Apropos: Lo hu mer Summer, 21/06/2018
Listen now
Description
E gëllt an eise Géigenden als déi beléifste Joereszäit, knapp virum Fréijoer. Jo, och bei mir ass de Summer an der Hitparade vun de Saisonen déi kloer Nummer 1. Deen onvergiessleche Georg Danzer huet et 1977 a sengem Lidd “Elfie” mat dëse Wierder op de Punkt bruecht:“... wenn der Sommer riecht nach Kinderfreibad, nach Teer und Benzin ...”De Summer – ëmmer nach e Synonym fir Sonn a Vakanz, fir oppe Schwämmen, laang Grill-Owenter, kuerz Boxen an och mol en zolitt Donnerwieder. Där hate mer zwar dëst Joer scho genuch. An iwwerhaapt: Abrëll, Mee, Juni, déi typesch Fréijoersméint, déi an deene vergaangene Joeren klimatesch ëmmer nees an ëmmer méi dacks hirer Zäit schénge viraus ze sinn. Engersäits vermëttelen eis esou waarm Deeg, wéi mer se viru geraumer Zäit haten, eng gewësse Virfreed op dat, wat am Juli an August nach komme soll. Anerersäits seet ee sech dee Moment automatesch: da war et da wuel fir dëse Summer.Mä ganz dovunner ofgesinn: Ech weess net, wéi et Iech geet – ech verbannen en ëmmer nach mat deenen zwee Méint Schoulvakanz, déi mer deemools kaum erwaarde konnten an déi awer esou eppes vu séier eriwwer gaange sinn. 9 Woche sinn et dëst Joer. Fir déi eng vill ze vill beieneen, fir déi aner … mä bon. Nach ass et jo net souwäit. Elo waarde mer mol of, wien a Russland dee schéinste Football zelebréiert, wéi déi saudiarabesch Frae sech zu Riad, Mekka a Medina endlech an de Stroossentraffik abréngen dierfen, wéi eisen Tram viru kënnt a wéi se an der Tierkei wielen. Apropos: wann de Summer ieren an d'Waasser sollt falen a keng 30 Grad oder méi ze bidden huet ... da freeë mer eis alt op ee waarmen Hierscht.
More Episodes
Mat deem waarme Wieder, wat mir am Moment hunn, kéint ee schonns bal mengen, mir wiere matzen dran: an der grousser Vakanz. An neen, ech huelen dat elo net als Ophänkert, fir mech iwwert Enseignanten opzereegen. Ech ginn dovunner aus, datt di meescht vun hinne se verdéngt hunn, Erhuelung brauchen...
Published 07/12/18
"Elo kuckt et schonn nees d'Luucht aus!" dat sot mäi Papp fréier dacks wann e mech dobäi erwëscht huet, dass ech gedreemt hunn, aplaz meng Hausaufgaben ze maachen. Mä d'Luucht aus kucken, am Sënn vun an den Himmel kucken, dat hunn d'Leit nawell zu allen Zäite gemaach. Wien zum Beispill den...
Published 07/11/18
Wanderen, dat ass... ee Schratt virun deen anere setzen. A nach eemol, a nach eemol. Stonnelaang, deemno wéi e groussen Tour ee wëllt maachen. Dat ass guer net esou liicht, dat auszehalen. Déi Rou do vrum Bierg mécht eis nervös. Mer sinn dat nit méi gewinnt. Dee Manktem vu permanent neie Reizer,...
Published 07/10/18