Apropos Al ginn, 18/06/2018
Listen now
Description
Méi treffend kann een et net soen, ween al gëtt, brauch en déckt Fell. Sécher, et ass dëser Deeg méi agreabel al ze ginn, verglach elo mat fréier. Ugefaange mat de Medikamenter, déi sou munch Péng wech huelen, den Installatioune fir dass ee besser aus dem Bett, op d'Toilett oder viru kënnt.Et kritt een Hëllef doheem, wann ee se ufreet oder et kann ee säin Alter mat anere Mënschen an engem CIPA verbréngen.Am Fong kléngt alles gutt, kann een awer och vun engem anere Bléckwénkel aus gesinn: Bengel, Rollator, Rollstull, héicht Bett, extra Buedbidden, Hëllef vu frieme Mënschen an d'Verloosse vun de 4 eegene Wänn. Alles awer net sou einfach!Wéi soll et da sinn, wann een al gëtt an ëmmer méi Leit ewech falen, déi een e ganzt Liewe laang begleet hunn. Meng Tatta zum Beispill huet 93 Joer, nach gutt a Form, ma hir Frëndinnen an hire Mann si schonns laang net méi do. Wat si dann och ganz traureg stëmmt. A ween do keng grouss Famill huet, kann dann am Alter séier ganz eleng sinn.A wéi schlëmm muss et sinn, wann ee selwer al ass an engem säi Kand awer virun engem stierft?Dann ass do och nach dee Jugendwahn. Dee geet u Senioren och net einfach sou laanscht. Al ginn jo, mä w.e.g net sou ausgesinn! Et ass net einfach ëmmer méi Falen an sengem Gesiicht ze erkennen an dass ee sech komplett verännert. Schlecht gelifte oder bis zur Onkenntlechkeet opgesprëtze Mënschen maachen d’Saach och net besser. Mat 85 Joer gesäit een nu mol net aus wéi 50. A mat 50 och net wéi 20.Wéi gesot, al ginn ass net einfach, wann ee sech net méi gebéckt kritt, elo éischter wéi e Schléck ënnerwee ass, net méi gutt verhält an och éischter midd gëtt. Dat kënnt alles wann ee al gëtt, och wann eis gären en anert Bild vermëttelt gëtt.Verstitt mech net falsch, ech rieden den Alter net schlecht, mä mech iergert, dass just dat romantescht Bild vu fitten ale Mënschen am Virdergrond steet an dacks laanscht d'Realitéit geschwat gëtt.Al ginn ass natierlech flott, wann een nach richteg gutt drop ass an den Alter och akzeptéiert. Ass jo och sou eng Saach.Haut ginn d'Mënschen och méi al. An dofir schwätzt een net méi just vum 3. Alter, mä och vum 4. Alter fir déi nach méi al Generatiounen ze definéieren. Vläit muss een och geschwë vum 5. Alter schwätzen, well d'Mënschen, déi haut gebuer ginn, géifen d'100 Joer Grenz méi dacks erreechen. Méi wéi 120 Joer wieren awer net dran, soen Fuerscher. Dat géif de Kierper net méi paken.Gutt, iergendwann muss och eng Kéier Schluss sinn.
More Episodes
Mat deem waarme Wieder, wat mir am Moment hunn, kéint ee schonns bal mengen, mir wiere matzen dran: an der grousser Vakanz. An neen, ech huelen dat elo net als Ophänkert, fir mech iwwert Enseignanten opzereegen. Ech ginn dovunner aus, datt di meescht vun hinne se verdéngt hunn, Erhuelung brauchen...
Published 07/12/18
"Elo kuckt et schonn nees d'Luucht aus!" dat sot mäi Papp fréier dacks wann e mech dobäi erwëscht huet, dass ech gedreemt hunn, aplaz meng Hausaufgaben ze maachen. Mä d'Luucht aus kucken, am Sënn vun an den Himmel kucken, dat hunn d'Leit nawell zu allen Zäite gemaach. Wien zum Beispill den...
Published 07/11/18
Wanderen, dat ass... ee Schratt virun deen anere setzen. A nach eemol, a nach eemol. Stonnelaang, deemno wéi e groussen Tour ee wëllt maachen. Dat ass guer net esou liicht, dat auszehalen. Déi Rou do vrum Bierg mécht eis nervös. Mer sinn dat nit méi gewinnt. Dee Manktem vu permanent neie Reizer,...
Published 07/10/18