Episodes
An där leschter Episod virun der Summerpaus loossen d’Julie an de Chris dat lescht Joer bei Gin/Tonic a Long Island Iced Tea Revue passéieren. Dobäi entwéckelen si eng ganz eegen Definitioun vun hirem Podcast, wëllen iessen ouni bäizehuelen an ernimmen esouguer déi rout Konkurrenz… Ausserdeem: D’Julie zielt iech wéi hatt seng enorm Connections an d’politesch Spëtzt hei zu Lëtzebuerg opbaue konnt an de Chris huet et net vermësst Chauffer ze spillen!
Published 07/05/21
Spadséiere goen war wärend deem leschte Joer eisen Hobby Nummer 1! Besonnesch de Bësch war dobäi natierlech immens populär. An hirer neier Episod stellen d’Julie an de Chris sech d’Fro: Wéi geet et eise Bëscher iwwerhaapt? Eng Äntwert huet de Fierschter Pol Zimmermann, dee ganz kloer seet: Net gutt! Ausserdeem steigt d’Virfreed op dee Moment an deem de Podcast erëm ouni Mask kann opgeholl ginn, et gëtt sech genee iwwert Dës ganz ferm opgereegt a beim Pol lafen d’Tréinen.
Published 06/13/21
Fir dee klenge Jubiläum stellen d’Julie an de Chris sécher, datt et esou richteg fluppt an datt kee Mond dréche bleift! Si hunn dës Kéier nämlech d’Sexologin Laura Hendriks op Besuch a stelle fest: Sex ass quasi ewéi Iessen! Beim Schaarfen Ueleg hu si et natierlech gär extra hot & spicy… Fir déi nei Episod sollt dir iech iwweregens onbedéngt e gudden Navi zouleeën, domat fënnt nämlech jiddereen de Wee op Paräis!
Published 05/23/21
Published 05/23/21
Als Kand huet d'Julie de Petit Robert gelies an de Chris d'Schoulvakanze gehaasst - esouwäit zu hire Streber-Sënnen aus der Primärschoul. An där neier Episod geet et awer virun allem dorëms wat et heescht am Coronajoer ze studéieren. Op Besuch ass dofir d'Karlsruher Studentin Polina Bashlay. Mat him schwätzen déi Zwee iwwert d'Aarbecht vun der ACEL, rätsele wéi een um Studentebal net komplett bei d'Kaz geet a si sech eens, datt een ënner Drock am beschte schafft. Ausserdeem: D'Polina an de...
Published 05/02/21
An där neier Episod gëtt et faarweg, exzentresch a verréckt – d’Julie an de Chris hunn d’Miss Mike an d’Miss Claudia op Besuch. Erlieft wëll Raibergeschichten aus dem Liewe vun zwou Drag Queens, déi sech och emol gäre selwer deen een oder anere Sproch un de Kapp geheien. Wou verstoppen si en? Wat ass am Waasser vum Théiwesbuer dran? A wéi ass et einfach dat auszeliewe wat ee wierklech ass? Donieft probéiert de Chris als Miss Eldorado d’Einschaltquoten ze pushen, d’Julie werft seng Sneaker an...
Published 04/12/21
Alles wat mat "Psy-" ufänkt ass och haut nach ëmmer e groussen Tabu an eiser Gesellschaft. An dobäi ass déi mental Gesondheet esou wichteg, grad elo, wou mir schonn e gutt Joer Coronavirus hannert eis hunn! D'Julie an de Chris schwätze mam Psycholog Alex Monteiro iwwert d'Auswierkunge vun der Pandemie, stellen him ganz vill interessant Froe vun den Nolauschter:innen a stelle fest datt et Saache ginn, op déi esouguer e Psycholog keng Äntwerte weess...
Published 03/15/21
Wéi krass Caféen a Restauranten zu eisem soziale Liewen dozou gehéieren, ass eis spéitstens zanter deem éischte Lockdown bewosst ginn. Besonnesch hei zu Lëtzebuerg, wou traditionell eng zimmlech ausgepräägte Caféskultur gelieft gëtt. Elo mol nach bis Mëtt Mäerz bleift dee ganzen Horesca-Secteur awer zou. An hirer neier Episod schwätzen d'Julie an de Chris mam Fabio, deen zanter 6 Joer selwer e Café huet. Wéi geet hie mat der Ongewëssheet ëm? Wéi gesäit et bei him Enn dës Mounts aus? A wéi...
