Bréiwer aus aller Welt: "A Pint of Fish Fingers - Tales of a Wonderer", 08/04/2024
Listen now
Description
Eescht, witzeg oder heiansdo souguer carrément skurril: Am neitsten Episod vum Podcast Lecture vun heiheem erzielt de Robbie Martzen vu senge Reesen. Lëtzebuerger reese gären, dat ass gewosst, an de Robbie Martzen, 1969 zu Lëtzebuerg gebuer, ass do keng Ausnam. A sengem éischte Buch, dat ënnert dem Titel "A Pint of Fish Fingers" bei Black Fountain Press erauskomm ass, erzielt hie vu senge Reesen, déi e gréisstendeels an engleschsproocheg Länner gefouert hunn. Am Interview verréit hien wat een alles erliewe kann wann een ouni e Su an der Täsch zu London festsëtzt, wat d'Leit op der anerer Säit vum grousse Pull iwwer Lëtzebuerg wëssen, (oder och net) an dass déi spannendst Reesen een heiansdo op ganz onerwaarten Destinatioune féiere kënnen...
More Episodes
Déi legendär Weltraum-Missioun Rosetta vun der European Space Agency, verständlech noerzielt fir Kanner Op engem klenge Fiels ze landen dee mat héijer Vitess duerch de Weltall jauft, dat war den Défi deen d'European Space Agency (ESA) mat der Missioun Rosetta ugeholl hat. 2004, no méi wéi 10...
Published 08/21/24
Published 08/21/24
A sengem Roman "Yeshuah - une vie de Jésus après sa Crucifixion" erzielt de Claude Schmit eng alternativ Geschicht vum Jesus. De Jesus ass um Kräiz gestuerwen, gouf begruewen, ass operstaanen, an an den Himmel opgefuer. Dat ass den Narrativ vun der Bibel, sou wéi mir e kennen. Mä wat wier,...
Published 07/24/24