Episodes
Direkt 2 nei Episoden vun eisem literaresche Podcast "Lecture vun heiheem" sinn elo online.
Published 03/12/23
Published 02/15/23
Et mussen net ëmmer Romaner vu 500 Säite sinn! Am neisten Episod vun eisem literaresche Podcast "Lecture vun heiheem" geet et ëm 5 ultrakuerz Bicher. 
Published 02/15/23
Am neisten Episode vun eisem literaresche Podcast “Lecture vun heiheem” beschäftegt sech d’Bea Kneip mat “Bug”, engem Roman iwwer kënschtlech Intelligenz. 
Published 01/22/23
Et ass schonn e speziellt Buch, dat mer Iech haut als lescht presentéieren, well et ass keen neit Buch, mee e Klassiker aus der Kannerbuchliteratur. Zu de bekannten Auteuren an deem Beräich gehéiert den Auteur Roald Dahl, dee vrun allem duerch säi ganz speziellen Humor a seng géckeg Iddie bei groussen a klenge Lieser beléift ass. Eng Rei vu senge Geschichten haten och Succès als Film, dozou gehéiert och "Matilda", dat elo nei erauskomm ass.
Published 12/27/22
An den nächste Minutten tauche mir an e mageschen Universum an! «Dark Sigils-was die Magie verlangt», dat ass den Titel vum éischten Deel vun enger neier Fantasy-Trilogie vun der däitscher Autorin Anna Benning. D’Bea Kneip huet sech verzaubere gelooss.
Published 12/20/22
De Schnéi huet sech dëst Joer bis elo réischt ganz douce gewisen. Virun allem déi lescht Deeg si vereenzelt Flacke vum Himmel gefall. Ma dorëms geet et dann och an eisem Buch vun der Woch: Ëm Schnéi. Oder besser gesot, dat ass den Titel vum Thriller "Schnee" vun der islännescher Schrëftstellerin Yrsa Sigurðardóttir.
Published 12/13/22
Hutt dir iech schonn eng Kéier gefrot, wéi d’Clan-Kriminalitéit an Däitschland opgebaut ass ? Oder wat mat ville vun deenen 170 000 anticke Konschtwierker aus dem Nationalmusée zu Bagdad geschitt ass, déi 2003 nom Amarsch vun den Amerikaner geklaut goufen ? Am Lukas Erler sengem Krimi a Politthriller « Das letzte Grab » fënnt de Lieser ënner anerem Äntwerten op déi Froen. De Lucien Czuga huet de Roman gelies.
Published 12/06/22
Eng wéineg bekannten Episod aus dem 2. Weltkrich, e Mord an engem Hotel zu Bonn an e mysteriéist Bild vum Picasso, dat a Südfrankräich nees optaucht : dat sinn ënner anerem d’Ingrédienten vum Andreas Storm sengem éischte Krimi ronderëm de Konschtexpert Lennard Lomberg ''Das 9. Gemälde''. De Lucien Czuga huet et gelies.
Published 11/29/22
D'Erwaardunge fir eist Buch vun dëser Woch si grouss: De Barack Obama huet et scho gelies. Et ass fir divers Präisser nominéiert ginn a gouf ënner anerem vun der New York Times zu engem vun de beschte Bicher 2020 ernannt. "Haie in Zeiten von Erlösern" ass den Debütroman vun engem Hawaiieneschen Auteur, dem Kawai Strong Washburn. An hëlt de Lieser mat op déi Hawaiianesch Insel a seng Natur, seng Legenden a seng Probleemer.
Published 11/22/22
Wärend Lëtzebuerg am Niwwel läit, erlabe Bicher eis Reesen an aner Länner. „Simόn“ vum Miqui Otero hëlt eis mat op Barcelona. Erzielt gëtt d´Geschicht vun engem jonke Mann, deen Héichten a Déiften duerchlieft an dobäi och ëmmer nees d´Realitéit vu senger Heemecht erëmspigelt. Barcelona ass nämlech net nëmmen eng wonnerschéi Stad - nee och hei ginn et vill Erausfuerderungen Tiffany Saska.
Published 11/15/22
An Ägypten trëfft sech d´Welt grad, fir iwwert d´Klimakris ze beroden. Do passt eist Buch vun der Woch ganz gutt an d´Thematik. „Der Anfang von morgen“ vum Jens Liljestrand thematiséiert déi sëllege Bëschbränn, déi ëmmer méi zum Alldag an Europa, mee och soss an der Welt ginn. Vun engem Dag op den anere ka sech d´Liewe fir ëmmer veränneren, mee wéi ginn d´Mënsche mat dësen Naturkatastrophen ëm? D'Tiffany Saska mam Buch vun der Woch.
Published 11/08/22
Wien huet sech an de leschten Deeg net iwwert di héich Temperature gewonnert. De Klimawandel huet eis fest am Grëff. E Sujet, dem sech och d’Journalistin a Schrëftstellerin Pernilla Ericson verschriwwen huet a dëst an hirem Kriminalroman „Im Feuer“ verschafft. E Roman tëscht spannender Fiktioun a brutaler Realitéit Tiffany Saska.
Published 11/01/22
Mir proposéieren iech haut als Buch vun der Woch, den neie Roman "Das Glück auf der letzten Seite" vun der franséischer Schrëftstellerin Cathy Bonidan. E Feel-Good-Buch, eng spannend Sich, no engem Auteur, a fir déi déi d'Bicher gären hunn, ass et eng Aart Libeserklärung un d'Liesen.
