Episodes
"De Sheriff" dat ass de Spëtznumm vum Bréifdréier Leo Schummer. A säi Jong, den Nikla, geet op de Kannerfuesbal als...Sheriff Dass de Guy Rewenig e Meeschter am Ëmgang mat der Lëtzebuerger Sprooch ass, brauch ee kengem méi z’erzielen. Fir dëse Roman, wéi och schon a senge leschte Bicher, benotzt hien d’Erzieltechnik vum Stream of Consciousness. De Leo an den Nikla Schummer kommen ofwiesselend zu Wuert a schwätzen sech, wéi een op Däitsch géif soen «um Kopf und Kragen».
Published 03/11/23
Et erfuerdert Courage fir de virgezeechente Wee ze verloossen. "Nous venons tous de l'agriculture; l'homme est enfant de la terre. La terre est la patrie de l'humanité." An eiser Lecture vun heiheem geet et haut ëm de Roman "Au-delà des racines" vun der Nelly Lecomte, erauskomm am Verlag "Le Lys Bleu". Dat jonkt Amélie wiisst op engem Bauerenhaff an den Ardennen op. Dass mir et an dësem Roman awer net mat enger idealiséierter Versioun vum Landliewen ze di kréien, gëtt direkt op der...
Published 03/11/23
Am neitsten Episod vun eisem literaresche Podcast "Lecture vun heiheem" si mir dës Kéier ganz "Zen". "Rêves d'un mangeur de kakis", den éischte Gedichtband vum Robert Weis ass nämlech vun der japanescher Philosophie inspiréiert. Och wann dem Robert Weis deng Gedichter streng gehol, keng Haikue sinn, ass hien awer faszinéiert vun dëser Gedichtform, a vu Japan, an e war och schonn e puer mol do. An Interview erzielt hien wéi hie seng Léift fir d'Natur an d'Freed um Schreiwen mateneen...
Published 02/20/23
Déi neitste Publikatiounen aus de Serien "Timba" a "Bucktugou" vu Kremart kritt ee séier duerchgelies, mä si hunn et a sech! A "Pappendag" léisst d'Autorin Jackie Messerich Fraen zu Wuert kommen déi sech un hir verstuerwe Pappen erënneren. "Valley Girl" vun der Katharina Bintz gräift dogéint e ganz schwieregt Thema op, hei geet et ëm sexuell Iwwergrëff. En historesche Krimi deen een an nëmme 6 Minutten bei enger Tas Kaffi liese kann, dat ass "Do uewe läit eent" vum Alain Atten, erauskomm...
Published 02/15/23
Am Débutroman vun der jonker Schrëftstellerin Claire Schmartz geet et ëm kënschtlech Intelligenz E Bug am System, dat kënnt jo leider heiansdo emol vir. An dorëms geet et och am Débutroman “Bug” vun der jonker Lëtzebuerger Schrëftstellerin Claire Schmartz. De Roboter Bud ass de Prototyp vun engem Haushaltsroboter a seng Konstrukteurin, déi mir just als “Die Professore” kenneléieren hëlt e mat heem fir en do ze testen. Mä scho ganz séier weist sech dass sech beim Bud e Bug ageschlach...
Published 01/21/23
Literaturpräisser, schéi Momenter a ganz vill Bicher! Wéi resuméiert een e ganzt Joer? Sécher ass dëse Réckbléck op d’Joer an der Lëtzebuerger Literatur net komplett, et si just e puer Andréck aus dësem nawell mouvementéierte Joer 2022. Literaturpräisser si just een Deel vun der Aktualitéit, am Laf vum Joer goufen et och eng ganz Rëtsch flott a spannend Momenter. De Beetebuerger LiteraTour (deen sech dëst Joer an de méi grousse Kader vun Esch 2022 ageschriwwen huet) an d'Frankfurter...
