Episodes
đïž De Laurent Hengesch & Alain Wildanger, d'GrĂ«nner vun Ilavska Vuillermoz Capital, si no mĂ©i wei 2 Joer an eisem Startup Corner Podcast zerĂ©ck! đ
Lauschtert elo eran a gitt mĂ©i iwwert hire Parcours an deene leschten zwee Joer gewuer. Ugeschwat ginn Theme wĂ©i FinanzĂ©ierungsherausfuerderungen an awer och Diversifikatioun vu Portofolios zu LĂ«tzebuerg. đŒ
MĂ€ dat ass nach net alles!Â
Ilavska Vuillermoz Capital huet séi Horizont iwwer d'Fintech eraus erweidert mat hirem neie Climatetech-Fong....
Published 04/18/24
Hues du dech scho gefrot wĂ©i Technologie Fraen ermĂ©igleche kann hire Kierper ze verstoen a soumat Kontroll iwwert hier Gesondheet ze hunn? đ± Oder villĂ€icht bass du virwĂ«tzeg a wĂ«lls wĂ«sse wĂ©i FemTech Startups wĂ©i Flo Health Frae generell hĂ«llefe kennen? Wei kann eng Startup een efficace Monitoring vun de menstruellen Zikelen tracken?
An der leschter Folge vum StartupCorner Podcast gĂ«tt dâJoelle Barthel, Brand Marketing & Creative Studio Direkterin bei Flo Health, en AblĂ©ck hannert dâApp...
Published 03/18/24
đïžUn all Hobby-Athleten an NaturfrĂ«nn! đïž đł Wann dir Iech fir AktivitĂ©ite wĂ©i Lafen, Wandere oder Mountainbike begeeschtert da lauschtert elo an dĂ©i lĂ€scht Folge vum Startup Corner Podcast eran! De Fred Giuliani a Philippe Lassine, d'GrĂ«nner vu Letztrail ginn een AblĂ©ck an hire Parcours de geprÀÀgt ass duerch hier lĂ©ift fir dâNatur. đ„ŸÂ
 Si erklĂ€re wĂ©i dir hier App, dĂ©i elo am FrĂ©ijoer disponibel wĂ€ert sinn, benotze kennt fir Ă€r nĂ€chst Outdoor-aktivitĂ©iten ze plangen.Â
Gitt méi iwwer Letztrail...
Published 02/26/24
đ Dir wĂ«llt wĂ«sse wĂ©i eng Tech #Trends 2024 ugesot sinn? đ An eiser Ă©ischter Folge vum Joer vum #StartupCorner Podcast, stellt de Yannick Oswald, Partner bei Mangrove Capital Partners dĂ©i neitsten Trends fir! Seng Missioun ass et haaptsĂ€chlech aussergewĂ©inlech #Startups an Europa ze entdecken a si ze Ă«nnerstĂ«tzen aus hiren Ideen aussergewĂ©inlech Produitâen op de MarchĂ© de brĂ©ngen.Â
Wann dir iech fir VC an Tech Entreprneurship interesséiert da klickt iech och duerch sÀin Blog:...
Published 01/26/24
đïžÂ WĂ«llt dir wĂ«sse wĂ©i eng Firma schnell wuesse kann an iwwer 100 Leit astelle kann ouni fundraising? Dann lauschtert onbedĂ©ngt elo an dĂ©i leschte Folge vum #StartupCorner #Podcast eran! De Loic Didelot, CEO a Founder vun @Mixvoip, erklĂ€ert wĂ©i Mixvoip vun enger Startup zu enger Firma mat verschidde Subsidiaries zu LĂ«tzebuerg, an der Belge an a DĂ€itschland ginn ass đ±
Mixvoip, 2008 gegrënnt, spezialiséiert sech haaptsÀchlech op Cloud-Telefonie an Internetléisungen a zielt haut zu de...
Published 12/20/23
Dir wollt scho Ă«mmer gĂ€ren investĂ©iere mee wĂ«llt genau wĂ«sse wou Ă€r Investissementer hi flĂ©issen a wĂ©i eng Entreprisen domadder Ă«nnerstĂ«tzt ginn? Dann ass Moniflo genau dĂ©i App dĂ©i dir ab elo scho kennt eroflueden!Â
Moniflo, eng lĂ«tzebuergesch App, gegrĂ«nnt vum Georges Bock, ermĂ©iglecht iech duerch personalisĂ©iert Recherchen de genauen Impakt vun Ă€ren Investissementer ze moosen sou dass dir fir iech persĂ©inlech entscheede kennt wou ran dir investĂ©iere wĂ«lltÂ
Duerch ganz detailléiert a...
