Apropos vum Luc Marteling - Och Ae fir datt Gutt a Schéint hunn!, 05/06/2018
Listen now
Description
Viru Kuerzem war et nees esou wäit, 't huet gekribbelt an de Fanger an ech hu mer eng Zeitung gekroopt. Bon, am Fong hunn ech mer eng gezoppt, well ech hunn eng "Süddeutsche" aus der Redaktioun entfouert. Firwat grad eng "Süddeutsche"? Well se mech u meng Unisstad erënnert ... a well se sou mudderséileneleng do louch.D'Zäit, eng Zeitung, esou eng super Kombinatioun aus Contenant a Contenu richteg ze genéissen, feelt leider an der Reegel. Dofir kënnt et dann och alt emol vir, datt ech Zeitungsartikele Wochen, Méint oder Joer, munchmol souguer Joerzéngte méi spéit liesen. Dës Kéier war dat anescht, ech hat just e puer Deeg Retard ...A wat hunn ech gelies? Erstaunlech vill gutt Saachen! Nee, nee, net onbedéngt journalistesch gutt, dat sécher och, ma einfach gutt Nouvellen, also positiver, erfreelecher, optimistescher. Zum Beispill datt Keelespillen nees in ass. Datt verschidde beieschiedlech Pestizide verbuede goufen (bon, lo kéint een natierlech laang lamentéieren, firwat se iwwerhaapt erlaabt goufen). Datt eis Stroumnetzer an Zukunft intelligent sinn. Datt den Trump de schwaarze Box-King Jack Johnson posthum begnodege wëll. Firwat München déi sécherst Stad an Däitschland ass. Datt an deem Däitschland elo déi éischt Saison vun der "Ehe für alle" ufänkt. Datt mer eis wuel an e puer Joer mat autonome Fligertaxie ronderëm kutschéiere loossen. Datt jonk Leit sech méi séier trauen, hiren Job ze wiesselen. Datt den Echo net méi echot, déi zwee Koreae sech d'Hand ginn, de Bill Cosby veruerteelt gouf a Stadionverbueter an Däitschland erlaabt sinn. An datt Abba kënnt zeréck – awer just fir zwee Lidder ...Bon, lo kann een natierlech driwwer streiden, wat wierklech gutt ass. An et kann ee mäi Choix kritiséieren. Deen ass natierlech subjektiv gewiescht, well an der Zeitung waren och vill schlecht oder traureg Noriichten, ugefaange bei den Doudesannoncen iwwer wirtschaftlech Problemer an Turkmenistan bis zum ëmmer méi akuten Aartestierwen. Wat d'Zeitung awer bewisen huet: Et ass net alles schlecht op der Welt! Et ass also och net verbueden, heiansdo dat Gutt ze gesinn, ze honoréieren an ze appreciéieren – iwwregens och an de Comments op RTL.lu :-)
More Episodes
Mat deem waarme Wieder, wat mir am Moment hunn, kéint ee schonns bal mengen, mir wiere matzen dran: an der grousser Vakanz. An neen, ech huelen dat elo net als Ophänkert, fir mech iwwert Enseignanten opzereegen. Ech ginn dovunner aus, datt di meescht vun hinne se verdéngt hunn, Erhuelung brauchen...
Published 07/12/18
"Elo kuckt et schonn nees d'Luucht aus!" dat sot mäi Papp fréier dacks wann e mech dobäi erwëscht huet, dass ech gedreemt hunn, aplaz meng Hausaufgaben ze maachen. Mä d'Luucht aus kucken, am Sënn vun an den Himmel kucken, dat hunn d'Leit nawell zu allen Zäite gemaach. Wien zum Beispill den...
Published 07/11/18
Wanderen, dat ass... ee Schratt virun deen anere setzen. A nach eemol, a nach eemol. Stonnelaang, deemno wéi e groussen Tour ee wëllt maachen. Dat ass guer net esou liicht, dat auszehalen. Déi Rou do vrum Bierg mécht eis nervös. Mer sinn dat nit méi gewinnt. Dee Manktem vu permanent neie Reizer,...
Published 07/10/18