Apropos: Premièresexamen!, 04/06/2018
Listen now
Description
Zënter Woche verschwënnt den Iessdësch ënner Bierger vu Pabeier. Ech hunn et scho laang opginn fir déi sëlleche Schoulbicher, Fotokopien an handgeschriwwen Noten all Kéiers ewechzeraume wann ech den Dësch decke wëll. Se ginn e wéineg op d'Säit geréckelt, et gëtt eppes Klengs z'iessen, a soubal d'Telleren an der Spullmaschinn verschwonne sinn, mécht sech d'Pabeierlawinn nees breet. Et ass ongewinnt roueg am Haus, keng Tele a kee Radio dee leeft, an de Stëbssuckler huet souzesoen Hausverbuet. D'Stëbmiissercher soe Merci! Den Ausnamezoustand huet en Numm: Premièresexamen! Mäin eegenen ass wuel schonn eng Zäitchen hir. Villes huet sech zënterhier verännert, mä sou munches wäert sech ni änneren. Dee Moment wou een als jonke Mënsch eng Entscheedung treffe muss, wat een dann elo mam Rescht vu sengem Liewe wëll ufänken. Soulaang een an der Schoul ass, leeft jo villes wéi vum selwen, och wann een sech scho fir eng allgemeng Richtung huet missten decidéieren. Mä op eemol stelle sech ganz aner Froen: net nëmmen ob, a wa jo, wou a wat ee studéiere wëll, mä haaptsächlech wéi een sech säi ganzt Beruffsliewen duerno virstellt. Eppes wielen wouran ee gutt ass a wat engem Spaass mécht, dat muss jiddereen fir sech selwer entscheeden. Elteren oder Proffen kënnen a sollen engem dat net ofhuelen. E gewësse Risiko ass ëmmer dobäi, mä de Saz: "Den dote Beruff huet dach keng Zukunft!" huet scho sou munchem säi Wee verspaart. An dem Sënn: Bonne Chance mengem an allen aneren Primaner a Primanerinnen! Fir den Examen, natierlech, mä nach vill méi fir dee laange Wee dee grad eréischt ufänkt.
More Episodes
Mat deem waarme Wieder, wat mir am Moment hunn, kéint ee schonns bal mengen, mir wiere matzen dran: an der grousser Vakanz. An neen, ech huelen dat elo net als Ophänkert, fir mech iwwert Enseignanten opzereegen. Ech ginn dovunner aus, datt di meescht vun hinne se verdéngt hunn, Erhuelung brauchen...
Published 07/12/18
"Elo kuckt et schonn nees d'Luucht aus!" dat sot mäi Papp fréier dacks wann e mech dobäi erwëscht huet, dass ech gedreemt hunn, aplaz meng Hausaufgaben ze maachen. Mä d'Luucht aus kucken, am Sënn vun an den Himmel kucken, dat hunn d'Leit nawell zu allen Zäite gemaach. Wien zum Beispill den...
Published 07/11/18
Wanderen, dat ass... ee Schratt virun deen anere setzen. A nach eemol, a nach eemol. Stonnelaang, deemno wéi e groussen Tour ee wëllt maachen. Dat ass guer net esou liicht, dat auszehalen. Déi Rou do vrum Bierg mécht eis nervös. Mer sinn dat nit méi gewinnt. Dee Manktem vu permanent neie Reizer,...
Published 07/10/18