Published 11/23/23
Et gëtt een Thema, do kennt keng Entreprise méi laanscht, sief et eng Startup, eng mëttelstÀnneg oder eng grouss Entreprise : an dat ass Cybersecurity. Duerch déi schnell Digitalisatioun sinn IT-Systemer extrem komplex ginn an et ass mëttlerweil keng Fro méi ob een ugegraff gëtt, mee wéini?
Den Oktober ass de Mount vun der Cybersecurity, dofir hu mer de CEO vum Luxembourg House of Cybersecurity, de Pascal Steichen, ageluede fir eis ze erklÀre wéi mer eis besser virbereede kennen.
Horrorfakt :...
Published 10/16/23
Wat d'Aventure méi grouss gett, wat d'Erausfuerderungen méi grouss ginn, an d'Success-Geschichten méi legendÀr ginn.
Eis alleréischt Startup Corner Podcast GÀscht sinn zréck fir eng epesch Episod 30!
Vun hirem bescheidenen Startup-Ufank bis zu enger absolutter Sensatioun, ass dem Salonkee seng Rees net manner wéi legendÀr: Si hunn 30 Milliounen an Finanzéierung geséchert!
Hier Ekipp ass vu 30 Mataarbechter op iwwer 115 gewuess!Si hunn och iwwert 4000 Salonen op hier Plattform bruecht!An Si...
Published 09/08/23
Keng Problemer méi fir de Verkéier ze vermeiden oder an de GeschÀfter ze stoen.
De Jacques Lorang, MatgrĂ«nner vu LuxCaddy, beherrscht dâKonscht vun den Liwwerungen vu last-minute Bestellungen an huet en eenzegaartegen AblĂ©ck wĂ©i LuxCaddy hir Clienten zefridde hĂ€lt.Â
An dësem Episod geet et awer net nëmmen ëm Liwwerungen, entdeckt mat Eis déi modern Welt vum E-Commerce zu Lëtzebuerg an wei LuxCaddy Innovation benotzt fir hir Servicer ze verbesseren.
Denkt drun, LuxCaddy.lu liwwert vu MĂ©indes...
Published 06/20/23
Vun der Verbindung tëschent #Elektrizitéit an #Gas bis zur Bedeitung vu erneierbarer Energiequellen! Entdeckt di faszinéierend Welt vu #Industrie & #Innovatioun, wÀrend mir mam Dr. Gaston Trauffler vum FEDIL schwÀtzen. Mat méi wéi 15 Joer Erfarung an der industrieller Politik an engem globalen Bléckwénkel, deelt de Gaston mat eis Fakte iwwer erneierbar Energien, Netzwierker an d'Landschaft vun der Industrie zu Lëtzebuerg. Lauschtert elo eran, an loosst Iech vun dësem Gespréich...
Published 05/22/23
WÀerten Mënschen eng aktiv Roll an der Zukunft vun AI spillen? A sengem TED Talk huet den Misch Strotz, CEO vun Neon Internet a Spezialist vu neie Medien, seng Visioun mat eis gedeelt , wéi kënschtleresch Intelligenz (AI) eis Kommunikatiounslandschaft fir ëmmer verÀnnert. Vu engem "A Priori Fake" Internet bis zu onendlechen Informatiounen déi Wirtschaftlech WÀerter verléieren, entdecke Mir déi nei Paradigmen vun onser digitaler Zukunft.
De #StartupCorner ass e #Podcast op LĂ«tzebuergesch...
Published 04/25/23
DĂ©i perfekt MĂ«schung vun Nostalgie an Innovatioun. An dĂ«sem Episod, Ă«nnerhalen mir eis mam Jacques PĂŒtz, Head of Product Management bei Proximus Luxembourg. De Mann hannert der ikonescher partu.lu, deen eemol den Kinnek vun der Clubzeen zu LĂ«tzebuerg war.
Â
Mir schwÀtzen iwwer sÀin Iwwergang zum CEO vun LUXHUB, enger vun den Gréissten Fintech Firmen zu Lëtzebuerg. Léiert iwwer seng Erfarung am PSD2, Open Banking, an un der Spëtzt vun der finanzieller Innovatioun an der Finanzwelt ze sinn....