Published 12/30/22
3 Begéignungen op de Walfer Bicherdeeg De Weekend vun de Walfer Bicherdeeg ass deen idealen Zäitpunkt fir nei Publikatiounen z'entdecken an Auteuren ze begéinen. Dëst Joer war eent vun den Themen den 150ste Gebuertsdag vum Reenert. Fir de ronne Gebuertsdag ass de Reenert nei editéiert ginn, an Zesummenaarbecht tëscht dem SCRIPT an dem Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, dem ZLS. An...dee schlaue Fuuss huet och nach Englesch geléiert! De Jeff Thill, vu Formatioun Engleschprof huet 2 Joer...
Published 12/08/22
Am Interview schwätzt den Auteur iwwer seng Rees a Brasilien, awer och iwwer seng aktuell Autoreresidenz zu Istanbul De Servaispräiss fir säi Roman "Lärm", eng zweet Plaz beim Literaturconcours, de Gustav-Regler Präis vun der Stad Mertzig, oder Lyrikpreis Meran, fir de Guy Helminger goufen et an der Lescht vill Auszeechnungen. A sengem neie Buch "Die schwere Naht der Flüsse" léisst hien seng Lieser un enger Rees duerch Brasilien deelhuelen. 2019 war hien an dem südamerikanesche Land...
Published 11/30/22
Mat hierem Kuerzgeschichteband "Chantiers du désir" steet d'Carla Lucarelli op der Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis. D'Carla Lucarelli kennt een als Actrice, Theaterregisseurin, Dichterin a Romanschrëftstellerin. Mat hierem Kuerzgeschichteband "Chantiers du désir" steet si op der Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis. A 15 Kuerzgeschichten déi als Titel all Kéiers de Virnumm vum jeeweilegen Haaptpersonnage droen, rëselt si d'Welt vun hire Protagonisten zolitt duercherneen. Eng...
Published 11/13/22
De regimekritesche russesche Schrëftsteller a Journalist hëlt an "Geschichten aus der Heimat" déi russesch Gesellschaft ënner d'Lupp. Mat senger Metro-Trilogie ass den Dmitry Glukhovsky an den 2000er Joren weltwäit bekannt ginn. Seng Romaner, déi an dem onheemlechen Univers vun der Moskauer Metro spillen an deen déi Iwwerliewend sech no enger Katastrof hu missten zeréckzéien fir z’iwwerliewen, hu mat de Rakéiten-Attacken op déi ukrainesch Stied eng ganz nei Bedeitung kritt. Awer och fir de...
Published 11/01/22
"Wenn Widerstand weiblich ist - Die Revolution der Frauen in den postsowjetischen Staaten" sou heescht en neit Buch vum Jo Angerer An dëser an der nächster Episode vum Podcast "Lecture vun heiheem" geet et ausnamsweis net ëm Lëtzebuerger Bicher. Och op der Frankfurter Buchmesse koum een dëst Joer net laanscht de Krich an der Ukraine. Vill ukrainesch Schrëftsteller waren op der Plaz, awer och Auteuren a Journalisten déi sech mat der aktueller Situatioun beschäftegen. Een dovunner war den...
Published 10/24/22
Vum Pit Schlechter (Text) a Pit Weyer (Illustratiounen) En ass a Knouterer, de Pit Schlechter, an a séngem neie Buch kritt méi wéi een säi Fett ewech! An... hien huet e Kompliz! De Grafiker Pit Weyer huet "De Fléiepëlz" illustréiert. E Lëtzebuerger Orbis Pictus, deen als - heiansdo e bësse méi graff - Satir ze verstoen ass. An eiser Lecture vun heiheem geet et ëm e Buch dat wéinst sengem faarwege Cover kéint mat engem Kannerbuch verwiesselt ginn. Mä opgepasst, de Fléiepëlz huet Zänn, an...
Published 10/15/22
An eiser Lecture vun heiheem geet et haut emol ëm Musek! Déi neitsten Ausgab vum Litty, de carnets didactiques vum CEDOM, dréit den Ënnertitel : "Lëtzebuerger Fräiheetslidder 2 -Geschicht a Politik am Lidd". A 17 Lidder gëtt souzesoen d’Lëtzebuerger Geschicht nogezeechent vun 1945 bis haut. Beim Buch ass och eng CD dobäi an et lount sech fir ganz genee op d’Lidd-Texter ze lauschteren déi alleguer vu bekannte Lëtzebuerger Museker, Schrëftsteller a Kabarettiste geschriwwe goufen, zum...
