Episodes
Mat deem waarme Wieder, wat mir am Moment hunn, kéint ee schonns bal mengen, mir wiere matzen dran: an der grousser Vakanz. An neen, ech huelen dat elo net als Ophänkert, fir mech iwwert Enseignanten opzereegen. Ech ginn dovunner aus, datt di meescht vun hinne se verdéngt hunn, Erhuelung brauchen an och Zäit, fir nei Course virzebereeden oder di eng oder aner Formatioun ze suivéieren.Fir mech ass d’grouss Vakanz e wichtege Moment fir eis all, fir e bësse méi lues ze trëppelen. Grad d’Kanner...
Published 07/12/18
"Elo kuckt et schonn nees d'Luucht aus!" dat sot mäi Papp fréier dacks wann e mech dobäi erwëscht huet, dass ech gedreemt hunn, aplaz meng Hausaufgaben ze maachen. Mä d'Luucht aus kucken, am Sënn vun an den Himmel kucken, dat hunn d'Leit nawell zu allen Zäite gemaach. Wien zum Beispill den Asterix gelies huet, dee weess dat dee couragéierte Gallier nëmmen eppes gefaart huet: dass den Himmel him kéint op de Kapp falen. Doriwwer huet ee gelaacht, mä kéint dat wierklech geschéien? Den 30ste Juni...
Published 07/11/18
Wanderen, dat ass... ee Schratt virun deen anere setzen. A nach eemol, a nach eemol. Stonnelaang, deemno wéi e groussen Tour ee wëllt maachen. Dat ass guer net esou liicht, dat auszehalen. Déi Rou do vrum Bierg mécht eis nervös. Mer sinn dat nit méi gewinnt. Dee Manktem vu permanent neie Reizer, déi eis an eisem gewéinleche Liewen haut permanent ëm d’Ouere fléien, mécht eis onroueg.  Wien einfach liewe wëllt, muss och alt emol Langweil aushale kënnen. Mee – kënne mer dat nach? Wou mer gewinnt...
Published 07/10/18
Dat waren zwou opwenneg ugeluechten Etuden, déi sech souguer iwwer 75 Joer gezunn hunn an do koum eraus dass et gutt Bezéiunge sinn, déi eis frou, méi gesond a méi glécklech maachen. Et géif do net ëm d'Zuel vun de Frëndschafte goen, mä éischter ëm d'Qualitéit vun deene Relatiounen.Natierlech gutt Frënn kommen net vum Himmel gefall an och den ideale Partner ass net direkt ëm den Eck. Déi beschten Adress fir Frënn ze fannen ass do sécher net Facebook oder soss sozial Netzwierker, wou ee mat...
Published 07/09/18
Ech war schonn e bëssen iwwerrascht, wéi ech viru Kuerzem héieren hunn, datt déi meescht Burn-outen net vum Stress op der Aarbecht kommen oder vun deene sëllechen Iwwerstonnen, déi een drummt. De Burn-out entsteet, well een net dofir Merci gesot kritt, well et un d'Dankbarkeet feelt.De Problem ass also, datt engem seng Aarbecht net méi gesi gëtt, datt se net gewierdegt gëtt. Firwat? Vläicht well ee selwer net méi richteg gesi gëtt. Fräi nom Decartes: Ech schaffen, also sinn ech. A ginn och...
Published 07/05/18
Op Kiischten däerfs du net drénken, soss kriss du de Bauch wéi – sot meng Mamm mir ëmmer.  Wann ech net esou e brave Jong gewiescht wier, deen ëmmer gefollegt huet, dann hätt ech deemools scho gemierkt, datt dat net stëmmt.    De Summer si mir ëmmer an e Weier schwamme gaangen. Hei war d’Directive, eréischt 2 Stonnen nom Mëttegiessen an d’Waasser ze sprangen, soss géif et engem schlecht ginn. Alles Mumpitz, heescht et haut.Mëllech ass no neisten Erkenntnisser net optimal fir Kanner. Midd...
