Episodes
An dëser Episode vum Podcast schwätzt déi jonk Lëtzebuerger Autorin iwwer den éischten Deel vun hirer Serie, de Roman:"A Searing Faith" Dat jonkt Rena geet an de Bësch fir Kraider ze sammelen, a wéi hat zeréckkënnt ass säin Doheem zerstéiert. Dat ganzt Duerf ass bis op d'Grondmaueren ofgebrannt, keng Spuer vun Iwwerliewenden. Vun engem Moment op den aneren ass dat jonkt Meedchen alleng op sech gestallt, ouni Famill an ouni eng Äntwert op déi Froen déi hat net méi lassloossen. Wat ass...
Published 05/09/24
Published 05/09/24
Eescht, witzeg oder heiansdo souguer carrément skurril: Am neitsten Episod vum Podcast Lecture vun heiheem erzielt de Robbie Martzen vu senge Reesen. Lëtzebuerger reese gären, dat ass gewosst, an de Robbie Martzen, 1969 zu Lëtzebuerg gebuer, ass do keng Ausnam. A sengem éischte Buch, dat ënnert dem Titel "A Pint of Fish Fingers" bei Black Fountain Press erauskomm ass, erzielt hie vu senge Reesen, déi e gréisstendeels an engleschsproocheg Länner gefouert hunn. Am Interview verréit hien wat...
Published 04/08/24
Iergendwéi hänkt alles schif, am Liewe vun de Personnagen aus dem Guy Helminger senge Kuerzgeschichten Biller déi vun der Mauer verschwannen, Bicher déi aus Regaler erausfalen, e kollektiven Dram an e Schrëftsteller dee bei engem Openthalt am Spidol an eng aner Dimensioun ze gerode schéngt. Fir d'Personnagen an dem Guy Helminger senge Stories ass op eemol näischt méi esou wéi et emol war. Hir Welt geréit an d'Rutschen, wéi e Stillleben dat alles anescht wéi stëll ass. An dëser Episode vum...
Published 03/27/24
Wouerecht oder Liggen? Realitéit oder Illusioun? E Mann erwächt aus dem Koma a ka sech un näischt méi erënneren. No an no probéiert hien d'Puzzlestécker vu sengem Liewen nees zesummenzesetzen a mécht dobäi onerwaarten Entdeckungen. Seng Kandheet an engem verruffene Quartier, seng Fra mat der iergend eppes net stëmmt, seng Aarbecht an enger Zeitungsredaktioun a kromm Geschäfter déi e besser gehat hätt einfach ze ignoréieren...an d'Fro wéi en eigentlech an déi Situatioun komm ass an der en...
Published 03/20/24
Déi däitsch-ungaresch Schrëftstellern huet scho vill Präisser gewonnen. Mat hirem Roman "Muna" stoung si op der Shortlist vum däitsche Buchpräis 2023. Georg-Büchner-Preis, Ingeborg-Bachmann-Preis, Deutscher Buchpreis 2013: d'Terézia Mora ass eng wichteg Stëmm an der aktueller däitscher Literatur. Op Invitatioun vum Institut Pierre Werner war déi däitsch-ungaresch Schrëftstellerin de 5te Mäerz op Besuch zu Lëtzebuerg. Nodeems si schon 2013 den däitsche Buchpräis fir "Das Ungeheuer" kritt...
Published 03/14/24
Bulimie ass dacks nach ëmmer en Tabuthema. Dobäi ass déi Iessstéierung, déi meeschtens Meedercher a jonk Frae betrëfft, alles anescht wéi harmlos. An hirem Buch mat dem bewosst provokativen Titel "Zum Kotzen schön" erzielt d'Renée Reding vum Lisa, engem Meedchen vu 14 Joer, dat mat de Verännerungen déi säi Kierper an der Pubertéit duerchleeft, net eens gëtt. Hat fënnt sech ze déck a beschléisst ofzehuelen. Mä säi Plang geréit ausser Kontroll a vun do un bestëmmt d'Wo säin Alldag. Kalorien...
Published 03/05/24
Liewen an d'Liewe genéissen, trotz schwéierer Krankheet, dorëms geet et am Dréibuch "Dead Woman Waltzing" mat deem si den éischte Präis gewonnen huet. Als Actrice war d'Janine Horsburgh bis elo éischter a klenge Rollen ze gesinn, an internationale Produktiounen awer och a Lëtzebuerger Filmer wéi zum Beispill "Heemwéi". Dernieft huet si bis 2018 an der Waldorfschoul d'Fach Theater enseignéiert a bei Theaterprojeten Regie gefouert. Hiert Dréibuch "Dead Woman Waltzing" mat dem si den...
Published 02/17/24
«Histoire de mon grand-père, réfugié allemand…Juif…et résistant français » oder wéi en Nazi-Krichsverbriecher duerch en Zoufall konnt verhaft ginn A sengem Buch « J’ai arrêté Otto Abetz»erzielt den Didier Eisack d’Geschicht vu sengem Grousspapp Joachim. Den Ënnertitel «Histoire de mon grand-père, réfugié allemand…Juif…et résistant français » resuméiert net nëmmen dat ganz mouvementéiert Liewen vum Joachim Eisack selwer. Seng ganz Famill gëtt zum Spillball vun deenen däischtere Kräften déi...