Published 09/13/22
Wéi mir zënter e puer Woche wëssen, verstoppt sech hannert dem Pseudonym Tomas Bjørnstad keen aneren wéi den Nico Helminger Ënnert béiden Nimm huet den zweefache Servais-Laureat elo all Kéiers en neit Buch erausbruecht: "Von der schönen Erde" ass eng Sammlung vu Skizzen a Fragmenter aus der Fieder vum Tomas Bjørnstad an de Gedichtband "Saumes Kinoplakat" ass vum Nico Helminger. Allebéid sinn se bei den Editions Guy Binsfeld erauskomm. Am Interview erzielt den Nico Helminger vu...
Published 08/18/22
D'Geschicht vun engem duebele Mord zu Esch,viru méi wéi 100 Joer. De Jérôme Quiqueret, Historiker a Journalist, huet dëse Kriminalfall a sengem Buch "Tout devait disparaître" nees opgerullt, an dem Bea Kneip seng Conclusioune verrooden. De Summer ass bal eriwwer, mir schreiwen de 14te September 1910. Eng Koppel, den Henri an d'Françoise Kayser-Paulus, allebéid iwwer 50, maache sech prett fir schlofen ze goen. Well d'Kaz nach net doheem ass, lossen si d'hënnescht Dir opstoen. Den...
Published 08/09/22
Den éischte Roman vun der Mary Carey ass eng Mëschung tëscht Science Fiction a Psycho-Thriller D'Eleonor Adams, e Meedchen aus räichem Haus, ass Molerin a lieft mat hierem Jong Bradley am ländleche Vermont. Déi zwee gehéieren zu enger Sekt, déi vun dem charismateschen Samuel Summer gefouert gëtt. Mä esou richteg engagéiert ass d'Eleonor net, hat ass am léifste fir sech alleng. Besonnesch e puer vun deenen neie Memberen sinn him zerguttst onsympatesch. Iwwerdeems d'Kanner un engem...
Published 06/14/22
"Quand est-ce qu'un homme est un homme?" Gender an Identitéit sinn déi zentral Themen am Claude Schmit sengem Krimi. De Juan Santillana, Polizist am éischter problemateschen Département Seine Saint Denis am Norde vu Paräis, versteet d'Welt net méi. Säi Jong René fillt sech an der männlecher Roll net wuel an huet decidéiert eng Fra ze ginn. Fir de Papp, dee seng eegen Opfaassung vu Männlechkeet huet, ass dat eng puer Provokatioun. Iwwerdeems geschitt e Mord un engem Opernsänger. D'Affer war...
Published 06/04/22
De Prënz kritt d'Prinzessin, de Wollef muss an d'Gras bäissen an der Hex soll et net besser ergoen! Mä Moment emol, mussen d'Märercher ëmmer esou ophalen? De Marc Weydert fënnt dat net, an dowéinst huet hien seng verdruddelt Geschichte geschriwwen, an deenen dat alles op d'Kopp gehäit gëtt. Et wor eemol...sou fänke Mäerercher jo meeschtens un, An da weess ee normalerweis schon ongeféier wéi et weidergeet, oder op d'mannst wéi et ausgeet. E bëssen onfair ass dat schonn, well et sinn ëmmer...
Published 05/25/22
Ugangs Mee wäerte mer gewuer ginn, wien dëst Joer de Servais Präis gewënnt. Do virdrun wëlle mer awer nach e klenge Bléck op d’Shortlëscht geheien. Se kéinten net méi verschidde sinn, déi 5 Bicher déi et dëst Joer op d’Shortlëscht vum Servais Präis gepackt hunn. 4 Schrëftsteller an eng Schrëftstellerin, 3 Wierker op Franséisch an 2 op Däitsch, kräiz a quier duerch all Genren. Dem Guy Helminger säi villstëmmege Roman «Lärm», der Nora Wagener hier Kuerzgeschichtesammlung «Was habe ich...
