Episodes
Normalerweis froen d’ Proffen an der Schoul d’Schüler:Innen op. An dëser Episod ginn d’ Rollen awer e mol getosch an d’ Enseignantë musse Ried an Äntwert stoen. D’Shari  huet sech mam Lynn Peiffer, Yves Grandjean a Bob Kies dräi erfuere Proffen un d’Säit geholl a freet no, wat hir gréissten Erausfuerderunge sinn a wat si motivéiert als Enseignant am Sportlycée ze schaffen.
Published 05/08/24
Published 04/24/24
Grad am Sportlycée verpasse Schüler:Inne mol deen een oder anere Cours wéinst Sport-Competitiounen am Ausland. Eng Erausfuerderung fir déi Jonk selwer, awer och fir d’Léierkräft, esou wéi fir de klassesche Schoulmodell, deen dorop net ausgeluecht ass. Mussen eng alternativ Leierkultur an individuell ugepasste Schoulstrukturen hir? Wéi gëtt dat aktuell am Sportlycée gehandhaabt a wéi gesäit d'Entwécklung aus? Dat beschwätzen d'Shari an den Educatiounsexpert, a Beroder vum Sportlycée, Murat...
Published 04/24/24
An der zweeter Episod vu Sportlycée - DE PODCAST geheie mir e Bléck hannert d'Kulisse vun den ënnerschiddleche Servicer déi am Sportlycée ugebuede ginn. Wat fir Servicer ginn et a wat ass hire Rôle? Fir dës Froen ze beäntwerten hëlt d'Shari sech an dëser Episod déi Responsabel vu verschiddene Servicer un d'Säit.  D'Dani Konsbruck, d'Tammy Diderich, d'Stéphanie Viellevoye an de Frank Muller erziele vun hirem Alldag am Lycée an och hiren Challengen. Lauschtert era fir méi gewuer ze ginn.
Published 04/10/24
Nowuessleeschtungssport: e schwéiert Wuert a komplext Thema, ma einfach fir vill driwwer ze diskutéieren. Genee dowéinst huet d'Shari sech fir dës Episod bekannten Nimm aus dem Fussball, dem Basket an aus dem Sportlycée selwer agelueden. Wie sinn eigentlech déi bekanntsten Nimm, déi aus dem Sportlycée kommen? Wat huet et mam Centre de Formation op sech? A wat sinn d'Vir- an Nodeeler wann een hei zu Lëtzebuerg SportlerIn wëll ginn? Doriwwer a méi schwätzt d'Shari mam Manuel Cardoni, Ken...
Published 03/27/24
De Sportlycée mécht elo e Podcast! Wat, oder wien, Iech do all zwou Wochen erwaart, dat gitt dir an dëser éischter Episod 0 gewuer. Op wéi eng Invitéeë kënnt Dir Iech freeën, wien ass den Host, wéi eng Froe gi gestallt a wat wëlle mir domat erreechen? Lauschtert eran an d'Welt vum Sportlycée fir e Bléck hannert d'Kulisse vun der Schoul a vum Nowuesssport an all senge Facetten ze kréien.
Published 03/21/24