Episodes
D’Kate Spencer ass eng vun de Presentatrice vum Podcast «Forever 35» an den USA. Si schreift ënner anerem fir InStyle, Washington Post, Rolling Stone a Cosmopolitan. Nodeems si d’Erzielung mat autobiographeschen Elementer “The Dead Moms Club” geschriwwen hat, huet si sech lo un hiren éischte Roman erugewot,"Zwei Herzen unter acht Millionen". Dofir huet si sech duerch hir Faszinatioun vun der Stad New York an de klasseschen, romantesche Komedien aus den 80er Joren inspiréiere gelooss. Wat...
Published 08/02/22
Ass eng Frëndschaft tëschent engem 17 Joer allen Teenager an enger eelerer Bomi realistesch? Jo dat ass se, an di zwee Haaptprotagonisten aus eisem Buch vun der Woch sinn de beschte Beweis dofir. "Die Hundert Jahre von Lenni und Margot" ass eng Geschicht iwwert d´Liewe mat all sengen Héichten an Déiften. D'Tiffany Saska huet d'Buch fir eis gelies.
Published 07/26/22
Kënnt de « Fluch 416 » vun L.A. op New York u säin Zil oder léisst säi Pilot en eroffalen, well hien erpresst gëtt ? Dat ass d’Fro ëm déi et am «Flug 416», dem éischten Thriller vun der Ex-Stewardess T.J. Newman, geet. Ob déi hiren neien Job als Auteurin grad esou gutt mécht wéi deemools als Flugbegleederin, verréit Iech de Lucien Czuga.
Published 07/19/22
An hunn der d'Vakanz schonn an der Nues? Hu der eppes extraes geplangt oder erhuelt der iech léiwer mat engem gudden Buch? Ma dann ass dat nächst vläicht är Summerlektüre? Eist Buch vun der Woch ass dës Kéier "Ein französischer Sommer". En Debütroman vun enger brittescher Schrëftstellerin an d'Lea Schwartz huet et gelies.
Published 07/12/22
2005 huet Gisa Klönne hiren éischte Krimi erausbruecht. Aus deem enge Buch ass an der Tëschenzäit eng Serie mat 6 Bänner ginn an d’Gisa Klönne huet sech fest an der däitschsproocheger Krimi-Szeen etabléiert. Ma och soss huet déi fréier Journalistin eng ganz Rëtsch Texter a Romaner verfaasst. Hire leschte Roman heescht „Für diesen Sommer“ an thematiséiert e Generatiounskonflikt unhand vun engem Papp a senger Duechter. D'Valeria Wiwinius huet d'Buch gelies.
Published 07/05/22
A.M. Ollikainen steet fir den Aki an d’Milla Ollikainen. Si si bestuet, hunn 2 Kanner a wunnen am Süden vu Finnland. Si hunn allebéid schonn dräi Romaner geschriwwen an hunn och scho Präisser gewonnen. D’Koppel huet lo zesummen den éischte Roman vun enger Serie vu 5 Deeler erausbruecht. De Kriminalroman kënnt a 15 Länner op de Marché: Team Helsinki: die Tote im Container. D’Sandra Mélan huet versicht erauszefannen, ob d’Buch hält wat den Titel versprécht.
Published 06/28/22
Op en neie Roman vum Jan Weiler freet een sech bal genee esou wéi e klengt Kand op säin éischte Besuch op der Schueberfouer. Well säin dréchenen Humor wéi a senge Bicher iwwer Jonker an der Pubertéit, seng Léift fir seng Personnage wéi an senge Kriminalromaner mam Kommissar Kühn maachen all seng Bicher zu engem Erliewnës. Ob dat och de Fall ass bei sengem neie Roman « Der Markisenmann » seet eis elo de Lucien Czuga.
Published 06/21/22
Manner bezuelt gi wéi ee Mann, fir déi nämmlecht Aarbecht war normal. Eng eege Kreditkaart hunn, ouni dass de Mann mat-signéiert war komplizéiert. Op enger Ivy League Uni studéieren, war onméiglech. An den 1960er Joren war d’Welt fir Fraen eng aner. Et war eng Zäit an där Frae sech ëm Kanner, Haus a Kichen gekëmmert hunn – net eng Karriär an en Numm fir sech gebaut hunn. Ma grad an dëser Welt ass d'Protagonistin vum Bonnie Garmus hirem Débutroman „Eine Frage der Chemie“ Doheem an zum Schock...
