7 – Chaos um Broadway
Listen now
Description
Schauspillerin, Entertainerin, Sängerin - scho säi ganzt Liewe laang steet d'Adrienne Haan op den Theater-Büne ronderëm d'ganz Welt. Mat him schwätzen d'Julie an de Chris iwwert de Chaos um Broadway, de Konkurrenz-Kampf am Business an d'Zukunft vum Kultur-Secteur. Donieft gëtt aus dem Publikum mat Iesse geheit an op Kommando gekrasch.
More Episodes
An där leschter Episod virun der Summerpaus loossen d’Julie an de Chris dat lescht Joer bei Gin/Tonic a Long Island Iced Tea Revue passéieren. Dobäi entwéckelen si eng ganz eegen Definitioun vun hirem Podcast, wëllen iessen ouni bäizehuelen an ernimmen esouguer déi rout Konkurrenz… Ausserdeem:...
Published 07/05/21
Spadséiere goen war wärend deem leschte Joer eisen Hobby Nummer 1! Besonnesch de Bësch war dobäi natierlech immens populär. An hirer neier Episod stellen d’Julie an de Chris sech d’Fro: Wéi geet et eise Bëscher iwwerhaapt? Eng Äntwert huet de Fierschter Pol Zimmermann, dee ganz kloer seet: Net...
Published 06/13/21
Fir dee klenge Jubiläum stellen d’Julie an de Chris sécher, datt et esou richteg fluppt an datt kee Mond dréche bleift! Si hunn dës Kéier nämlech d’Sexologin Laura Hendriks op Besuch a stelle fest: Sex ass quasi ewéi Iessen! Beim Schaarfen Ueleg hu si et natierlech gär extra hot & spicy… Fir...
Published 05/23/21