Description
Wann d’Mier sech zréckzitt, hannerléisst et allerhand Planzen a Gedéiesch. Ass dodrënner awer och eng Läich, dann ass mat Sécherheet iergendeppes faul. Am Krimi « Gezeitenmord » vum däneschen Auteur Dennis Jürgensen ass dat de Fall. Gläichzäiteg ass dat och deen éischte Fall fir dat dänescht-däitsch Ermëttlerduo Teit a Lehmann. Ob dës éischt Kollaboratioun och nach anerer no sech zéie soll, seet eis elo de Lucien Czuga.