Published 06/14/22
Den engleschen Auteur Jonathan Lee huet Literatur studéiert, fir Affekoten zu London an Tokyo geschafft a schreift mëttlerweil Dréibicher zu New York.  Mat sengem Roman « Der grosse Fehler » huet hien elo engem groussen New Yorker, dem Andrew Haswell Green, e literarescht Monument gesat. Kennen ech net, wäerten déi Meescht vun iech elo soen, och déi, déi déi schonn emol eng Kéier zu New York waren.  Dobäi waren si bestëmmt op Plazen, déi deem Mann ze verdanke sinn. Wat fir eng dat sinn, seet...
Published 06/07/22
Wann d’Mier sech zréckzitt, hannerléisst et allerhand Planzen a Gedéiesch. Ass dodrënner awer och eng Läich, dann ass mat Sécherheet iergendeppes faul. Am Krimi « Gezeitenmord » vum däneschen Auteur Dennis Jürgensen ass dat de Fall. Gläichzäiteg ass dat och deen éischte Fall fir dat dänescht-däitsch Ermëttlerduo Teit a Lehmann. Ob dës éischt Kollaboratioun  och nach anerer no sech zéie soll, seet eis elo de Lucien Czuga.
Published 05/31/22
Fantasy-Bicher sinn de groussen Hit bei de jonke Lieser. Dorobber hu sech dann och schonn eng ganz Rei vun Auteure spezialiséiert. Eng, déi domadder besonnesch vill Succès huet, ass d' Amerikanerin Elizabeth Lim, déi nieft dem Komponéiere fir Filmer a Videospiller, ëmmer erëm Besteller schreift. Mat "Die sechs Kraniche" ass hir dat grad nees gegléckt, Christiane Kremer.
Published 05/24/22
Wie gäre liest an awer och mol fir Stonnen an e Computerspill andauche wëll – fir deen hu mir eventuell dat passend Buch. „Rabbits“ vum Terry Miles erzielt nämlech d’Geschicht vun engem Real Time Adventure Game an deem den Asaz net manner ass wéi dat eegent Liewen. Den amerikaneschen Auteur ass och Filmproduzent an huet eng Rei Podcast-Serië  kreéiert, dorënner Rabbits, aus där elo dëst Buch enstanen ass. D'Tiffany Saska huet d’Buch fir eis gelies.
Published 05/17/22
Fantasy-Geschichten mat jonken Haaptprotagonisten, déi um Sprong an d'Erwuessewelt sinn, spriechen natierlech e jonke Publikum un, awer net nëmmen. Bescht Beispiller sinn do "Die unendliche Geschichte" oder "Hobbit". Den däitschen Auteur Albrecht Selge huet sech elo mat sengem fënnefte Roman och un dëse Genre gewot. "Luyanta - oder das Jahr in der Unselben Welt" spillt an der Welt vun den Dolomiten. D'Christiane Kremer huet et gelies.
Published 05/10/22
2019 publizéiert d'Charlotte McConaghy hiren éischte Roman „Zugvögel“. Schonns do weist sech, datt di jonk Australierin sech mat den Themen Natur a Klima auserneesetzt, andeems si d´Geschicht an d'Evolutioun vun den Zuchvullen erzielt. De Roman gëtt e weltwäite Succès. An hirem neie Roman beschäftegt sech Charlotte Mc Conaghy mat de Wëllef. D´Tiffany Saska huet „Wo die Wölfe sind“ gelies.
Published 05/03/22
D'Nicola Yoon ass eng jamaikanesch-amerikanesch Autorin. Nodeem si 20 Joer laang am Investment Management geschafft huet, bréngt si 2015 hiert éischt Buch eraus, inspiréiert duerch Gedanken an Ängschten bei der Gebuert vun hirer éischter Duechter. "Du neben mir und zwischen uns die ganze Welt" packt et direkt an d'Bestsellerlëschten a gëtt geschwënn dono verfilmt. Och den zweete Roman verkeeft sech gutt. An lo ass mat "Als wir tanzen lernten" hiren drëtte Roman eraus.
Published 04/26/22
Fir säi Roman „Tell“ ass de Joachim Schmidt an de Schwäizer Folklor wulle gaangen an huet eng Legend ausgepaakt, déi den däitschsproochege Raum a virun allem d’Schwäizer immens gepräägt huet: et geet ëm d’Geschicht vum Wilhelm Tell, och bekannt als de Mann dee sengem Bouf en Apel vum Kapp geschoss huet. D'Valeria Wiwinius huet d'Buch gelies.