Published 07/04/18
Et schéngt wéi wann haut net méi vill Leit weise wat hinne gefält a wat net. Villäicht ass et d'Angscht doduerch net bei deenen Aneren acceptéiert ze ginn. Kann et sinn, dass een dacks lauschtert wat dee vis-à-vis engem esou verzielt fir esou eng Iddi ze kréien no där ee sech äussere kann?Et mécht den Androck wéi wann ee net méi decidéieren wëll, wien een dann u senger Säit wëll hunn, et geet ee bei den Zwëschemënschleche-Bezéiungen op den Zéiwespëtzten, well een dacks Angscht huet, dass dës...
Published 07/03/18
Apropos : Konsequent inkonsequent ! 2.7.2018 12h50Uso : De Mënsch, dat komplext Wiesen, stellt ëmmer nees nei Reegelen op, fir se da selwer ze briechen. De Camille Ney huet dat och nach viru Kuerzem festgestallt…RTL-LUX 02/07/2018 Apropos Konsequent inkonsequent 12h50 Wann Dir erlaabt, ginn ech emol kuerz mat Iech doheem an d’Buedzëmmer. Do hänkt Äert Buedduch un engem Krop oder laanscht eng Heizung. Lo sidd emol éierlech : no der wéivillter Dusch oder Buedbidden wiesselt Dir dat Duch? No...
Published 07/02/18
Mäin eelst Meedchen an ech ginn heiansdo an der Mëttespaus an e kléngen türkesche Restaurant iessen. Ech muss soen, datt ech am Fong net wierklech nogelauschtert hunn, wann di aner Clientën hiert Iessen um Comptoir bestallt hunn. Bis viru kuerzem. Mäi Kand huet mech nämlech virun e puer Méint dorop opmierksam gemaach, datt kaum ee vun den hongregë Mënschen, déi erakommen, „Wannechgelift“ oder „Merci“ seet.Säitdeem féiere mer da regelméisseg eis „Feldstudien“ duerch. Di éischt hallef Stonn...
Published 06/27/18
Neen, ech mengen domadder net illegal a bëlleg Kopië vun deiere Moudemarken an och keng schlecht gekleete Dammen an Hären an ech viséieren och keng Modell-Casting Showen. Mir ass dee Begrëff einfach esou an de Kapp komm, wéi ech lescht Woch de Reportage iwwer déi amerikanesch First Lady an hir gréng Jackett gesinn hunn. Et war där praktescher Parkae mat Kaputz een, déi een esou ganz onkomplizéiert kann undoen an dee sportlech a bequem wierkt an bei den Zweck vun der Visite passt, hunn ech mer...
Published 06/25/18
E gëllt an eise Géigenden als déi beléifste Joereszäit, knapp virum Fréijoer. Jo, och bei mir ass de Summer an der Hitparade vun de Saisonen déi kloer Nummer 1. Deen onvergiessleche Georg Danzer huet et 1977 a sengem Lidd “Elfie” mat dëse Wierder op de Punkt bruecht:“... wenn der Sommer riecht nach Kinderfreibad, nach Teer und Benzin ...”De Summer – ëmmer nach e Synonym fir Sonn a Vakanz, fir oppe Schwämmen, laang Grill-Owenter, kuerz Boxen an och mol en zolitt Donnerwieder. Där hate mer zwar...
Published 06/21/18
Méi treffend kann een et net soen, ween al gëtt, brauch en déckt Fell. Sécher, et ass dëser Deeg méi agreabel al ze ginn, verglach elo mat fréier. Ugefaange mat de Medikamenter, déi sou munch Péng wech huelen, den Installatioune fir dass ee besser aus dem Bett, op d'Toilett oder viru kënnt.Et kritt een Hëllef doheem, wann ee se ufreet oder et kann ee säin Alter mat anere Mënschen an engem CIPA verbréngen.Am Fong kléngt alles gutt, kann een awer och vun engem anere Bléckwénkel aus gesinn:...
