an der Cité...
Published 02/02/23
De Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip ënnerhalen sech mam Roland Meyer, Anja Di Bartolomeo a Claudine Muno Jugendbicher ginn der hei zu Lëtzebuerg net vill geschriwwen. Wann der an enger Saison 3 beieneen erauskommen, ass et also sécher derwäert, fir déi Bicher an hir Auteure virzestellen! Am neitsten Episode vum literaresche Podcast RTL BicherLies ënnerhalen de Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip sech mam Roland Meyer, mam Anja Di Bartolomeo a mam Claudine Muno. Hir Bicher schwätze ganz...
Published 12/30/22
D'Schrëftstellerin an Actrice schwätzt iwwer hiert Buch "To LIVE heißt Leben und LIEBE heißt Love" Hiert neit Buch "To LIVE heißt Leben und LIEBE heißt Love" ass e Gesamtkonschtwierk an dem d'Fabienne Hollwege nieft Gedichter a Prosatexter och mat Zeechnungen, Fotoen a Collagë schafft. A mat Musek, well et läit och eng CD mat eegene Lidder a vertounte Gedichter dobäi. Am Interview verréit d'Fabienne Hollwege wéi si hir Lieweserfahrung als Fra, Mamm a Kënschtlerin am Buch verschafft huet,...
Published 11/27/22
An dëser Episod vun der RTL BicherLies schwätzen de Jérôme an d'Bea iwwer Bicher vun ukraineschen Auteur(innen) Et ass derwäert, sech an déi ukrainesch Literatur eranzeliesen! Dat ass de Fazit vum Jérôme Jaminet a vum Bea Kneip, nodeems si sech mat de Wierker vun engem Serhij Zhadan, Tanja Maljartschuk oder Andrej Kurkow beschäftegt hunn. An op der Frankfurter Buchmesse konnten si suguer en Interview mam Andrej Kurkow, dem Auteur vu "Graue Bienen", a ganz rezent op Däitsch iwwersat,...
Published 10/29/22
Dës Gespréichsronn déi den 2te Mee 2022 am Kader vum Beetebuerger Litera-Tour opgezeechent gouf, beschäftegt sech mam Thema kënschtlech Intelligenz. Kënschtlech Intelligenz ass eent vun de groussen Theme vun eiser Zäit. Eng generell kënschtlech Intelligenz oder mënschenähnlech Roboteren wéi se dacks am Film oder an der Literatur beschriwwe ginn, si wuel nach Zukunftsmusek, mä Algorithmen verstoppen sech bal an all Eck vun eisem deegleche Liewen. An engem fréieren Episode vun eiser RTL...
Published 09/08/22
Ausgangs Juni waren zu Klagenfurt an Eisterräich déi 46st "Tage der deutschsprachigen Literatur". Den RTL-Bicher-Lieser Jérôme Jaminet war dobäi. 14 Schrëftsteller a Schrëftstellerinne waren invitéiert fir aus hiren Texter ze liesen, an der Hoffnung dee mat 25000€ dotéierten Ingeborg-Bachmann-Präis ze gewannen. Wien den Haaptpräis gewonnen huet a wéi eng Texter mat engem vun deenen anere Präisser belount goufen, doriwwer ënnerhalen sech de Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip an der neister...
Published 07/11/22
An hirem Podcast RTL BicherLies verrooden de Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip, wien den 13te Juni op dem legendäre bloe Canapé Plaz huelen däerf. Wie schon emol zu Frankfurt oder Leipzig op der Buchmesse war, konnt dat Miwwelstéck net iwwersinn: Das blaue Sofa. Op dem bloe Canapé hunn a méi wéi 20 Joer méi wéi 3000 Schrëftsteller a Schrëftstellerinne Plaz geholl, dorënner vill Nobelpräislaureaten an aner bekannte Perséinlechkeeten. Den nächste Méindeg gëtt dat legendäert Miwwel fir een Owend...
Published 06/08/22
An dëser Episode beschäftegen de Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip sech mam Wierk vum Abdulrazak Gurnah, dem Gewënner vum Literatur Nobelpräis 2021 Den Abdulrazak Gurnah, 1948 am Sultanat Sansibar gebuer, lieft a schafft zënter de 60er Joren a Groussbritannien. Hien ass Professer fir englesch a postkolonial Literatur un der University of Kent. 2021 gouf him den Nobelpräis fir Literatur zouerkannt. Seng Wierker waren zu dem Zäitpunkt nach net all op Däitsch iwwersat, an déi déi schonn iwwersat...
