Check-in am Hotel & Weebeschreiwung am INLL
Listen now
Description
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir zwou Weebeschreiwungen. Fir d'éischt lauschtere mir en Dialog am Hotel, an duerno héiere mir eng Weebeschreiwung am INLL (Niveau A2.1). Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Check-in am Hotel Cliente: Gudde Mëtteg! Ech hunn eng Reservatioun op den Numm Hoffmann. Receptionnist: Gudde Mëtteg, Madamm Hoffmann! Wëllkomm am Hotel Schéi Vue. Kann ech Är Carte d’identité gesinn, wannechgelift? Cliente: Jo, kee Problem, hei ass de. Receptionnist: Merci! Ok. Ech gesinn, dir hutt en Eenzelzëmmer fir zwou Nuechte reservéiert. Ass dat richteg? Cliente: Jo.  Receptionnist: Perfekt. Äert Zëmmer ass och scho prett. De Kaffi gëtt moies vu siwe bis zéng Auer an eisem Restaurant zerwéiert. Cliente: Wou ass de Restaurant, wannechgelift? Receptionnist: Dir gitt hei no lénks duerch d’Bar an dann déi éischt Dier no riets. Cliente: Merci. Gëtt et och e Fitness? Receptionnist: Jo, deen ass am Sous-soul am Wellnessberäich. Fir dohin ze komme gitt dir hei d’Trap erof oder dir huelt de Lift. De Fitness ass vu moies siwe bis owes zéng Auer op. Cliente: A flott, et gëtt och e Wellness! Receptionnist: Jo, dee kascht awer 15€ Supplement pro Dag.  Cliente: Jo, dat ass an der Rei. Gutt, da ginn ech elo op mäin Zëmmer. Receptionnist: Hei ass är Zëmmerkaart. Dir hutt d’Zëmmer 527, dat ass um fënnefte Stack. Dofir huelt Dir am beschten hei de Lift. Wann dir dann uewen erausklammt, gitt dir no riets de Gank erof an Äert Zëmmer ass op der lénkser Säit. Cliente: Gutt, Villmools Merci! Receptionnist: Gär! Awar. Weebeschreiwung am INLL Apprentant: Moien! Ech hunn eng Fro, wgl. Mäi Cours fänkt haut un an ech weess net, wou mäi Sall ass. Kënnt dir mir hëllefen, wgl.? Sekretariat: Jo, natierlech. Wat fir e Sall sicht dir dann? Apprenant: De Sall 237.  Sekretariat: O jo, deen ass net einfach ze fannen. Also fir d’éischt gitt Dir hei déi grouss Trap erop bis op den zweete Stack. Da gitt dir no lénks de Gank erof, an dann nach eng Kéier no lénks. De Sall 237 ass déi drëtt Dier op der rietser Säit.  Apprenant: O jee, ech hoffen ech fannen dat. Ech wëll mir awer och nach virum Cours e Kaffi siche goen. Gëtt et hei am INL eng Cafeteria? Sekretariat: Jo, déi ass ganz einfach vun hei aus ze fannen. Dir gitt elo hei um Rez-de-chaussé no lénks an dann d’Trap erof op de -1, an da riichtaus. Da sidd dir an der Kantin!  Apprenant: Super! Da ginn ech nach séier viru mengem Cours laanscht. Merci! Sekretariat: Gär geschitt! An iwwregens, dir kënnt am Keller och einfach de Lift op den zweete Stack huelen. Dir musst awer da fir d’éischt iwwert de Gank bis op déi aner Säit vum Gebai goen.  Apprenant: An der Rei, Merci!
More Episodes
Published 06/27/24
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir eng Sproochnoriicht vum Ariane. Hatt erzielt eis vu senger Vakanz, déi leider net esou flott war. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Hallooo! Pardon, datt ech sou spéit äntweren, ech hunn deng Sproochnoriicht elo réischt...
Published 06/25/24
Published 06/25/24