Published 10/25/22
2011 krut de franséischen Auteur a Journalist Simon Liberati de Prix Femina fir säi Roman "Jayne Mansfield 1967". Doranner huet e sech mat der amerikanescher Actrice a Sexsymbol beschäftegt, déi ganz jonk bei engem trageschen Autosaccident 1967 ëm d'Liewe koum. A sengem neie Roman hëlt de Simon Liberati eis nees mat an d'1960er Joren an déi Kéier bei aner Superstaren: d'Rolling Stones. "Performance" ass d'Buch vun der Woch an d'Christiane Kremer huet et gelies.
Published 10/18/22
Wann engem säin absolutten Dram e beemol platzt, fir deen een alles gemaach huet fir deen z’erreechen, a wéi et engem duerno ka goen, beschreift zu engem gudden Deel ëm wat et am Debütroman vun der Mariko Turk aus Colorado geet. Si gëtt op der Uni Course fir kreatiivt Schreiwen a Rhetorik. «So federleicht wie meine Träume» op English “The other side of perfect” ass den Titel vun dësem Buch. D’Sandra Mélan huet et gelies.
Published 10/11/22
D’Stéphanie des Horts ass eng franséisch Schrëftstellerin déi englesch Literatur studéiert huet. Deemno ass et keng Surprise dass hir Romaner sech haaptsächlech op ikonesch Fraen aus England an Amerika konzentréieren. De Star vun hirem rezentste Roman ass d’Doris Delevigne, déi London an den 20er an 30er Joren onsécher gemaach huet. D’Valeria Wiwinius huet d’Buch gelies.
Published 10/04/22
De Lincoln Highway war déi éischt Strooss, déi duerch ganz Amerika, vun der Westküst bis op d’Ostküst, gaangen ass. An sengem neie Roman “Lincoln Highway,” hellt den amerikaneschen Auteur Amor Towles de Lieser mat op dëse Roadtrip. Eng richteg Aventure, Julie Mathes.
Published 09/27/22
D‘Sybille Vincendon ass eigentlech bekannt als Journalistin vun der franséischer Dageszeitung Libération. Mee si huet och scho Bicher publizéiert. Eist Buch vun der Woch ass hiren neiste Roman. D’Tiffany Saska huet d‘Buch "Trois Alexandrines" fir eis gelies.
Published 09/20/22
E Buch iwwer Persounen, déi wierklech gelieft hunn, muss net onbedéngt eng reng Biographie sinn. De Schwäizer Auteur Alex Capus huet sech als Virlag fir säin neie Roman eng Fra gesicht, déi mam Kënschtlernumm Caroline Weldon an den USA als Molerin vum berüümten Häuptling « Sitting Bull » bekannt war. Als jonkt Meedchen war se mat hirer Mamm Mëtt vum 19te Joerhonnert aus der Schwäiz an d’USA op New York ausgewandert. D’Christiane Kremer huet d’Buch gelies.
Published 09/13/22
Wie schonn eng Kéier zu Venedeg war, huet bestëmmt vun do onvergiesslech Andréck matbruecht. Ob eng Hochzäitsrees, e Weekend-Trip oder den Depart oder d’Arrivée mam Croisièresschëff, dëst si fir den Tourist fantastesch Momenter, si sinn awer och eng Menace fir d’Erhale vun dëser eenzegaarteger Stad. Mat hirem neie Buch « Le naufrage de Venise» wëll d’Isabelle Autissier eis dëst an Erënnerung ruffen an och viru weidere Gefore warnen. Ob dat hier geléngt seet eis elo de Lucien Czuga.
Published 09/06/22
D'Tove Alsterdal ass eng schweedesch Autorin, déi schonn zënter enger Rei vu Joren am skandinavesche Raum bekannt a beléift ass. Si ass a ville Genren doheem, huet an de 2000er en Kabaret-Theater geleet, Manuskripter fir Filmer an Theater verfaasst, bis si dunn 2009 hiren éischten Thriller erausbruecht huet. 2020 ass STURMROT a Skandinavien an d'Buttiker komm, den éischten Deel vun enger Trilogie, mat där d'Tove Alsterdal mam schweedesche Krimipräis ausgezeechent gouf. D'Manon Bercker...
Published 08/30/22
Wien et wochelaang op der Bestseller-Lëscht vun der New York Times aushält a bei Kritik a Lieser gläich gutt ukënnt, deen huet mat sengem Roman wuel e gudden Nerv geroden. De Fall ass dat fir déi amerikanesch Schrëftstellerin Rebecca Serle, déi mat "In five Years" grousse Succès hat. D'Buch ass och elo an der däitscher Iwwersetzung erauskomm, Christiane Kremer.
Published 08/23/22
Net méi schaffe mussen goen an d‘Liewen genéissen. Dolce far niente. Dorëms geet et net an „Freiheit für alle – Das Ende der Arbeit wie wir sie kannten“. De Philosoph Richard David Precht beschreift a sengem neie Wierk d‘Transformatioun vun der Aarbechtsgesellschaft. An Zukunft wäert d‘Aarbecht net méi just do sinn fir d‘Paie um Enn vum Mount, mä se wäert am Idealfall mat Sënn erfëllt sinn, esou den Auteur. An dee Wiessel hätt schonn ugefaangen. Pierre Jans.
Published 08/16/22
Ëm e Buch iwwer Bicher, besser gesot, iwwert d’Geschicht vum Buch an de leschten 3000 Joer, geet et an den nächste Minutten. «Papyrus – Die Geschichte der Welt in Büchern» vun der spuenescher Philologin Irene Vallejo ass eist Buch vun der Woch. D’Bea Kneip huet d’Detailer.
Published 08/09/22