Published 03/30/22
Méi wéi 7000 Inselen an iwwer 100 Milliounen Awunner, dat sinn d'Philippinnen. D'Bevëlkerung setzt sech aus ville verschiddenen Ethnien zesummen, an et ginn e sëlleche Sprooche geschwat. Déi geographesch Distanz vu ronn 10.000 Kilometer iwwerbrécken eis RTL Bicher-Lieser Jérôme Jaminet a Bea Kneip wéi gewinnt, mat Hëllef vun der Literatur. Dofir hu si sech net nëmmen a Bicher vun de Philippinne verdéiwt, mä si hu sech och mat Experten ënnerhalen, deenen si um philippinesche Stand op der...
Published 02/27/22
An der «RTL BicherLies» hunn de Jérôme Jaminet an d’Bea Kneip dës Kéier déi jonk Schrëftstellerin a Servais-Laureatin vun 2017, Nora Wagener op Besuch. Si ënnerhalen sech, dës Kéier am virtuelle Studio, mat hir iwwer hiren neie Kuerzgeschichteband «Was habe ich verpasst» dee bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm ass. No engem Ausfluch an d’Welt vum Roman leet d’Nora Wagener mat hirem neie Buch «Was habe ich verpasst» nees eng Sammlung vun 12 Kuerzgeschichte vir, an deenen...
Published 01/29/22
2020 huet si de Concours Littéraire gewonnen, 2021 krut si de Prix Servais. De Jérome Jaminet an d'Bea Kneip huelen d'Ulrike Bail an d'Kräizverhéier. Gëtt haut iwwerhaapt nach Poesie gelies? A wéi soll een als Lieser un e Gedichtband erugoen? Doriwwer ënnerhalen sech de Jérôme an d'Bea mat der Lyrikerin a Servais-Laureatin Ulrike Bail. Ausserdeem schwätze si iwwert den neie Gedichtband "statt einer ankunft" (mam Manuskript vun dësem Gedichtband huet d'Ulrike Bail 2020 den nationale...
Published 12/06/21
Am Interview: De KI-Expert Maxime Allard an de Journalist a Schrëftsteller Dietmar Dath Roboteren a kënschtlech Intelligenzen si scho laang en Thema a Filmer a Bicher. De Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip setzen sech an der neitster Episode vun der RTL BicherLies mat zwee rezente Bicher zu dem Thema auserneen an diskutéiere mam Schrëftsteller a Journalist Dietmar Dath. A si loosse sech vun engem Expert erklären wéi realistesch esou Duerstellunge sinn. Iwwer dës Bicher gëtt diskutéiert: Kazuo...
Published 10/30/21
7. Am Kräizverhéier: De Francis Kirps De Francis Kirps huet 2020 fir säin Erzielband "Die Mutationen" direkt 2 wichteg Literaturpräisser gewonnen: De Servais-Präis, mä och den europäesche Literaturpräis EUPL. An der RTL BicherLies geet et awer ëm säin neiststent Buch. "Eber im Nebel - von Tieren und anderen Verwandten" sou de kompletten Titel. An do geet et ëm politesch engagéiert Dinosaurier, ugrëffeg Villercher, mutéiert Mais a kultivéiert Insekten. Dernieft kënnt och eng Galapagos...
Published 09/16/21
Science Fiction ass d'Thema vum neisten Episode vun eisem Podcast "RTL BicherLies". De Luc François schwätzt iwwer säin neie Roman "Ikaria" "Ikaria" ass net nëmmen e Roman, mä oc e Concept-Album vun der Band Mindpatrol. De Sänger vu Mindpatrol, de Luc François, huet net fir d'éischt e "Roman zum Album" geschriwwen. Och bei sengem vireschte Roman "Vulture City" gëtt et en Album vu Mindpatrol. Net nëmmen dat, mä "Vulture City" an Ikaria" hänken och thematesch zesummen. Wat dat bedeit,...
Published 08/04/21
5. En neie Berlin-Roman mam Titel "Arbeit" a Literatur aus dem Québec De Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip huelen Iech nees mat op d'Rees. Dës Kéier geet et no engem Tëschestopp zu Berlin weider iwwert de grousse Pull a Kanada. Als "Buch vun der Stonn" hunn de Jérôme an d'Bea de Roman "Arbeit" vum Thorsten Nagelschmidt erausgesicht, den an enger Mäerz-Nuecht zu Berlin spillt. An hirer "Weltbibliothéik" zitt et si dës Kéier a Kanada, méi genee an de franséischsproochegen Deel, also de Québec....
Published 06/27/21
4. Am Kräizverhéier: D'Schrëftstellerin Nathalie Ronvaux
Published 05/11/21