"Yeshuah" vum Claude Schmit: A wann alles anescht gewiescht wier?, 24/07/2024
Listen now
Description
A sengem Roman "Yeshuah - une vie de Jésus après sa Crucifixion" erzielt de Claude Schmit eng alternativ Geschicht vum Jesus. De Jesus ass um Kräiz gestuerwen, gouf begruewen, ass operstaanen, an an den Himmel opgefuer. Dat ass den Narrativ vun der Bibel, sou wéi mir e kennen. Mä wat wier, wann hien iwwerlieft a sech vu senge Blessuren erholl hätt? Wann de Prophet vun Nazareth villäicht souguer en neit Liewen ugefaangen hätt? Genee dat ass den Ausgangspunkt vum Claude Schmit sengem Roman  "Yeshuah - une vie de Jésus après sa Crucifixion". Am Interview erzielt den Auteur wat hien un dem Thema gereizt huet a wéi en sech d' Figur vum Jesus als Mënsch virgestallt huet.  "Yeshuah - une vie de Jésus après sa Crucifixion" Claude Schmit erauskomm bei den éditions Phi ISBN 978-2-919818-18-1 20€
More Episodes
Déi legendär Weltraum-Missioun Rosetta vun der European Space Agency, verständlech noerzielt fir Kanner Op engem klenge Fiels ze landen dee mat héijer Vitess duerch de Weltall jauft, dat war den Défi deen d'European Space Agency (ESA) mat der Missioun Rosetta ugeholl hat. 2004, no méi wéi 10...
Published 08/21/24
Published 08/21/24
"Camille Sutor - Lion de la résistance - Löwe des Widerstandes" vum André Grosbusch Den 19te Mee 1944 ass de Camille Sutor mat nëmmen 23 Joer a sengem Elterenhaus zu Iermsdref vun der Gestapo erschoss ginn. "Net ee vu villen", dat ass den Ënnertitel vun dësem Wierk mat dem den Historiker...
Published 06/18/24