Wann d'Welt an d'Rutsche geréit: "Das Geräusch der Stillleben" vum Guy Helminger, 27/03/2024
Listen now
Description
Iergendwéi hänkt alles schif, am Liewe vun de Personnagen aus dem Guy Helminger senge Kuerzgeschichten Biller déi vun der Mauer verschwannen, Bicher déi aus Regaler erausfalen, e kollektiven Dram an e Schrëftsteller dee bei engem Openthalt am Spidol an eng aner Dimensioun ze gerode schéngt. Fir d'Personnagen an dem Guy Helminger senge Stories ass op eemol näischt méi esou wéi et emol war. Hir Welt geréit an d'Rutschen, wéi e Stillleben dat alles anescht wéi stëll ass. An dëser Episode vum Podcast "Lecture vun heiheem" erzielt de Guy Helminger awer net nëmmen vun de Verbindungen tëscht senge Figuren déi sech tëscht de Geschichten hin an hier bewegen an dobäi ëmmer nei Facetten vu sech präisginn. De Schrëftsteller a Globetrotter léisst eis och u senge Reesen deelhuelen. Viru kuerzem war hien an Indien an am Nepal, hien erënnert sech awer och u säi Besuch a Brasilien. A wien de Guy Helminger kennt, dee weess, dass hien sech op senge Reesen och op Plazen traut, déi den duerchschnëttlechen Tourist éischter net um Radar huet... "Das Geräusch der Stillleben" vum Guy Helminger ass bei Capybarabooks erauskomm
More Episodes
An dëser Episode vum Podcast schwätzt déi jonk Lëtzebuerger Autorin iwwer den éischten Deel vun hirer Serie, de Roman:"A Searing Faith" Dat jonkt Rena geet an de Bësch fir Kraider ze sammelen, a wéi hat zeréckkënnt ass säin Doheem zerstéiert. Dat ganzt Duerf ass bis op d'Grondmaueren...
Published 05/09/24
Published 05/09/24
Eescht, witzeg oder heiansdo souguer carrément skurril: Am neitsten Episod vum Podcast Lecture vun heiheem erzielt de Robbie Martzen vu senge Reesen. Lëtzebuerger reese gären, dat ass gewosst, an de Robbie Martzen, 1969 zu Lëtzebuerg gebuer, ass do keng Ausnam. A sengem éischte Buch, dat...
Published 04/08/24