Published 06/18/18
Ech héieren se schonn, déi vill Kregéiler.  Eng WM a Russland ass e Skandal. Argumenter hu si wäereg genuch:  d‘Krim,  Syrien, kauscher Presidentschaftswalen, d’Verletzung vun de Mënscherechter, den Ëmgang mat den Oppositionellen,  en „iertemlech“ ofgeschossene Passagéierfliger mat 298 Leit u Bord. A  souwisou si jo all Sportler an deem Land gedoppt..Fir mech ass eng Weltmeeschterschaft awer nach ëmmer e sportlecht Evenement. Bal 1,3 Millioune Fans gi fir déi 63 Matcher an den 12 Stadien ...
Published 06/14/18
En Trottoir ass reservéiert fir d’Foussgänger. Déi duerfen och e Vëlo nieft sech drécken, oder eng Schubkar, Kannerpoussette oder –Kutsch viru sech. Den Zebrastréch, dee jo gezeechent ass mat dräieckegem Schëld mat Männchen drop, ass reservéiert fir d’Foussgänger an déi virdru scho genannten. Sou wäit sou kloer. Firwat et déi Gebueter a Verbueter an eisem Code de la Route ginn, huet sécherlech e Sécherheetssënn. Ob jidderee se kennt, ass eng aner Gei. Dass jidderee sech drun hält – oh...
Published 06/13/18
Nee, ech schwätzen elo hei net vun deenen Drogen oder Flüchtlingen, déi heiansdo an esou Camionen entdeckt ginn, mee vun eppes, wat mir all Dag brauchen: Toilettëpabeier! Leschte Mëttwoch koum d’Nouvelle, dass e Camion voll mat deem prakteschen Artikel op der franséischer A 31 a Brand stoung! Stonnelaang war den Trafic a Richtung Lëtzebuerg gestéiert – et war fir ze sch… weessen! Wéi de Brand entstan war – hat de Chauffeur vläicht ee gelooss, dee mat senger Zigarett a Brand gerode war – ass...
Published 06/12/18
Et gëtt jo oft gesot, an der Schoul sollt ee fir d’Liewe léieren. Abee, dëst Joer ass dat am richteg Sënn vum Wuert a ville Schoule geschitt. Dat am Kader vun der Campagne Réagis vum LRC (dem Luxembourg Resucitation Council) zesumme mam Unterrechtsministär. Ëm wat geet et bei där Campagne?No engem Pilotprojet am Joer 2015 sinn am Ufank vun dësem Schouljoer e Grupp Mataarbechter vun all Lycée hei am Land forméiert ginn. Si hunn di adequat Geste geléiert, fir am Fall vun engem plëtzlechen...
Published 06/11/18
Am Ufank wousst ech net wat et mat dem Begrëff op sech huet. Ech hu mir geduecht, schon erëm eng Ofkierzung. Där ginn et jo iwwerall. D‘Erklärung hunn ech als Lieser direkt kritt. Et ass näischt Ustiechendes! FOMO ass d‘Ofkierzung fir „Fear of missing out“, also d‘Angscht eppes ze verpassen. Am meeschten sinn déi Jonk dovunner betraff.Si fäerten zum Beispill déi beschte Party ze verpassen, an hetzen dofir vun enger Party op déi nächst. Vläicht ass déi wou se net gin, “the place to be” op deem...
Published 06/07/18
Wien eng Dier zou mécht, mécht dat net aus Stolz a scho guer net well e Feig ass. Et mécht een dat meeschtens well dat, wat mer investéiert hunn näischt mat deem wat mer kritt hunn ze dinn huet. Et huet ee keng Loscht méi well d'Puzzlestécker net passen. An da kënnt de Sproch an dee kenne mer all. Wann eng Dier zou geet, geet eng Aner iergendwou op. A genee hei muss een oppassen. Déi nei Dieren déi nei Universumen vu Méiglechkeeten komme net vu Geeschterhand. Mir mussen aktiv ginn a se...
Published 06/06/18
Viru Kuerzem war et nees esou wäit, 't huet gekribbelt an de Fanger an ech hu mer eng Zeitung gekroopt. Bon, am Fong hunn ech mer eng gezoppt, well ech hunn eng "Süddeutsche" aus der Redaktioun entfouert. Firwat grad eng "Süddeutsche"? Well se mech u meng Unisstad erënnert ... a well se sou mudderséileneleng do louch.D'Zäit, eng Zeitung, esou eng super Kombinatioun aus Contenant a Contenu richteg ze genéissen, feelt leider an der Reegel. Dofir kënnt et dann och alt emol vir, datt ech...
