Apropos Glécklech, 09/07/2018
Listen now
Description
Dat waren zwou opwenneg ugeluechten Etuden, déi sech souguer iwwer 75 Joer gezunn hunn an do koum eraus dass et gutt Bezéiunge sinn, déi eis frou, méi gesond a méi glécklech maachen. Et géif do net ëm d'Zuel vun de Frëndschafte goen, mä éischter ëm d'Qualitéit vun deene Relatiounen.Natierlech gutt Frënn kommen net vum Himmel gefall an och den ideale Partner ass net direkt ëm den Eck. Déi beschten Adress fir Frënn ze fannen ass do sécher net Facebook oder soss sozial Netzwierker, wou ee mat engem ''Klick'' Frënd mat Jänni a Männi ass. D'Etude huet sech mat richtege Frëndschafte befaasst, also mat Leit fir unzepaken, mat Frënn mat deenen ee Freed a Leed deelt. An dat mécht een op Facebook elo éischter net! Do deelt ee vläit eng Foto oder e Post, mä soss!?Ech hunn och ni richteg agesi firwat ee mat der hallwer Welt Frëndschaft schléisse soll? Ech weess et geet net ëm richteg Frëndschaften, mä just ëm ....jo ëm wat eigentlech? Ëm d'Zuel vun de Frënn? Déi ass jo net wichteg, seet d'Etude. Ëm d'Like vun engem Post, deen ee gemaach huet?  A wann dee béis kommentéiert gëtt, wat dann? Oder ass et d'Akzeptéiere vun neie soi-disant Frënn oder d'Akzeptéiert ginn? Firwat soll ech, fir et iwwerspëtzt ze soen, mam Barack Obama Frënd ginn? Sécher e feine Mann, mä firwat? Ech kennen deen net a léieren deen och ni kennen, just well ech als Frënd do akzeptéiert sinn. Dofir hunn ech mech do ofgemellt, schonns virum laangem! Ech war einfach mat ze ville Mënsche beschäftegt, déi ech net kannt hunn; einfach absurd! An ech wëll och net Frënd vun all Mënsch sinn, mä mech op déi Frëndschafte konzentréieren, déi ech hunn - a mengem richtege Liewen.An der Etude koum och eraus dass d'Präsenz vun engem léiwe Mënsch souwuel psychesche wéi physesche Wéi reduzéiere kéint, eise Nervekorsseli entspanen an d'Gehir op gesond Manéier beschäftegen. Dofir ärem Gléck a Gesondheet zu Léift, setzt op richteg Frënn, mat deenen een och mol streide kann (och wichteg) amplaz sterilen a flaache Personnage am Netz ze begéinen, déi Iech am Fong näischt Wichteges ze soen hunn!
More Episodes
Mat deem waarme Wieder, wat mir am Moment hunn, kéint ee schonns bal mengen, mir wiere matzen dran: an der grousser Vakanz. An neen, ech huelen dat elo net als Ophänkert, fir mech iwwert Enseignanten opzereegen. Ech ginn dovunner aus, datt di meescht vun hinne se verdéngt hunn, Erhuelung brauchen...
Published 07/12/18
"Elo kuckt et schonn nees d'Luucht aus!" dat sot mäi Papp fréier dacks wann e mech dobäi erwëscht huet, dass ech gedreemt hunn, aplaz meng Hausaufgaben ze maachen. Mä d'Luucht aus kucken, am Sënn vun an den Himmel kucken, dat hunn d'Leit nawell zu allen Zäite gemaach. Wien zum Beispill den...
Published 07/11/18
Wanderen, dat ass... ee Schratt virun deen anere setzen. A nach eemol, a nach eemol. Stonnelaang, deemno wéi e groussen Tour ee wëllt maachen. Dat ass guer net esou liicht, dat auszehalen. Déi Rou do vrum Bierg mécht eis nervös. Mer sinn dat nit méi gewinnt. Dee Manktem vu permanent neie Reizer,...
Published 07/10/18