Apropos : Konsequent inkonsequent!, 02/07/2018
Listen now
Description
Apropos : Konsequent inkonsequent ! 2.7.2018 12h50Uso : De Mënsch, dat komplext Wiesen, stellt ëmmer nees nei Reegelen op, fir se da selwer ze briechen. De Camille Ney huet dat och nach viru Kuerzem festgestallt…RTL-LUX 02/07/2018 Apropos Konsequent inkonsequent 12h50 Wann Dir erlaabt, ginn ech emol kuerz mat Iech doheem an d’Buedzëmmer. Do hänkt Äert Buedduch un engem Krop oder laanscht eng Heizung. Lo sidd emol éierlech : no der wéivillter Dusch oder Buedbidden wiesselt Dir dat Duch? No der 3., 4., 6. … Loosse mer emol einfach soen, wann Dir et net méi kënnt richen! Ech war déi läscht Wochen dacks an ënnerschiddlechen Hoteller ënnerwee a bal iwwerall houng e gréngt Schëld un der Mauer, wat, ëmmer op eng aner Aart a Weis ausgedréckt huet, dass een, der Ëmwelt zu Léift, säin Handduch op de Buedem oder an e Kuerf soll geheien, wann een et gär duerch en Neit ersat hätt. A wann et um Krop oder un der Heizung géif hänken, géif dat heeschen, dass een et nach kënnt richen an och weider wëll gebrauchen. Quetschen och! Egal wou et gehaang huet, ech hat deen Dag drop, oder esouguer den Dag selwer, ëmmer nei a frësch gestreckten Dicher do hänken. Firwat, hunn ech mech gefrot? Mengt d’Zëmmermeedchen iren, ech géif déi Reegel un der Mauer op däitsch an op englesch net verstoen? Oder hu schonn esouvill Leit viru mir an der Receptioun ugeruff fir sech ze beschwéieren an nei Dicher ze froen, dass si sech dee Wee wollt spueren? An elo hunn ech nach guer net vum Schëld geschwat, dass mir Männer eis solle sëtzen. Oder dass et bei der Toilettespull 2 Knäppercher gi fir déi kleng a grouss Kommissioun? Och déi Reegele si meeschtens fir déi aner, et gesäit jo keen et! De Mënsch ass ebe vun Natur aus konsequent inkonsequent ! Firwat sinn d’Weltmierer, d’Flëss an d’Bëscher voller Plastik? Kommt mir huelen eis emol déi gutt Virsätz fir déi grouss Vakanz an halen eis u gewësse Reegelen – eiser Ëmwelt an eise Kanner zu Léift !
More Episodes
Mat deem waarme Wieder, wat mir am Moment hunn, kéint ee schonns bal mengen, mir wiere matzen dran: an der grousser Vakanz. An neen, ech huelen dat elo net als Ophänkert, fir mech iwwert Enseignanten opzereegen. Ech ginn dovunner aus, datt di meescht vun hinne se verdéngt hunn, Erhuelung brauchen...
Published 07/12/18
"Elo kuckt et schonn nees d'Luucht aus!" dat sot mäi Papp fréier dacks wann e mech dobäi erwëscht huet, dass ech gedreemt hunn, aplaz meng Hausaufgaben ze maachen. Mä d'Luucht aus kucken, am Sënn vun an den Himmel kucken, dat hunn d'Leit nawell zu allen Zäite gemaach. Wien zum Beispill den...
Published 07/11/18
Wanderen, dat ass... ee Schratt virun deen anere setzen. A nach eemol, a nach eemol. Stonnelaang, deemno wéi e groussen Tour ee wëllt maachen. Dat ass guer net esou liicht, dat auszehalen. Déi Rou do vrum Bierg mécht eis nervös. Mer sinn dat nit méi gewinnt. Dee Manktem vu permanent neie Reizer,...
Published 07/10/18