Published 06/05/18
Zënter Woche verschwënnt den Iessdësch ënner Bierger vu Pabeier. Ech hunn et scho laang opginn fir déi sëlleche Schoulbicher, Fotokopien an handgeschriwwen Noten all Kéiers ewechzeraume wann ech den Dësch decke wëll. Se ginn e wéineg op d'Säit geréckelt, et gëtt eppes Klengs z'iessen, a soubal d'Telleren an der Spullmaschinn verschwonne sinn, mécht sech d'Pabeierlawinn nees breet. Et ass ongewinnt roueg am Haus, keng Tele a kee Radio dee leeft, an de Stëbssuckler huet souzesoen Hausverbuet....
Published 06/04/18
Ech oute mech - ech kucke gär Tëlee. Kucken och villes, oder besser gesot zappe mech och duerch villes wat schlecht ass fir mol ze wësse wat et da gëtt. ''Schwiegertochter gesucht'', ''Adam und Eva'',''Bachelor'',''Verdachtsfälle'' op der franséischer an däitscher Tëlee... déi elle Lëscht ass onendlech. Dacks drécken ech séier weider op menger Tëleecommande, well ech mech schumme fir déi Leit, déi do sech hierginn fir bei sou engem Kabes derbäi ze sinn.Déi leschte Woch war d'Final vun...
Published 05/31/18
Wat hunn ech eppes Bréiwer kritt an de leschte Méint a Joren! Bréiwer mat Neiegkeeten, op déi ech emol guer net gewaart hunn an déi ech och net vermësst hätt, wa se net komm wieren. Mä einfach esou koumen se jo och net bei mech. Viru Joren hunn ech op engem Seminaire eng jonk Fra héiere soen: "Wann eng Informatioun fir mech wichteg ass, da kënnt se bei mech. Ech muss net dauernd duerno sichen". E Saz, deen ech nach ëmmer am Kapp hunn, well en esou einfach erkläert wéi eis Informatiounswelt...
Published 05/30/18
An deem Projet Repicturing Homeless sinn Obdachloser fotograféiert ginn, awer net an dem gewinnte Kader. Op de Fotoe gesäit een se als Geschäftsmann, Moudedesigner oder Barkeeperin. Si kënnen net gleewen, datt si dat selwer op de Fotoe sinn. D'Fotoen gi verkaaft an den Erléiss ass fir d'Sans-Abrisen.Bis lo waren si gewinnt, datt d'Leit ofwäertend op si reagéiert hunn. Ee vun de Biller hänkt un der Johinneskirche zu Düsseldorf an dat an der Gréisst vun zéng op zéng Meter. Den Obdachlosen deet...
Published 05/29/18
Jo, ech fueren Auto. Jo, ech fuere Vëlo. Kennen also, ewéi vill anerer och, béid Säite vun der Medaille. Déi Medaille, déi jo och béid Säiten sech ëmmer nees wëllen ëmhänken. Als Gewënner am Klengkrich op de Lëtzebuerger Stroossen, resp. op de sozialen Netzwierker oder am direkte Face-à-face um Staminet. Wiem gehéiert d'Strooss? Fir mech ass se do fir alles, wat op 2, 4 oder méi Rieder ënnerwee ass. Woubäi d'Autobunnen an d'Vëlosweeër exklusiv fir hir respektiv Clientèle reservéiert sinn. An...
Published 05/28/18
Mir liewen op der Iwwerhuelspur. Alles muss séier an am beschte mateneen erleedegt ginn. Zäit ass Geld! D’Digitaliséierung, déi alles nach méi séier mécht, erhéicht den Drock op de Mënsch, deen net esou séier kann denken, wéi déi Maschinn, déi hie bedéngt. Fast food, fast track, convenience food, one-stop- oder Power-shopping… des englesch Wieder soen et schonn: et ass eng importéiert Kränkt! Déi ganz Welt dréint méi séier a kee ka se bremsen! A Moies fänkt schonn alles schlecht un – mir...
Published 05/24/18