Published 01/31/24
Den éischte Gedichtband vun der jonker Lëtzebuergerin krut vill Luef vun engem prominenten däitsche Literaturkritiker. "Ein Glücksfall der deutschsprachigen Lyrik" mat deene Wierder huet de Björn Hayer der Chris Lauer hiert Wierk op Deutschlandfunk Kultur rezenséiert. Sécher keng alldeeglech Erfahrung fir eng Autorin aus Lëtzebuerg, an dofir ëmsou méi remarkabel. Hiren éischte Gedichtband mam Titel "Gut verräumte Sternschnuppen" ass sécher kee liichte Kascht. Der Chris Lauer hir...
Published 01/15/24
E Band mat Kuerzgeschichten ronderëm en aussergewéinleche Personnage Journalist, Poet, Iwwersetzer, Auteur vun engem Roman an elo engem Buch mat Kuerzgeschichten: de Florent Toniello, 1972 zu Lyon gebuer, huet d'Schreiwen an all senge Formen zum Beruff gemaach. Zënter 10 Joer lieft a schafft hien zu Lëtzebuerg. 2015 krut hie fir säi Gedichtband Flot(s) den éischte Präis am Nationale Literaturconcours an ass zënter 2018 directeur artistique vum Festival Printemps des Poètes Luxembourg....
Published 01/13/24
Eng bësseg Sylvester-Satir Dass Feierdeeg net onbedéngt ëmmer déi reng Harmonie mat sech bréngen, ass gewosst. Dem Guy Rewenig seng nei Erzielung «la coupe est pleine» spillt op Sylvester, ze feieren gëtt awer näischt! Ganz am Géigendeel, et ass eng bësseg Satir op eng verlugge Gesellschaft, déi sech esou gären d’Philanthropie op de Fändel schreift an a Wierklechkeet ganz aner Ziler virun Aen huet. "La coupe est pleine" vum Guy Rewenig ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm.
Published 12/30/23
Den Tom Hillenbrand war zu Lëtzebuerg fir aus sengem aktuelle Roman "Die Erfindung des Lächelns" ze liesen Am Roman geet et ëm den Déifstahl vun der Mona Lisa aus dem Louvre am Joer 1911. Zwee Joer laang blouf dem Leonardo Da Vinci säi Meeschterwierk vermësst. Eng Blamage fir d'Direktioun vum Louvre déi weltwäit an der Press kommentéiert gouf. Karikaturen, sarkastesch Iwwerschrëften an den Zeitungen a souguer e Film deen sech mam Thema beschäftegt huet, alles dat huet net nëmmen deen...
Published 12/18/23
Den zweete Roman vum Antoine Pohu steet op der Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis. Mam Antoine Pohu ass haut nees e ganz jonken Auteur op Besuch am Podcast "Lecture vun heiheem". Scho mat sengem éischte Roman "La Quête" stoung hien 2020 op der Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis, an elo nach eng Kéier, mat "Parfois la nuit se tait". Am Interview schwätzt hien iwwer dëse Roman, awer och iwwer seng neitste Publikatioun, e Monolog mam Titel "Nous sommes celleux qui marchent dans la...
Published 11/13/23
Mat sengem Roman "Wasserstand" dee fir de Lëtzebuerger Buchpräis nominéiert ass, geet de Luc François op nei literaresch Weeër. De Luc François, Joergang 1993, ass vu Beruff Informatiker. Besser bekannt ass en awer als Auteur vu Science-Fiction-Romaner wéi "Vulture City" oder "Ikaria" an als Sänger vun der Metal-Band Mind Patrol. A séngem neie Roman "Wasserstand" geet et awer weder ëm onbekannte Welten nach ëm Extreme Progressive Metal, mä ëm e Schrëftsteller dee probéiert dee ganz grousse...
Published 11/09/23
Vum Futtball bei d'Poesie: e Gespréich mam Noël Barkley "Mélange subtil de poésies atypiques", sou den Ënnertitel vun engem Gedichtband dee genee dat ass: Ontypesch, iwwerraschend, sproocheverléift, gären och verspillt a mat engem Sënn fir Humor, deen eng gewësse Liichtegkeet mat an d'Spill bréngt. Dobäi huet dem Noël Barkley seng Carrière mat engem ganz anere Spill ugefaangen, nämlech dem Futtball. Als Goalkeeper war hie fir d'éischt a senger Heemechtsstad Marseille aktiv an duerno bei...
Published 11/06/23
Wat hanner zouenen Diere geschitt, dat geet keen eppes un...dat ass an dem klengen Dierfche Kromber net anescht wéi soss enzwousch... Mat senger Familjechronik an zwee Deeler, "Bluttsëffer" an "Ouereschlëffer" huet de Jemp Schuster seng Lieser begeeschtert. Säin neie Roman "Béischten" ass grad esou spannend erzielt a sproochlech ausgeräift. E Buch dat een sech op kee Fall sollt laanscht d'Nues goe loossen!
