Apropos - Reagéiert!, 11/06/2018
Listen now
Description
Et gëtt jo oft gesot, an der Schoul sollt ee fir d’Liewe léieren. Abee, dëst Joer ass dat am richteg Sënn vum Wuert a ville Schoule geschitt. Dat am Kader vun der Campagne Réagis vum LRC (dem Luxembourg Resucitation Council) zesumme mam Unterrechtsministär. Ëm wat geet et bei där Campagne?No engem Pilotprojet am Joer 2015 sinn am Ufank vun dësem Schouljoer e Grupp Mataarbechter vun all Lycée hei am Land forméiert ginn. Si hunn di adequat Geste geléiert, fir am Fall vun engem plëtzlechen Häerzstëllstand d’Zäit z’iwwerbrécken, bis de SAMU kënnt. Als Multiplicateure brénge si de Jonke vu 6e, 4e an 2e di liewenswichteg Schrëtt bäi. Di dräi wichtegst sinn di heiten: den 112 ruffen, d’Häerz masséieren, d’Häerz am Fall vu Kammerflimmern mat Hëllef vum Defibrillator nees an de Rhythmus kréien.Di Initiative ass immens wichteg a méi wéi luewenswäert. Obwuel Lëtzebuerg sou en héichentwéckelt Land ass, iwwerliewe vu 400 Betraffener am Joer just 3-4 Prozent den Häerzstëllstand. Wisou si mer am Verglach zu skandinavesche Länner sou schlecht do opgestallt? Ma eben, well di meeschte Leit net wëssen, wat maachen, wa se op eemol virun engem stinn, dee bewosstlos ass an net méi otemt. Pro Dag hu mer hei am Land also ronn een Häerzstëllstand. Ech hat schonns Diskussioune mat Leit, déi soten, dat wier jo net wierklech vill a rette kéint een do och keen. Abee, stellt iech emol vir, bei deem engen Häerzstëllstand géing et sech grad ëm Iech handelen. Oder ëm Äre Partner. Eent vun Äre Kanner, wat grad Sport mécht. Wat géingt Dir da soen? Wiert Dir dann net frou, wann iergendeen direkt reagéiere géing? Wann Dir doduerch wéinstens mol iwwerhaapt nach eng Iwwerliewenschance hätt? A mengen Aen ass et net just un de Jugendlechen hei am Land, respektiv un de Leit aus dem Secours- a Gesondheetsberäich, esou liewenswichteg Gesten ze léieren. Et wier och un alleguerten eis Erwuessenen, eis di Schrëtt un ze eegenen. Mir hunn Zäit, fir stonnelaang um iPhone ze hänken, also fanne mer sécher och eng Kéier ee Moment fir e klénge Cours, deen eis hëllefe kann, Liewen ze retten. A wann duerch sou Moossname just eng eenzeg Persoun méi pro Joer kéint iwwerliewen, wier et dat net wäert?
More Episodes
Mat deem waarme Wieder, wat mir am Moment hunn, kéint ee schonns bal mengen, mir wiere matzen dran: an der grousser Vakanz. An neen, ech huelen dat elo net als Ophänkert, fir mech iwwert Enseignanten opzereegen. Ech ginn dovunner aus, datt di meescht vun hinne se verdéngt hunn, Erhuelung brauchen...
Published 07/12/18
"Elo kuckt et schonn nees d'Luucht aus!" dat sot mäi Papp fréier dacks wann e mech dobäi erwëscht huet, dass ech gedreemt hunn, aplaz meng Hausaufgaben ze maachen. Mä d'Luucht aus kucken, am Sënn vun an den Himmel kucken, dat hunn d'Leit nawell zu allen Zäite gemaach. Wien zum Beispill den...
Published 07/11/18
Wanderen, dat ass... ee Schratt virun deen anere setzen. A nach eemol, a nach eemol. Stonnelaang, deemno wéi e groussen Tour ee wëllt maachen. Dat ass guer net esou liicht, dat auszehalen. Déi Rou do vrum Bierg mécht eis nervös. Mer sinn dat nit méi gewinnt. Dee Manktem vu permanent neie Reizer,...
Published 07/10/18