Apropos vum Josiane Hoffmann, 27/06/2018
Listen now
Description
Mäin eelst Meedchen an ech ginn heiansdo an der Mëttespaus an e kléngen türkesche Restaurant iessen. Ech muss soen, datt ech am Fong net wierklech nogelauschtert hunn, wann di aner Clientën hiert Iessen um Comptoir bestallt hunn. Bis viru kuerzem. Mäi Kand huet mech nämlech virun e puer Méint dorop opmierksam gemaach, datt kaum ee vun den hongregë Mënschen, déi erakommen, „Wannechgelift“ oder „Merci“ seet.Säitdeem féiere mer da regelméisseg eis „Feldstudien“ duerch. Di éischt hallef Stonn kucke mer, wéivill vun de Clientën dat eent oder anert vun de magesche Wierder, am beschten di zwee, benotzen. Et sinn der nie vill – iwwer véier bei am Schnëtt enger Dosë Leit si mer, eis inclus, bis ewell nach net komm.  Meeschtens gëtt jo gesot, et wiere Kanner a Jugendlecher, déi hautesdags neméi héiflech wieren. D’Gäscht hei sinn e „Querschnëtt“ duerch d’Gesellschaft a vun allen Altersklassen – dat geet vum hongeregen Däbbes, dem coolen Teenie, dem jonken, guttgelaunte Leeëndecker an der Beruffskleedung, der souveräner Securistin am mëttleren Alter, dem gestresste Bankbeamten am Kostüm bis hin zu de gemittleche Pensionnairën, déi deels mam Bengel oder Rollator kommen. Wisou fällt et all deene Leit esou schwéier, fir ausser „Moien“ nach e puer aner Héiflechkeetsfloskelen ze gebrauchen? Di sinn dach wichteg fir den Ëmgank mam aneren. Si weisen, datt ee Respekt huet, datt ee sech trotz der Alldagshektik awer nach e puer Sekonnen hëllt, fir mat Hëllef vun der Sprooch a vläit och Mimik a Gestik, op eng ugemiess Aart a Weis z’interagéieren. Natierlech kritt ee seng Zalot mat Falafel och, wann een net „Wannechgelift“ a „Merci“ seet. Mee da gesäit een awer net, datt d’Häeren hannert dem Comptoir och laache kënnen an dobäi immens frëndlech.Mir perséinlech ass et wichteg, am Alldag héiflech ze sinn, an dat vermëttelen ech och menge Kanner. Bei mengem Groussen huet den intensiven Training geklappt. Dësläscht wor en eeleren Här an eisem Restaurant. Säi Bengel ass him aus der Hand gefall. Mäi Meedchen huet him en opgeraf. Hien huet e geholl a sech ëmgedréint. Mäi Kand huet him dun a Schoulmeeschtertoun erklärt, wann een engem eppes oprafe géing, misst ee „Merci“ soen. Dat wier héiflech. De Mann huet mech du ganz béis gekuckt. An ech hu missen oppassen, datt ech net gelaacht hunn.An deem Sënn: Iech Merci, datt Dir mir nogelauschtert hutt! 
More Episodes
Mat deem waarme Wieder, wat mir am Moment hunn, kéint ee schonns bal mengen, mir wiere matzen dran: an der grousser Vakanz. An neen, ech huelen dat elo net als Ophänkert, fir mech iwwert Enseignanten opzereegen. Ech ginn dovunner aus, datt di meescht vun hinne se verdéngt hunn, Erhuelung brauchen...
Published 07/12/18
"Elo kuckt et schonn nees d'Luucht aus!" dat sot mäi Papp fréier dacks wann e mech dobäi erwëscht huet, dass ech gedreemt hunn, aplaz meng Hausaufgaben ze maachen. Mä d'Luucht aus kucken, am Sënn vun an den Himmel kucken, dat hunn d'Leit nawell zu allen Zäite gemaach. Wien zum Beispill den...
Published 07/11/18
Wanderen, dat ass... ee Schratt virun deen anere setzen. A nach eemol, a nach eemol. Stonnelaang, deemno wéi e groussen Tour ee wëllt maachen. Dat ass guer net esou liicht, dat auszehalen. Déi Rou do vrum Bierg mécht eis nervös. Mer sinn dat nit méi gewinnt. Dee Manktem vu permanent neie Reizer,...
Published 07/10/18