Published 03/22/23
SĂ€in Geld investĂ©ieren muss net bedeiten datt een sech dovunner verabschide muss! đ
Maacht Iech prett fir e BlĂ©ck an d'Welt vun de Business Angels Investisseuren mam Romain Hoffmann, Board Director a Leeder vum Investitiouns-Kommitee vum Luxembourg Business Angel Network (LBAN). đ°
An dëser Episod deelt den Romain Geschichten vu sengem eegenen Parcours an d'Welt vun de Startups an erklÀert d'wÀertvoll Ressourcen, déi den LBAN ze bidden huet.
De #StartupCorner ass e #Podcast op...
Published 02/21/23
Wann een zu LĂ«tzebuerg en Multi-Entrepreneur am Secteur vun der Technologie sicht, da kennt een net laanscht de Xavier Buck.
Mat der GrĂ«nnung vum Computer Club als SchĂŒler, huet en sech haut virun allem e Numm mat senger Firma EuroDNS gemaach. 2022 huet hien och Luxembourg Startup Association matgegrĂ«nnt fir de Startups hei am Land eng StĂ«mm ze ginn an de ganzen Ekosystem no vir ze brĂ©ngen.
Lauschtert era wat de Xavier eis mat iwwert 20 Joer Erfarung als Tech-Entrepreneur an Investor ze soen...
Published 01/23/23
Wat geschitt wann Technologie a Gesondheet zesummen treffen?Â
An dĂ«sem Episod diskutĂ©iere mir mam Carole BrĂŒckler iwwer seng Aarbecht als Head of Digital Health Technologies am WirtschaftsministĂšre a wĂ©i hatt zum Wuesstem vun digitale Gesondheetsfirmen zu LĂ«tzebuerg bĂ€idrĂ©it.
D'Carole erzielt wéi Technologie de Gesondheetssecteur verÀnnert, wat fir hatt déi relevantsten Theme fir eng Digital Health Entreprise sinn a firwat et sou wichteg ass dass Regierungen an de BerÀich investéieren.
De...
Published 12/19/22
The sky is not the limit. Mir loossen eis Gedanken an den Himmel schwĂ€ife wĂ€rend deems dâLynn Zoenen eis alles iwwert dĂ©i verschidden AktivitĂ©iten vun sengem Investment Fond Alpine Space Ventures erzielt.
Mat engem Team aus erfuerenen Experten, déi aus Firme wei SpaceX kommen, wëll de Fond an déi nei Generatioun vun der Weltraumtechnologie investéieren.
Lauschtert eran fir erauszefannen wat fir eng Roll déi nei Weltraumindustrie an eisem Alldag spillt a wat de Stand vum EuropÀeschem...
Published 11/23/22
DĂ©i nĂ©ideg ZĂ€it verbrĂ©nge fir dâRekrutĂ©ieren ass wichteg fir seng Ekippen opzebauen. De Mike Reiffers, GrĂ«nner vu Skeeled, erzielt eis wĂ©i Patronen a Kandidaten de perfekte Match duerch hier Plattform kenne fannen.
Eng win-win Situatioun duerch Digitalisatioun awer och duerch nĂ©i WeeĂ«r fir dâProfiler vun de Kandidate besser ze verstoen.
Lauschtert elo eran an entdeckt wéi de Mike sÀin Entrepreneursgeescht opgebaut huet, a wéi hien an sÀi Matgrënner ënnert anerem hiren éischte Personal...
Published 10/18/22
đ Mer sinn zerĂ©ck aus der Summerpaus âïž mam LĂ«tzebuerger Entrepreneur Raphael Steil dee seng Financial-Technology (FinTech) Startup zu Berlin gegrĂ«nnt huet an do aktiv ass. Hien wĂ«ll mat senger Startup GetQuin dâSocial Media Platform vun de Finanzen ginn wou een sech iwwert seng Investments austauschen a sech verbessere kann.Â
 De Raphael erklĂ€ert eis awer och wisou hie mengt dass dâGrĂ«nnung vun enger Startup besser ass wĂ©i all Studiegang a wisou een zu 100% dra schaffe muss wann e wĂ«ll...
