Futtball WM, 14/06/2018
Listen now
Description
Ech héieren se schonn, déi vill Kregéiler.  Eng WM a Russland ass e Skandal. Argumenter hu si wäereg genuch:  d‘Krim,  Syrien, kauscher Presidentschaftswalen, d’Verletzung vun de Mënscherechter, den Ëmgang mat den Oppositionellen,  en „iertemlech“ ofgeschossene Passagéierfliger mat 298 Leit u Bord. A  souwisou si jo all Sportler an deem Land gedoppt..Fir mech ass eng Weltmeeschterschaft awer nach ëmmer e sportlecht Evenement. Bal 1,3 Millioune Fans gi fir déi 63 Matcher an den 12 Stadien  erwaart. Déi komme fir flotten an interessante Futtball ze gesinn. An dee gëtt et elo ee Mount laang a Russland. Firwat do? Ma well d’FIFA op d’mannst esou korrupt ass wéi Russland. Geld decidéiert. A Geld huet d‘FIFA genuch. Fir 2018 gëtt mat engem Benefice vun 1 Milliard Euro gerechent. Wann deemnächst 48 Länner fir d’Endphase zougelooss sinn, da mécht dat de Futtball net méi interessant, d‘ FIFA awer ëm  20 % méi räich. Steiere brauchen si keng ze bezuelen, well si jo offiziell e Club-Statut hunn. Elo ze verlaangen, datt d’Spiller solle protestéieren, ass falsch. Si maachen hire Sport do, wou se higeschéckt ginn.  Fir Politik ze maache sinn si net do. Ech wëll och keng Politiker op den Tribüne oder an de Vestiaire gewise kréien. Ech wëll einfach nëmme gudden a faire Futtball gesinn.  Ech freeë mech, wann en Outsider iwwerrascht. Wann Island, déi klengsten Natioun, mat hirem Huh de Stadion vibréiere  léisst.  Wann nei Talenter entdeckt ginn. Ech freeë mech, wann eis Belsch Noperen punkten. Wann d’Fransousen um Wues glänzen, an net duerch kleng Skandaler niewendrun. Wann England emol en Eelefmeter era kritt. Wann d’Zuschauer, Russen an Friemer, zesumme feieren. Wann den Terror an d’Hooligans dobausse bleiwen. Ech freeë mech, wann de Reporter net Béla Rhety heescht.
More Episodes
Mat deem waarme Wieder, wat mir am Moment hunn, kéint ee schonns bal mengen, mir wiere matzen dran: an der grousser Vakanz. An neen, ech huelen dat elo net als Ophänkert, fir mech iwwert Enseignanten opzereegen. Ech ginn dovunner aus, datt di meescht vun hinne se verdéngt hunn, Erhuelung brauchen...
Published 07/12/18
"Elo kuckt et schonn nees d'Luucht aus!" dat sot mäi Papp fréier dacks wann e mech dobäi erwëscht huet, dass ech gedreemt hunn, aplaz meng Hausaufgaben ze maachen. Mä d'Luucht aus kucken, am Sënn vun an den Himmel kucken, dat hunn d'Leit nawell zu allen Zäite gemaach. Wien zum Beispill den...
Published 07/11/18
Wanderen, dat ass... ee Schratt virun deen anere setzen. A nach eemol, a nach eemol. Stonnelaang, deemno wéi e groussen Tour ee wëllt maachen. Dat ass guer net esou liicht, dat auszehalen. Déi Rou do vrum Bierg mécht eis nervös. Mer sinn dat nit méi gewinnt. Dee Manktem vu permanent neie Reizer,...
Published 07/10/18