Apropos: Et ass fir ze sch…!, 12/06/2018
Listen now
Description
Nee, ech schwätzen elo hei net vun deenen Drogen oder Flüchtlingen, déi heiansdo an esou Camionen entdeckt ginn, mee vun eppes, wat mir all Dag brauchen: Toilettëpabeier! Leschte Mëttwoch koum d’Nouvelle, dass e Camion voll mat deem prakteschen Artikel op der franséischer A 31 a Brand stoung! Stonnelaang war den Trafic a Richtung Lëtzebuerg gestéiert – et war fir ze sch… weessen! Wéi de Brand entstan war – hat de Chauffeur vläicht ee gelooss, dee mat senger Zigarett a Brand gerode war – ass net iwwermëttelt? Mee, de Geck an den Eck – et ass Gottseidank kengem eppes geschitt. Just, de Camion, dee war fir an d’Toilette! Eng Iwwerleeung sief an deem Kontext awer erlaabt: den internationalen Transport vun Toilettëpabeier ass wuel sécher an den Top 10 vun der Anti-Nohaltegkeetstabell. Ouni ze wëssen, wou dee Camion hier koum an ouni ze wëssen, wien déi Palette vun deem praktesche Stoff geliwwert krut, kann ee sech liicht ausrechnen, wéi een Deel den Transport vun esou Artikelen beim Endpräis ausmécht! Ech hunn emol knallhaart recherchéiert: ee Rouleau Toilettëpabeier, dees Gudde mat 3 Loen, kascht am Supermarché am Duerchschnëtt 30 Cent. Wann een se am nach manner ëmweltfrëndleche Plastiksemballage zu 12 keeft gi se esouguer nach méi bëlleg! Natierlech waren déi um Camion och dodran agewéckelt an hunn den CO2-Ausstouss vun deem Fait divers, dee kee war, nach verstäerkt! Op eng Palette ginn 1.280 Rullen Toilettëpabeier an op deem Camion, dee gebrannt huet, ware geschat 34 Paletten – dat mécht also 43.520 Rouleauen Toilettëpabeier. E Verkafswäert vun 13.056 €! Gi mer elo emol dervun aus, dass een esou eng Speditioun mat engem ganze Camion vun engem Land an eent anert wuel net ënner 2500 € kritt, si ronn 20 % vum Präis vum Toilettëpabeier fir den Transport! Dat ass fir ze sch… udderen! Beim Waasser, wat dausende Kilometer an der Fläsch huet, dierft et wuel änlech sinn – an apropos Waasser: gutt dass elo Toilette mat enger Dusch an engem Fön voll am Trend sinn, well da ginn et an Zukunft keng Camione mat Toilettëpabeier méi, déi op eisen Autobunne brennen! Da musse mir just nach déi mam Waasser vun der Strooss kréien… och wann déi net esou liicht Feier fänken!
More Episodes
Mat deem waarme Wieder, wat mir am Moment hunn, kéint ee schonns bal mengen, mir wiere matzen dran: an der grousser Vakanz. An neen, ech huelen dat elo net als Ophänkert, fir mech iwwert Enseignanten opzereegen. Ech ginn dovunner aus, datt di meescht vun hinne se verdéngt hunn, Erhuelung brauchen...
Published 07/12/18
"Elo kuckt et schonn nees d'Luucht aus!" dat sot mäi Papp fréier dacks wann e mech dobäi erwëscht huet, dass ech gedreemt hunn, aplaz meng Hausaufgaben ze maachen. Mä d'Luucht aus kucken, am Sënn vun an den Himmel kucken, dat hunn d'Leit nawell zu allen Zäite gemaach. Wien zum Beispill den...
Published 07/11/18
Wanderen, dat ass... ee Schratt virun deen anere setzen. A nach eemol, a nach eemol. Stonnelaang, deemno wéi e groussen Tour ee wëllt maachen. Dat ass guer net esou liicht, dat auszehalen. Déi Rou do vrum Bierg mécht eis nervös. Mer sinn dat nit méi gewinnt. Dee Manktem vu permanent neie Reizer,...
Published 07/10/18