Description
Mat sengem Roman "Wasserstand" dee fir de Lëtzebuerger Buchpräis nominéiert ass, geet de Luc François op nei literaresch Weeër.
De Luc François, Joergang 1993, ass vu Beruff Informatiker. Besser bekannt ass en awer als Auteur vu Science-Fiction-Romaner wéi "Vulture City" oder "Ikaria" an als Sänger vun der Metal-Band Mind Patrol. A séngem neie Roman "Wasserstand" geet et awer weder ëm onbekannte Welten nach ëm Extreme Progressive Metal, mä ëm e Schrëftsteller dee probéiert dee ganz grousse literaresche Coup ze landen. Méi doriwwer am Interview mam Luc François.
"Wasserstand" vum Luc François ass bei Kremart Edition erauskomm
"Lieferdienst" vum Tom Hillenbrand
An dëser rasant erzielter Dystopie ass Konsum eng Fro vu Liewen an Doud. An dee jonken Arkadi geréit tëscht d'Fronten.
Den Arkadi Schneider ass e "Bringer". Hie liwwert op sengem Hoverboard Wueren aus déi vun de Clienten bestallt a banne Minutten op engem...
Published 11/11/24
D'USA an 10 Bicher
Wat hu literaresch Wierker aus 3 Jorhonnerten mat der Aktualitéit an den USA am Joer 2024 ze dinn? Ganz vill, mengen d’Bea Kneip an d’Anglistin Diane Neises. Si hunn sech zesummegesat fir an engem Podcast doriwwer ze diskutéieren.
D’Resultat ass e Podcast an deem ganz...
Published 11/05/24