Wat eis gefällt a wat net, 03/07/2018
Listen now
Description
Et schéngt wéi wann haut net méi vill Leit weise wat hinne gefält a wat net. Villäicht ass et d'Angscht doduerch net bei deenen Aneren acceptéiert ze ginn. Kann et sinn, dass een dacks lauschtert wat dee vis-à-vis engem esou verzielt fir esou eng Iddi ze kréien no där ee sech äussere kann?Et mécht den Androck wéi wann ee net méi decidéieren wëll, wien een dann u senger Säit wëll hunn, et geet ee bei den Zwëschemënschleche-Bezéiungen op den Zéiwespëtzten, well een dacks Angscht huet, dass dës méi an Déift ginn.Et mécht eis Angscht e Striptease fir d'Séil dohinner ze leeën bei deem deen aneren gesäit wien mir wierklech sinn. Mir hunn Angscht eis Ängschten ze weisen an esou eis Séil fir Blessen op ze maachen, sech falen ze loossen a sech vun engem Aneren opfänken ze loossen.Mécht et eis net eng riseg Angscht d'Surface vun allem wat ëm eis ass ze duerchbriechen? Eng Alternativ ass an deem Fall léiwer näischt ze soen a sech a säi Schleekenhaus zeréck ze zéien.Alles wat ee net seet bleift an eisem Ënnerbewosstsinn a gëtt zu engem Knuet, deen heiansdo och wéi doe kann. Wat een net seet, verfollegt eis, well et eis zu Prisonéier vun eis selwer mécht, dat suergt erëm dofir, dass ee sech vu Mënschen distanzéiert, déi ee gären huet, net nëmmen an der Partnerschaft. D'Verbindung tëscht de Gefiller verschwënnt. Soen wat ee fillt a fille wat ee seet, dat ass e bidirektionale Prozess, deen an der enger an an der anerer Richtung klappe sollt.Et ass nëmmen esou wéi een et fäerdeg bréngt ze sinn wee mir sinn a wéi mir fillen.Natierlech ass hei och dat néidegt Taktgefill gefrot. Wee sech hei behëlt wéi eng Aaxt am Bësch, deen distanzéiert sech och ganz séier vun deenen, déi een dach eigentlech gären huet.
More Episodes
Mat deem waarme Wieder, wat mir am Moment hunn, kéint ee schonns bal mengen, mir wiere matzen dran: an der grousser Vakanz. An neen, ech huelen dat elo net als Ophänkert, fir mech iwwert Enseignanten opzereegen. Ech ginn dovunner aus, datt di meescht vun hinne se verdéngt hunn, Erhuelung brauchen...
Published 07/12/18
"Elo kuckt et schonn nees d'Luucht aus!" dat sot mäi Papp fréier dacks wann e mech dobäi erwëscht huet, dass ech gedreemt hunn, aplaz meng Hausaufgaben ze maachen. Mä d'Luucht aus kucken, am Sënn vun an den Himmel kucken, dat hunn d'Leit nawell zu allen Zäite gemaach. Wien zum Beispill den...
Published 07/11/18
Wanderen, dat ass... ee Schratt virun deen anere setzen. A nach eemol, a nach eemol. Stonnelaang, deemno wéi e groussen Tour ee wëllt maachen. Dat ass guer net esou liicht, dat auszehalen. Déi Rou do vrum Bierg mécht eis nervös. Mer sinn dat nit méi gewinnt. Dee Manktem vu permanent neie Reizer,...
Published 07/10/18