Published 04/23/22
Mat sengem neie Roman « Ma vie sous les tentes » steet de Jeff Schinker op der Shortlëscht vum Servais Präis. Zelter opriichten, dat wëll geléiert sinn ! An haaptsächlech geübt. A sengem Roman «Ma vie sous les tentes» mécht de Jeff Schinker den Tour vu verschiddene Musekfestivalen, bei deenen dann all Kéiers en Zelt muss opgeriicht ginn, heiansdo am Däischteren, am Schloreen oder am Bulli.Keng ganz einfach Saach! Am Interview geet et awer natierlech net nëmmen ëm Zelter. "Ma vie sous les...
Published 04/14/22
An eiser Lecture vun heiheem maache mir haut eppes wat een eigentlech guer net däerf! Mir kucken nämlech an d’Tagebicher vun anere Leit. Mä keng Angscht, déi 14 Lëtzebuerger Auteuren ëm déi et hei geet, sinn domat averstaanen. «Les Diaristes du Luxembourg» sou heescht eng Spezialausgab vun der franséischer Revue «Les Moments Littéraires». Pierre Joris, Carla Lucarelli, Lambert Schlechter, Hélène Tyrtoff, Jean Sorrente, Tullio Forgiarini, Ian de Toffoli, si an nach vill anerer deelen hir...
Published 03/12/22
An dëser Novelle geet et ëm e quokelegt Thema Eigentlech waren déi zwee immens anenee verléift. Dowéinst versteet keen esou richteg firwat d'Nora sech vum Jonas getrennt huet. Zimlech séier gëtt kloer, dass et hei ëm méi geet wéi just ëm Flemm mat der Bezéiung. A "Königskinder" beschäftegt d'Autorin Maryse Krier sech mat engem Tabuthema, dat an der Literatur allerdengs scho méi dacks behandelt ginn ass: Inzest. E quokelegt Thema, dat net einfach unzepaken ass. D'Maryse Krier geet ganz...
Published 02/18/22
De russesche Schrëftsteller Dmitry Glukhovsky Outpost – Der Posten, den neie Roman vum russeschen Auteur Dmitry Glukhovsky, ass eng post-apokalyptesch Visioun déi an der noer Zukunft a Russland spillt. No engem brutale Krich ass dee russesche Staat esou gutt ewéi zesummegebrach an eng Ëmweltkatastrof huet aus der Volga en toxesche Floss gemaach, déi kee Liewe méi zouléisst. Am Mëttelpunkt vun der Erzielung steet en Ausseposten an der Stad Jaroslawl an déi Bréck déi dës Stad fréier mat der...
Published 02/03/22
Sachbicher, Kannerbicher, Romaner, fir jiddereen ass eppes dobäi! D'Stroosse vu Lëtzebuerg, den Himmel iwwer Afrika an en Interview mam Tom Hillenbrand iwwer den neie Xavier Kieffer Krimi "Goldenes Gift". Em dës Themen geet et ënner aneren an dëser Episode vum Podcast "Lecture vun heiheem". Iwwer dës Bicher gëtt (an dëser Reiefolleg) geschwat: "Route(s)" vum Ed.Goedert (Maison Moderne) "Au dessus des déserts – oser l’aventure" vun der Roxane Dupuy (éditions de...
Published 12/21/21
Am Maxime Weber sengem Débutroman geet et ëm en onerkläerlecht Naturphänomen dat riskéiert all Liewen op der Äerd auszeläschen 4 Kilometer sinn et vum nächste Busarrêt bis an dat klengt Dierfche Pardeng. Wäit vum Schoss, kéint ee mengen, eng ländlech Géigend am Norde vu Lëtzebuerg, an der d’Welt, sou de gängege Cliché, nach an der Rei ass. Dat denkt sech och d’Jeanne, wéi et, frësch vun der Uni, nees zeréck a säin Heemechtsduerf kënnt. Dass an Indien en onerkläerlecht Naturphänomen eng Rei...
Published 12/18/21