Apropos: D'Luucht aus kucken, 11/07/2018
Listen now
Description
"Elo kuckt et schonn nees d'Luucht aus!" dat sot mäi Papp fréier dacks wann e mech dobäi erwëscht huet, dass ech gedreemt hunn, aplaz meng Hausaufgaben ze maachen. Mä d'Luucht aus kucken, am Sënn vun an den Himmel kucken, dat hunn d'Leit nawell zu allen Zäite gemaach. Wien zum Beispill den Asterix gelies huet, dee weess dat dee couragéierte Gallier nëmmen eppes gefaart huet: dass den Himmel him kéint op de Kapp falen. Doriwwer huet ee gelaacht, mä kéint dat wierklech geschéien? Den 30ste Juni war offiziell den "Asteroid day", den Dag vun den Asteroiden.  Och hei am Land goufen et fir den Dag eng Rei Evenementer , ënner anerem eng grouss Emissioun mat ville Spezialisten déi hei an der RTL City opgeholl gouf. Den Datum geet iwwregens op den 30ste Juni 1908 zeréck, wou tatsächlech en Asteroid op d'Äerd gefall ass, an dobäi ronn 2000 km2 Bësch plattgemaach huet, eng Fläch ongeféier esou grouss wéi Lëtzebuerg. Zum Gléck ass en iwwert enger onbewunnter Géigend a Sibirien erofkomm, an et goufe keng Affer ze bekloen.Technesch gesinn hu mer ëmmer besser Méiglechkeeten fir Himmelskierper déi der Äerd geféierlech no komme kéinten relativ fréi z'entdecken. An et gëtt och dru geschafft fir esou en "Near Earth Object" wéi se am Fachjargon genannt ginn, eventuell aus der Bunn ze lenken, ewech vun eisem Planéit, op dem mer jo, trotz alle Problemer déi mer hei ënnen esou hunn, nach gäre weider liewe wëllen. Mä wéi géif d'Mënschheet mat der Perspektiv vun esou enger Katastrof ëmgoen? Géife mer et fäerdegbréngen fir iwwer all Grenzen ewech zesummenzeschaffen an eist Iwwerliewen ze sécheren? Oder géifen sech just e puer Superräicher a Sécherheet bréngen an de Knuppert aus sécherer Distanz kucken? Déi leschte Kéier wou e wierklech groussen Asteroid d'Äerd getraff huet, viru ronn 65 Millioune Joer, hunn nach d'Dinosaurier hei gelieft. Si haten deemools keng Chance. Wéi et eis ergoe géif, dat steet, wuertwiertlech, an de Stären. Well dass e Problem technesch ze léisen ass, heescht jo net ëmmer, dass en och tatsächlech geléist gëtt. Meeschtens sinn et ökonomesch, politesch an eng Hellewull aner Interessen déi dat verhënneren, soss hätte mer hei ënnen Villes scho laang am Grëff. Mä wa mer et net fäerdegbréngen eis op dat Wesentlecht ze konzentréieren aplaz eis permanent ze zerstreiden an ze bekrichen, dat kéint et eis eng Kéier d'selwecht goen wéi den Dinosaurier. 
More Episodes
Mat deem waarme Wieder, wat mir am Moment hunn, kéint ee schonns bal mengen, mir wiere matzen dran: an der grousser Vakanz. An neen, ech huelen dat elo net als Ophänkert, fir mech iwwert Enseignanten opzereegen. Ech ginn dovunner aus, datt di meescht vun hinne se verdéngt hunn, Erhuelung brauchen...
Published 07/12/18
Wanderen, dat ass... ee Schratt virun deen anere setzen. A nach eemol, a nach eemol. Stonnelaang, deemno wéi e groussen Tour ee wëllt maachen. Dat ass guer net esou liicht, dat auszehalen. Déi Rou do vrum Bierg mécht eis nervös. Mer sinn dat nit méi gewinnt. Dee Manktem vu permanent neie Reizer,...
Published 07/10/18
Dat waren zwou opwenneg ugeluechten Etuden, déi sech souguer iwwer 75 Joer gezunn hunn an do koum eraus dass et gutt Bezéiunge sinn, déi eis frou, méi gesond a méi glécklech maachen. Et géif do net ëm d'Zuel vun de Frëndschafte goen, mä éischter ëm d'Qualitéit vun deene Relatiounen.Natierlech...
Published 07/09/18