Published 02/21/21
Gutt erholl sinn d’Julie an de Chris zeréck aus der Wanterpaus. Hiren Invité ass dës Kéier de jonke Kaploun (spéidere Paschtouer) Vincent de Smet – e Beruff, dee wuel net bei Ville ganz uewen op der Wonschlëscht steet. Wéi ass et op Sex a Bezéiungen ze verzichten? Wat huet säi Papp an der Kellertrap zu him gesot? Wat sinn seng Iddie fir méi Jonker fir d’Kierch ze begeeschteren? A wéi huet de Vincent deenen Zwee e reegelrechte Plot-Twist geliwwert? Äntwerten op ënnert anerem dës Froe kritt...
Published 02/01/21
Déi lescht Episod vun dësem Joer steet um Programm. Fir d’Julie an de Chris also Zäit hire ganz perséinleche Réckbléck vun 2020 ze maachen – ganz ouni Corona, versprach! Déi Zwee hunn nämlech decidéiert, iwwert en anert wichtegt Thema vun dësem Joer ze schwätzen: Black Lives Matter a Rassismus. Dofir war d’Kany Touré, selwer Freelance-Animatrice beim Eldo, op Besuch. Zesummen hu si zum Beispill doriwwer geschwat wéi dacks si selwer Alldagsrassismus erliewen, wéi si domat ëmginn a wat oder...
Published 12/27/20
Mat der Chrëschtzäit ass och nees d’Zäit komm dat Bescht aus dem Wäikeller ze huelen. Well de Chris an d’Julie weder ee Wäikeller hunn, nach genuch dovu verstinn, hu si sech den André Mehlen dobäi geholl. Hie schafft beim lëtzebuergeschen Wäibau-Institut, a konnt hinnen zielen wéi deier ee Wäin si muss, oder ob wat ee beim richen oppasse muss. Ma si sinn och gewuer ginn, wéi sech de Wäibau hei zu Lëtzebuerg geännert huet, a wéi vill Wäiner een am Institut all Joer hei schmaachen dierf. Et...
Published 12/14/20
Dës Kéier op Besuch ass de Pol Belardi, eng vun deenen dreiwende Kräften aus der Lëtzebuerger Jazz-Zeen. Zesumme mat him deelen d'Julie an de Chris hir Passioun fir Rieslingspaschtéiten a Live-Musek, schwäerme vum Helge Schneider a fannen eraus, wat Heineken a "Sex an engem Kanu" gemeinsam hunn. Um Ordre du Jour stinn awer och eescht Themen: Schwéier Phase vum Liewen an deenen d’Musek e Ventil war, fir nees ze fillen. Oder firwat „musikalesche Fastfood“ geféierlech ass an natierlech och...
Published 11/30/20
An där neier Episod huelen d'Julie an de Chris sech vill Zäit fir iwwert en Thema ze schwätzen, dat hinne wierklech um Häerz läit an iwwert dat nach vill méi misst geschwat ginn: Mental Gesondheet. Dofir ass d'Marie op Besuch, dat op Instagram mat "Mokuchsdag" eng Plattform geschafen huet, op där genee doriwwer geschwat gëtt. Déi 3 fannen eng gutt Mëschung aus Theorie a Praxis, setzen sech dofir an datt "Mat sech selwer eens ginn" e Schoulfach misst ginn an erkläre firwat Lëtzebuergesch...
Published 11/15/20
Wëllkomm bei eisem Jubiläum! Mer si bei der 10. Episode vum „Schaarfen Ueleg“ ukomm. An do ass eis opgefall, dass der eigentlech nach ni esou richteg d'Chance krut de Chris a n d'Julie e bësse besser kennen ze léieren. Zäit dat ze änneren! Dofir gitt der zum Beispill des Episode gewuer, firwat de Chris dem Julie „säin Éischten“ ass beim Eldo, oder wat fir Problemer déi zwee mat Autosplacken hunn. Donieft ginn awer och ënnert anerem iwwert Corona-Aktivitéiten, Sport-Virléiften oder komesch...
Published 11/02/20
Nuddele mat Trüffe zerwéiert vum Kim Kardashian, Hunnegdrëpp als Nationalgedrénks an Attitüde – de Jos den Hellen mécht et méiglech! Eigentlech heescht hien Daniel Moutinho an ass Farleerer. Als Stand-Up-Comedian ewéi och mat sengem Alter Ego bréngt hien de Lëtzebuerger hir Mondwénkelen zum Wackelen a suergt fir e bëssen Ofwiesslung am Alldag. Wéi gesäit d’Comedy-Zeen hei am Land aus, wou si seng Grenzen a wéi geet hie mat Feedback ëm? D’Äntwerten op déi Froen an e puer Raibergeschichte vun...
Published 10/18/20
An der neier Episod hunn d'Julie an de Chris et mam Dokter Daniel Patricio ze dinn. Aktuell mécht hie seng Spezialisatioun vum Anästhesist zu Bréissel. Hien zielt hinne wéi d'Bréisseler Attentater aus dem Joer 2016 dës Decisioun mat beaflosst hunn, a wéi dësen Dag fir d'Secouristen an d'Urgencen zu Bréissel ausgesinn huet. Ma als Bréisseler Student, huet den Daniel hinnen awer och e puer Saachen iwwert de „Baptême“ zu Bréissel verroden, oder villäicht och net?
Published 10/04/20
Schauspillerin, Entertainerin, Sängerin - scho säi ganzt Liewe laang steet d'Adrienne Haan op den Theater-Büne ronderëm d'ganz Welt. Mat him schwätzen d'Julie an de Chris iwwert de Chaos um Broadway, de Konkurrenz-Kampf am Business an d'Zukunft vum Kultur-Secteur. Donieft gëtt aus dem Publikum mat Iesse geheit an op Kommando gekrasch.
Published 09/21/20
Alles nei beim Schaarfen Ueleg: Nei Stëmm, e puer pikant nei Rubriken a vun elo un zwee Mol de Mount. Eng Saach bleift awer beim Alen: Et gëtt all Episod en Invité! Dës Kéier op Besuch ass de Jan – ATM an der Radiologie zu Ettelbréck am Spidol. Mat him schwätzen d’Julie an de Chris iwwert den Challenge a sengem Beruff, iwwert d’Coronakris an iwwer mëssgléckte Sexual-Praktiken.
Published 09/06/20
Fir déi nei Episod hunn de Ben an de Chris de Pilot Mika aus dem Simulator zu Wien afléie gelooss. Dës Kéier mat am Gepäck: Katz-Tute fir déi Schwaach, pikant Froe vun den Nolauschterer a ganz vill aner schaarf Raibergeschichten aus dem Cockpit!
Published 07/05/20
Déi zwee Ausname-Athlete Ben a Chris verléieren d'Schlappen...An där neier Episod gëtt nämlech haart duerchgegraff! Op Besuch ass den Til, hien ass zanter 3 Joer Basket-Arbitter a weist deenen zwee emol wéi den Hues leeft.
Published 06/08/20
Endlëch erëm en Invité! Mam Buschauffer Jeff schwätzen de Ben an de Chris doriwwer, wéi et ass hei zu Lëtzebuerg Bus ze fueren. Ausserdeem: Flott Hënneren, Buschaufferen déi schwaarz fueren a ganz uerg Raibergeschichten iwwer déi een haut laacht.
Published 05/14/20
De Schaarfen Ueleg dës Kéier wéinst deem Sch...-Virus ganz ontraditionell, mee dofir ganz intim, nëmme mam Ben a mam Chris. De Ben ass a Weltënnergangs-Stëmmung, de Chris klaakt seng Elteren an d’Pan an et gëtt eng Strof verdeelt – dat alles bei enger gudder Fläsch Béier.
Published 04/16/20
Vu "Kapëttercher am Virgäertchen", Pompjeeën an anere Raibergeschichten zesumme mam Luc Marteling.
Published 03/19/20