Fake-Fashion oder wat?, 25/06/2018
Listen now
Description
Neen, ech mengen domadder net illegal a bëlleg Kopië vun deiere Moudemarken an och keng schlecht gekleete Dammen an Hären an ech viséieren och keng Modell-Casting Showen. Mir ass dee Begrëff einfach esou an de Kapp komm, wéi ech lescht Woch de Reportage iwwer déi amerikanesch First Lady an hir gréng Jackett gesinn hunn. Et war där praktescher Parkae mat Kaputz een, déi een esou ganz onkomplizéiert kann undoen an dee sportlech a bequem wierkt an bei den Zweck vun der Visite passt, hunn ech mer nach geduecht. Also keng Tallekeschong a keen Designerkleed, mä en onopfällegem Outfit fir an eng Opfänkstruktur ze goen, wou illegal Immigrantekanner versuergt ginn. Déi Kanner, déi nach vrun e puer Deeg vun hiren Eltere getrennt goufen an dann elo mat hiren Elteren zesummen agespaart ginn, sou wéi de President et vun engem Dag op deen aner decidéiert an dann nees réckgängeg mécht. An do koum de Kommentar beim Reportage, datt grad déi Jackett dach fir Diskussioune wäert suergen. Wéinst engem moudesche Graffiti-Sproch hannendrop: "Mir ass et egal. An Iech?""Neen", sot direkt eng Spriecherin vun der First Lady, "Si hätt domadder näischt wëllen undeiten." "Dach", twittert hire Mann, "si hätt domadder sech un d'Fake-News-Medien adresséiert." An Amerika ginn et esouguer Leit, déi mengen d'Madame wéilt hirem Mann domadder soen, wat se vun him hält.An et kann een ëmmer nach weider spekuléieren. Alles schéngt e politesche Message ze hunn. Ob mer wëllen oder net. Ob e politesch korrekt ass oder net. Ob en iwwerhaapt eppes ze vermëttelen huet oder net.Ech froe mech just, ob een der Madame Melania net awer vläicht hätt sollen un d'Häerz leeën eng Jackett ouni Schrëft unzedoen. Mä vläicht ass dat hir Manéier ze zwitscheren. Vläicht ass et och e Message, datt déi gréng Jackett eng spuenesch (importéiert) Marque ass!Mä bon, eis kann dat jo egal sinn. Oder?
More Episodes
Mat deem waarme Wieder, wat mir am Moment hunn, kéint ee schonns bal mengen, mir wiere matzen dran: an der grousser Vakanz. An neen, ech huelen dat elo net als Ophänkert, fir mech iwwert Enseignanten opzereegen. Ech ginn dovunner aus, datt di meescht vun hinne se verdéngt hunn, Erhuelung brauchen...
Published 07/12/18
"Elo kuckt et schonn nees d'Luucht aus!" dat sot mäi Papp fréier dacks wann e mech dobäi erwëscht huet, dass ech gedreemt hunn, aplaz meng Hausaufgaben ze maachen. Mä d'Luucht aus kucken, am Sënn vun an den Himmel kucken, dat hunn d'Leit nawell zu allen Zäite gemaach. Wien zum Beispill den...
Published 07/11/18
Wanderen, dat ass... ee Schratt virun deen anere setzen. A nach eemol, a nach eemol. Stonnelaang, deemno wéi e groussen Tour ee wëllt maachen. Dat ass guer net esou liicht, dat auszehalen. Déi Rou do vrum Bierg mécht eis nervös. Mer sinn dat nit méi gewinnt. Dee Manktem vu permanent neie Reizer,...
Published 07/10/18