Description
Du bass tëscht 14 an 20 Joer al an du wëlls un engem Kannerbuch matschaffen? Dann ass de BookAthon genee dat Richtegt fir dech!
Wat e Marathon ass, dat weess jiddereen, awer e BookAthon? Am Interview erkläeren d'Simone Mortini an d'Claudia Catini vum Service National de la Jeunesse (SNJ) wat et domat op sech huet.
30 Jugendlecher gi gesicht fir an Equipen vun all Kéiers 3 Leit en eegent Kannerbuch ze schreiwen an ze illustréieren. De Projet u sech leeft vum 2ten bis de 4ten November am Makerspace am Forum Geesseknäppchen. Do geet et drëm fir an Zäit vu 24 Stonnen, dat natierlech verdeelt op déi 3 Deeg, e Kannerbuch ze schreiwen an ze illustréieren. Dobäi ginn déi Jugendlech awer net alleng gelooss, si kréie schon am Virfeld e Coaching vun erfuerene Kannerbuchauteuren, Illustrateuren a Grafiker(innen). Vill Erfahrung muss een do net matbréngen, just Begeeschterung fir d'Saach an de Wonsch sengen zukünftege klenge Lieser tëscht 0 a 4 Joer eng Freed ze maachen!
"Lieferdienst" vum Tom Hillenbrand
An dëser rasant erzielter Dystopie ass Konsum eng Fro vu Liewen an Doud. An dee jonken Arkadi geréit tëscht d'Fronten.
Den Arkadi Schneider ass e "Bringer". Hie liwwert op sengem Hoverboard Wueren aus déi vun de Clienten bestallt a banne Minutten op engem...
Published 11/11/24
D'USA an 10 Bicher
Wat hu literaresch Wierker aus 3 Jorhonnerten mat der Aktualitéit an den USA am Joer 2024 ze dinn? Ganz vill, mengen d’Bea Kneip an d’Anglistin Diane Neises. Si hunn sech zesummegesat fir an engem Podcast doriwwer ze diskutéieren.
D’Resultat ass e Podcast an deem ganz...
Published 11/05/24