Apropos: Fréier war alles anescht, 04/07/2018
Listen now
Description
Op Kiischten däerfs du net drénken, soss kriss du de Bauch wéi – sot meng Mamm mir ëmmer.  Wann ech net esou e brave Jong gewiescht wier, deen ëmmer gefollegt huet, dann hätt ech deemools scho gemierkt, datt dat net stëmmt.    De Summer si mir ëmmer an e Weier schwamme gaangen. Hei war d’Directive, eréischt 2 Stonnen nom Mëttegiessen an d’Waasser ze sprangen, soss géif et engem schlecht ginn. Alles Mumpitz, heescht et haut.Mëllech ass no neisten Erkenntnisser net optimal fir Kanner. Midd Männer mécht se just nach an der Reklamm monter. All déi positiv Qualitéite vun der Mëllech ginn zolidd a Fro gestallt. