E Podcast fir jiddereen, dee méi iwwer de Sportlycée wëll gewuer ginn an den Nowuesssport an all senge Facette wëll kenne léieren. Dofir hëlt ären Host, d’Shari Schenten, sech fir all Episod Sportler, Experten, Enseignanten an och Trainer mat un d’Säit.
Wéi gesäit d’Schoul vu muer aus? Wéi kréien d’Schüler Schoul a Sport ënnert een Hutt? Wat gëtt vun den Enseignanten am Sportlycée erwaart?
Fir d’Äntwerten op dës a weider Froen ze kréie lauschtert all zweeten Donneschdeg Sportlycée - de Podcast!
An dëser Episod vu Sportlycée - DE PODCAST begréisst d'Shari Schenten dräi Gäscht, déi hir ganzen eegen Erfarunge mam Sportlycée gemaach hunn, respektiv grad nach maachen. Op Besuch sinn den aktuelle Schüler an Olympia-Gymnast Quentin Brandenburger an zwou eemoleg Schülerinnen, déi scho vill...
Published 05/22/24
Normalerweis froen d’ Proffen an der Schoul d’Schüler:Innen op. An dëser Episod ginn d’ Rollen awer e mol getosch an d’ Enseignantë musse Ried an Äntwert stoen.
D’Shari huet sech mam Lynn Peiffer, Yves Grandjean a Bob Kies dräi erfuere Proffen un d’Säit geholl a freet no, wat hir gréissten...
Published 05/08/24