Apropos vum Roland Kalté - Einfacht Liewen, 10/07/2018
Listen now
Description
Wanderen, dat ass... ee Schratt virun deen anere setzen. A nach eemol, a nach eemol. Stonnelaang, deemno wéi e groussen Tour ee wëllt maachen. Dat ass guer net esou liicht, dat auszehalen. Déi Rou do vrum Bierg mécht eis nervös. Mer sinn dat nit méi gewinnt. Dee Manktem vu permanent neie Reizer, déi eis an eisem gewéinleche Liewen haut permanent ëm d’Ouere fléien, mécht eis onroueg.  Wien einfach liewe wëllt, muss och alt emol Langweil aushale kënnen. Mee – kënne mer dat nach? Wou mer gewinnt sinn, bal just nach kuerzfristeg Befriddegungen ze realiséieren. Esou wéi mer dat jo permanent virgeknat kréien. An enger Pub hunn ech vru kuerzem gesinn, wéi jong Leit wäit ewech vun der Zivilisatioun op e Bierg gewandert sinn. Owes – nach ëmmer uewen um Bierg, Zelt opgeriicht, gegrillt iwwer engem Lagerfeier. Dunn, mueres, op d’Schi geklommen an duerch de Polverschnéi erof. An dat alles an e puer Sekonnen. Wou se uewen am Schnéi dréchent Holz fonnt hunn fir ze grillen, wéi se dee ganze Krëppeng erop kritt hunn, Grill, Grillzaang, Zelt, Wirschtercher, Ketchupfläsch, gëtt net verroden. Ëm Realitéit geet et jo och nit. Et muss eng lass sinn, Action, Tempo, Spaass. Esouguer, wann een an der Vakanz zur Rou soll kommen. Ëm dat et eigentlech do sollt goen. Wat an der lescht ëmmer méi dacks am reduzéierte Liewen an der Natur vergiess, oder esouguer ënnerdréckt gëtt, ass dat einfacht Liewen. Wou emol näischt leeft. Wou ee vläicht just Kraider richt, de Vulle nolauschtert, d’Séil einfach baumele léisst, sech bewosst d’Landschaft ukuckt, d’Rou vun der Natur lauschtert. Mee fir dat einfacht Liewen hu mer keng Zäit. Obwuel... mer all Dag e puer Stonne Fernseh kucken, um Handy spillen, am Internet surfen, ...
More Episodes
Mat deem waarme Wieder, wat mir am Moment hunn, kéint ee schonns bal mengen, mir wiere matzen dran: an der grousser Vakanz. An neen, ech huelen dat elo net als Ophänkert, fir mech iwwert Enseignanten opzereegen. Ech ginn dovunner aus, datt di meescht vun hinne se verdéngt hunn, Erhuelung brauchen...
Published 07/12/18
"Elo kuckt et schonn nees d'Luucht aus!" dat sot mäi Papp fréier dacks wann e mech dobäi erwëscht huet, dass ech gedreemt hunn, aplaz meng Hausaufgaben ze maachen. Mä d'Luucht aus kucken, am Sënn vun an den Himmel kucken, dat hunn d'Leit nawell zu allen Zäite gemaach. Wien zum Beispill den...
Published 07/11/18
Dat waren zwou opwenneg ugeluechten Etuden, déi sech souguer iwwer 75 Joer gezunn hunn an do koum eraus dass et gutt Bezéiunge sinn, déi eis frou, méi gesond a méi glécklech maachen. Et géif do net ëm d'Zuel vun de Frëndschafte goen, mä éischter ëm d'Qualitéit vun deene Relatiounen.Natierlech...
Published 07/09/18