Apropos: annerhallwe Meter, 28/05/2018
Listen now
Description
Jo, ech fueren Auto. Jo, ech fuere Vëlo. Kennen also, ewéi vill anerer och, béid Säite vun der Medaille. Déi Medaille, déi jo och béid Säiten sech ëmmer nees wëllen ëmhänken. Als Gewënner am Klengkrich op de Lëtzebuerger Stroossen, resp. op de sozialen Netzwierker oder am direkte Face-à-face um Staminet. Wiem gehéiert d'Strooss? Fir mech ass se do fir alles, wat op 2, 4 oder méi Rieder ënnerwee ass. Woubäi d'Autobunnen an d'Vëlosweeër exklusiv fir hir respektiv Clientèle reservéiert sinn. An datt et Strecke ginn, op deenen een als Cyclist besser hätt sech net ze veriren, misst engem de gesonde Mënscheverstand normalerweis soen. An do hu mer en nees: dee vill zitéierten a leider dacks ignoréierte gesonde Mënscheverstand. Dee leider net jidderee vun eis mat op de Wee krut. Wat als Konsequenz huet, datt Gesetzer a Reglementer a Kraaft triede mussen déi fir kloer Verhältnisser suergen. Am Prinzip. Et ass dach eng Selbstverständlechkeet, datt een e Vëlosfuerer mam Auto esou iwwerhëlt, datt kee seng an deem anere seng Gesondheet a souguer de Won keng Schréips riskéiert. Dat eenzegt, wat een eventuell bei esou engem Manöver verléiert, sinn e puer Sekonne vun der eegener wäertvoller Zäit. Well et nun mol e bësschen dauere kann, bis datt een am Trafic déi optimal Geleeënheet kritt, de Vëlosfuerer mam Mindestofstand a vläicht souguer nach e bëssche méi z'iwwerhuelen.Ech war elo an der Lescht nawell e puer mol op 4 an op 2 Rieder ënnerwee. A mir ass opgefall, datt immens vill Chauffeuren sech déi nei Virschrëft zu Häerz geholl hunn an – erlaabt mer den Ausdrock – op Distanz ginn. Dofir: Respekt an en décke Merci. Ech hoffen, datt mir Cyclisten oder “Hobbyschlecken”, wéi mer jo dacks genannt ginn, eis an Zukunft grad esou verstänneg a respektvoll weisen, egal a wéi enger Situatioun.Leider ginn et der ëmmer, déi et net verstinn oder wëlle verstoen. Mä dat si jo och déi, déi kee Winker umaachen, riets iwwerhuelen, keng Rettungsgaass loossen. Keen Aarm ausstrecken, ouni Luucht an der Däischtert pedaléieren, kee Casque ophunn. Awer dat si mir jo net.
More Episodes
Mat deem waarme Wieder, wat mir am Moment hunn, kéint ee schonns bal mengen, mir wiere matzen dran: an der grousser Vakanz. An neen, ech huelen dat elo net als Ophänkert, fir mech iwwert Enseignanten opzereegen. Ech ginn dovunner aus, datt di meescht vun hinne se verdéngt hunn, Erhuelung brauchen...
Published 07/12/18
"Elo kuckt et schonn nees d'Luucht aus!" dat sot mäi Papp fréier dacks wann e mech dobäi erwëscht huet, dass ech gedreemt hunn, aplaz meng Hausaufgaben ze maachen. Mä d'Luucht aus kucken, am Sënn vun an den Himmel kucken, dat hunn d'Leit nawell zu allen Zäite gemaach. Wien zum Beispill den...
Published 07/11/18
Wanderen, dat ass... ee Schratt virun deen anere setzen. A nach eemol, a nach eemol. Stonnelaang, deemno wéi e groussen Tour ee wëllt maachen. Dat ass guer net esou liicht, dat auszehalen. Déi Rou do vrum Bierg mécht eis nervös. Mer sinn dat nit méi gewinnt. Dee Manktem vu permanent neie Reizer,...
Published 07/10/18