Apropos: Kleeder maache Leit, 29/05/2018
Listen now
Description
An deem Projet Repicturing Homeless sinn Obdachloser fotograféiert ginn, awer net an dem gewinnte Kader. Op de Fotoe gesäit een se als Geschäftsmann, Moudedesigner oder Barkeeperin. Si kënnen net gleewen, datt si dat selwer op de Fotoe sinn. D'Fotoen gi verkaaft an den Erléiss ass fir d'Sans-Abrisen.Bis lo waren si gewinnt, datt d'Leit ofwäertend op si reagéiert hunn. Ee vun de Biller hänkt un der Johinneskirche zu Düsseldorf an dat an der Gréisst vun zéng op zéng Meter. Den Obdachlosen deet et och gutt, datt och emol op si rop gekuckt gëtt. D'Ziel ass, datt d'Gesellschaft akzeptéiert, datt och si, dozou gehéieren.Ze vill séier loosse sech vill vun sou Statussymboler verblenden, respektiv hale mir ze vill op Äusserlechkeeten. Et ass dach de Mënsch deen zielt, de Charakter, säi Behuelen. Et huet net jiddereen d'Chance finanziell ofgeséchert ze sinn.Dës Initiativ soll eis all d'Aen opmaachen: Statussymboler hunn awer eng wichteg Bedeitung an eisem Liewen. Trotzdeem kann ee méi séier wéi e mengt an d'Aarmut rutschen, an dann ouni Wunneng an ouni Suen do sëtzen. An awer ass een nach ëmmer déi selwecht Persoun wéi virdrun, wéi zum Beispill d'Nathalie, d'Sylvie, de Jean-Claude oder de Jeannot. Eng Persoun wéi Dir oder ech.Ech fannen, datt et héich Zäit gëtt, datt Obdachloser net wéi en Tabuthema behandelt ginn. An tëschenzäit gëtt nach an anere Länner dru geduecht fir déi Initiativ „Repicturing Homeless“ nozemaachen, wéi a Frankräich, China an den USA. Wat dee Projet méi verbreet gëtt, wat besser.De Sproch „Kleider machen Leute“, gefält mir bësser ënnert dëser Form „Menschen machen Leute“.
More Episodes
Mat deem waarme Wieder, wat mir am Moment hunn, kéint ee schonns bal mengen, mir wiere matzen dran: an der grousser Vakanz. An neen, ech huelen dat elo net als Ophänkert, fir mech iwwert Enseignanten opzereegen. Ech ginn dovunner aus, datt di meescht vun hinne se verdéngt hunn, Erhuelung brauchen...
Published 07/12/18
"Elo kuckt et schonn nees d'Luucht aus!" dat sot mäi Papp fréier dacks wann e mech dobäi erwëscht huet, dass ech gedreemt hunn, aplaz meng Hausaufgaben ze maachen. Mä d'Luucht aus kucken, am Sënn vun an den Himmel kucken, dat hunn d'Leit nawell zu allen Zäite gemaach. Wien zum Beispill den...
Published 07/11/18
Wanderen, dat ass... ee Schratt virun deen anere setzen. A nach eemol, a nach eemol. Stonnelaang, deemno wéi e groussen Tour ee wëllt maachen. Dat ass guer net esou liicht, dat auszehalen. Déi Rou do vrum Bierg mécht eis nervös. Mer sinn dat nit méi gewinnt. Dee Manktem vu permanent neie Reizer,...
Published 07/10/18