Description
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir en Dialog tëscht dem Laurent an dem Anne, déi iwwer hir lescht Vakanz schwätzen (Niveau A2.2).
Vill Spaass beim Nolauschteren!
---
Transkript:
Anne: Hallo Laurent, wéi war deng Vakanz? Du waars dach mat denge Kanner ënnerwee, oder?
Laurent: Jo! Mir si fir zwou Woche mam Auto an Holland op d’Küst gefuer. Et war wierklech flott, an d’Kanner hate vill Spaass op der Plage.
Anne: Dat kléngt jo super! A wéi war d’Wieder?
Laurent: Zimmlech gutt. Et huet zwar e puer Deeg gereent, mee allgemeng hate mir Chance mam Wieder.
Anne: A sou. Wat hutt dir dann alles gemaach?
Laurent: Mir si vill mam Vëlo gefuer a mäin eelsten ass mam Draach geflunn. Wéi et gereent huet, si mir an eng Schwämm gefuer an d’Kanner ware begeeschtert!
Anne: Cool! An owes?
Laurent: An Holland ginn et vill Restaurante mat Spillplazen. Do kënnen d’Kanner dobausse spillen an d’Elteren hunn eng kleng Paus a kënnen och e bësse matenee schwätzen. An du, waars du och fort?
Anne: Jo, ech war fir e verlängerte Weekend op Berlin.
Laurent: A, mat Frënn?
Anne: Nee, ech war eleng. Meng bescht Frëndin huet kee Congé kritt.
Laurent: O, schued. Mee et war bestëmmt awer flott! Zu Berlin kann ee jo vill maachen.
Anne: Genee! Ech war a vill Muséeën an ech hu vill kulturell an historesch Plaze besicht.
Laurent: Dann hues de bestëmmt och vill Fotoe gemaach!
Anne: Jo, ech hunn esouguer een Owend eng Visite guidée mat engem Fotograf gemaach. Do hunn ech geléiert, wéi een am beschte Fotoe vun enger Stad mam Handy mécht.
Laurent: Wow, dat kléngt wierklech interessant. Déi muss de mir dann eng Kéier weisen! Bass de mam Fliger geflunn?
Anne: Nee, ech hunn den Zuch geholl. Dat war méi bëlleg an et ass och méi nohalteg. Ech si just eng Kéier zu Köln ëmgeklomm.
Laurent: Hat däin Zuch da keng Verspéidung?
Anne: Nee, et huet glécklecherweis alles geklappt. Ech hat Chance! Komm, ech weisen dir emol e puer Fotoen.