Published 10/30/23
E vermëssten Teenager an eng Welt an der näischt esou ass wéi et schéngt. En Teenager ass verschwonnen, eng Detektivfigur reest a seng Heemechtstad fir nom Saul ze sichen. Dem Samuel Hamen säin neie Roman «Wie die Fliegen» ass eng Dystopie déi an enger noer Zukunft spillt. Dës Welt dréit d’Spuren vu katastrofale Virfäll déi awer net weider erkläert ginn. Grad esou misteriéis ass och déi Stad an der d’Handlung ofleeft. "Die Stadt selbst kannte jeder, sie war gleichbedeutend mit dem...
Published 09/20/23
De Marc Weydert erzielt Mäerercher a Seechen op seng Manéier: verdruddelt an zerknujelt! Fir hir "Verdruddelt Geschichten" goufen den Auteur Marc Weydert an d'Illustratrice Marie-Isabelle Callier 2021 mam éischte Präis am nationale Literaturconcours ausgezeechent. Nodeems si mat hire verdréinte Mäerercher Grouss a Kleng zum Laache bruecht hunn, ass elo mat den "Zerknujelte Geschichten" en zweete Band erauskomm. De Marc Weydert ass haut den Invité an der Lecture vun heiheem. Am Interview...
Published 08/04/23
Véier Auteuren hu sech zu enger "krimineller" Band zesumme geschloss. Dat ass zum engen de Gaston Zangerlé, deen eng laang Carrière als Auteur an Editeur hannert sech huet. Krimi-Erfahrung huet hien och, seng Kriminalromaner "Karukera Gang" an "Le dernier tour de piste" spillen awer net zu Lëtzebuerg, mä op der Guadeloupe. De Pierre Decock an de Gaston Zangerlé kenne sech scho ganz laang a si hunn och scho matenee geschafft, zum Beispill un der Kannerzeitung Zack oder un der BD Den Tun...
Published 07/23/23
Fir säin däitsche Gedichtband "fluides herz" huet hie schon e Präis gewonnen, elo gëtt et och eng Novelle op Englesch. "gondolas float on purple roses" sou den Titel vun der Erzielung déi zu Venedeg spillt.Am Interview schwätzt dee 26 Joer jonke Schrëftsteller a professionellen Iwwersetzer ënner anerem iwwer seng Faszinatioun mat der Stad Venedeg, seng Erfahrungen um Jakobswee an de Géigesaz tëscht Schéinheet an Zerbriechlechkeet. Ausserdeem erzielt hien, wéi hien seng Léift zur Poesie...
Published 06/28/23
Scho fir d'drëtt huet den engleschproochege Verlag Black Fountain Press zesumme mat der Uni Lëtzebuerg de Schreifconcours "Young Voices" organiséiert Jonker vu 15 bis 19 Joer, respektiv vun 20 bis 25 Joer konnten an hiere respektiven Alterskategorien Poesie oder Prosatexter areechen. 16 Nimm goufe fir d'Shortlëscht zeréckbehalen, an Ugangs Juni goufen déi 4 Gewënner bekanntginn, woubäi Poesie a Prosa also getrennt bewäert goufen. Charlotte Benck, Tobias Rault, Jessica Lentz a Catherine...
Published 06/17/23
Du bass tëscht 14 an 20 Joer al an du wëlls un engem Kannerbuch matschaffen? Dann ass de BookAthon genee dat Richtegt fir dech! Wat e Marathon ass, dat weess jiddereen, awer e BookAthon? Am Interview erkläeren d'Simone Mortini an d'Claudia Catini vum Service National de la Jeunesse (SNJ) wat et domat op sech huet. 30 Jugendlecher gi gesicht fir an Equipen vun all Kéiers 3 Leit en eegent Kannerbuch ze schreiwen an ze illustréieren. De Projet u sech leeft vum 2ten bis de 4ten November am...
Published 06/05/23
« Kannerbicher fir erwuesse Leit » sinn eng Spezialitéit vum Schrëftsteller, Museker a Kabarettist Roland Meyer Et brauch ee just un «Telmo», «Mango Panda » oder «Den décken dommen Dudu » ze denken. Mat sengem neiste Roman « Monster Malya » schléisst hien dorun un, a schwätzt e Problem un deen an eiser Gesellschaft net méi ze iwwersinn ass, dee vun der Gewalt. Gewalt déi dat 12 Joer aalt Malya erlieft, awer och selwer ausübt. No enger duebeler Katastrof a sengem Liewen verschwënnt hat vun...
Published 05/31/23
Mat sengem Gedichtband steet de gebiertegen Englänner op der Shortlëscht vum Prix Servais 2023 Den James Leader lieft zënter 23 Joer zu Lëtzebuerg an ass och a literaresche Kreeser keen Onbekannten. Mat sengem Jugendroman "The Venus Zone" huet hien 2016 de Concours Littéraire National gewonnen an och fir seng Gedichter gouf hien ausgezeechent, ënner anerem mam Ballymaloe Poetry Award, engem renomméierte Poesiepräis an Irland. Den James Leader ass de Papp vun der Schrëftstellerin Anna...
Published 04/23/23