Published 09/06/22
đ Batterie sinn de SchlĂ«ssel fir eng nohalteg an erneierbar Energiepolitik. Dacks wann Dir denkt datt Dir um Enn vun eppes sidd, da suergt âCircular Economyâ dofir dass Dir um Ufank vun eppes aneschters stitt. Mat hirer Firma Circu Li-ion suergen den Antoine Welter an den Dokter Xavier Kohll fir Ă€re Batterien en nohaltege Liewenszyklus ze ginn. Lauschtert eran wĂ©i eng LĂ«tzebuergesch Startup de Batterien en 2. Liewe gĂ«tt!
De #StartupCorner ass e #Podast op LĂ«tzebuergesch iwwert Startups an...
Published 06/17/22
đ#Innovatioun kĂ«nnt nĂ«mme wann de Staat dĂ©i richteg Reizer setzt an en Ămfeld kreĂ©iert wou privat an Ă«ffentlech Innovatioun sech fanne kĂ«nnen. D'Sasha Baillie ass d'CEO vun der #LĂ«tzebuerger nationaler #Innovatiounsagence, Luxinnovation. Sie hĂ«lleft all Firmen, vu grouss bis kleng, an der LĂ«tzebuerger Wirtschaft nei HĂ©ichten z'erreechen. Lauschtert elo eran an entdeckt den Parcours vun engem richtege BrĂ©ckebauer fir virun allem eppes ze erreechen: #MakingInnovationHappen.
De #StartupCorner...
Published 05/19/22
DâStartup WEO an hir GrĂ«nnerinne Charlotte Wirion an Imeshi Weerasinghe benotze Satellitte Biller fir mĂ©i prĂ€zis Informatiounen iwwert eis Ămwelt eraus ze fannen an och mat Artificial Intelligence (AI) ze analysĂ©iere. DâZil ass et dass hir Clients mĂ©i qualitativ Informatiounen hunn fir besser Entscheedungen ze huele wat QualitĂ©it vum Buedem, VerhĂ«nnerung vun Naturkatastrophe mee och dâEntwĂ©cklung vun eiser Vegetatioun betrĂ«fft, an dat iwwerall an der Welt.Â
Des Weideren ass WEO vun 2 Frae...
Published 04/01/22
DâSteiererklĂ€rung an seng onendlech FroenâŠđ”âđ«
Duerch de @PatrickMalget an @Taxx.lu mussen Mir keng Expertâen mĂ©i sinn fir dâSteiererklĂ€rung ze maachen.
Entdeckt wéi Dir Steieren ganz einfach digitaliséiere kennt.
Anerdeems verspillt @Taxx.lu an dĂ«sem Episod d'Buch âLa dĂ©claration dâimpĂŽt facileâ fir 3 Persounen đ€©
Et ass ganz einfach:
1.Eng Persoun ënnert dësem Post taggen
2.Den Post op Àrem Account deelen
Deadline fir matzespillen:
01/04/2022Â
đVill GlĂ©ck
De #StartupCorner ass e #Podcast op...
Published 03/18/22
Wien huet nach ni dovunner gedreemt sÀi Gewiicht ze optimiséiere? Den André Wilmes a seng Firma Rafinex liewen nom Motto "less is more". Hir Ingenieursdesignsoftware, baséiert op enger ganz neier Recherche an der Mathematik, optimiséiert Produkter wéi Autoen, Fligeren, Roboteren etc. Entdeckt wéi Rafinex d'Zukunft vum Industriedesign revolutionéiert an och u ganz neie Produite wéi Flugtaxie schafft!
De #StartupCorner ass e #Podast op LĂ«tzebuergesch iwwert Startups an Innovatioun zu...
Published 02/18/22
En Entrepreneur wei keen aneren: De Patrick Kersten ass dat perfekt Beispill vun engem Multi-Entrepreneur. Vun der GrĂ«nnung vun deenen grĂ©issten an am meeschten benotzten Plattformen zu LĂ«tzebuerg wĂ©i zum Beispill Doctena an AtHome, bis op de Mentorship vun prominente Startups wei Silicon Luxembourg. SĂ€in Erfolleg ass keen Resultat vun Zoufall, mee basĂ©iert op Erfarungen vu senge ville Projetâe dĂ©i e SuccĂšs gi sinn mee och vu villen dĂ©i et net gepackt hunn. An dĂ«ser Episod erklĂ€ert eis de...
Published 01/14/22