Published 04/19/22
D´Buch „Das verschlossene Zimmer“ erzielt d´Geschicht vun der jonker Fra Marie a hirem Papp Dominik, déi zu Krakau a Polen liewen. Iwwerdeems  de Papp Precautiounen trëfft well de Krich virun der Dier steet, beschäftegt sech d´Marie mat engem ganz aneren Thema. Hatt sicht seng Mamm. D'Tiffany Saska huet d´Buch vum Rachel Givney fir eis gelies.
Published 04/12/22
An Italien ass se gebuer, huet an Däitschland a Japan gelieft, iert se an d'USA goung, fir an der Neurobiologie ze promovéieren. Viru Kuerzem krut d'Ali Hazelwood den Titel vun der Professorin, wat kaum en anere méi schockéiert, wéi si selwer. Si ass och Autorin an d'Michèle Schons huet hiren neie Roman "Die theoretische Unwahrscheinlichkeit von Liebe" gelies.
Published 04/05/22
All Geschicht huet säin Held, am Buch vun der Woch steet deen awer op wackelege Been oder besser gesot, kuerze Been. "Der Held vom Bahnhof Friedrichstrasse" ass nämlech d'Geschicht vun engem Ligener, deen iergendwéi an eppes erarutscht aus deem een net méi raus kënnt. Ee Buch dat mat Humor a vill Charakter Froen iwwert eis Gesellschaft opwërft.
Published 03/29/22
De Jakob Augstein ass bekannt als Journalist a Coproprietär vun der Spiegel Gruppe. Elo huet hie dann eng éischte Kéier e literarescht Wierk verfaasst a verëffentlecht säin éischte Roman „Strömung“. E Roman, deen d’Geschicht vun engem Politiker erzielt an dobäi alles ass, awer net politesch. D'Tiffany Saska huet d’Buch fir eis gelies.
Published 03/22/22
E Libesroman ka kitscheg sinn oder grondleegend Gefiller wéi d’Léift tëscht zwee Mënschen, d’Trauer iwwer e Verloscht an d’Méiglechkeet vun enger neier Relatioun op eng Aart a Weis thematiséieren, déi souwuel d’Häerz wéi och den Intellekt vum Lieser uspriechen. Wat fir eng vun deenen zwou Méiglechkeeten de Fall ass bei « Du hast gesagt, es ist für immer » vum Trish Doller, dat héiere mir elo vum Marie Gales.
Published 03/15/22
Déi éisträichesch Autorin Eva Menasse gouf 1970 zu Wien gebuer. No hirem Germanistik- a Geschichtsstudium schafft si als Redakteurin bei diversen Noriichtemagaziner.Scho ganz fréi huet si sech politesch engagéiert. Bei hirem Roman DUNKELBLUM- deen op reelle Fakte baséiert- setzt si d'Lous vun de Judden am 20te Joerhonnert an de Fokus. D'Manon Becker huet "Dunkelblum" gelies.
Published 03/08/22
Krimien, an deenen et ëm Serial-Killere geet, gëtt et mëttlerweil wéi Sand um Mier. Mä een, wou den Täter bei sengem eegene Prozess selwer am Jury sëtzt, op déi Iddi wor bis elo nach kee komm. Den iresche Krimiauteur Steve Cavanagh huet dëst Gedankenexperiment gewot an de Lucien Czuga seet eis elo, op him dat gelongen ass.
Published 03/01/22
Eng Fra kalbliddeg ermort an hirem Appartementzëmmer. E Kommissär tappt verzweiwelt hannendrun an zwee Noperen wou een net weess a wéi wäit si an dës Saach verwéckelt sinn. Dat ass d'Thema am Henri Faber sengem Debüt Thriller "Ausweglos." Ma wann ee Spannung an Emotiounen gäer huet leet en dëst Buch net méi aus den Hänn, Julie Mathes.
Published 02/22/22
Vältesdag ass zwar elo eriwwer, romantesch gëtt et awer elo nach eng Kéier - am Buch vun der Woch. "Die letzten Romantiker" vun der amerikanescher Schrëftstellerin Tara Conklin. D'New York Times Bestsellerautorin huet awer keng Libesgeschicht geschriwwen, mee eng Familljegeschicht, d'Léift an d'Tragedie déi engem d'Liewe bréngt.
Published 02/15/22