Description
De Streik bei de Schauspiller ass eriwwer an et gëtt erëm un neie Filmer geschafft. Och fir J.LO gëtt et en neie Projet. Ma d'Musekerin huet esou hier Problemer u gutt respektiv interessant Rollen ze kommen. De Pit Biwer weess, wou d'Kromm hei kéint an der Heck leien a stellt och eng Actrice vir, déi wéi et schéngt weess, wéi den Hues leeft.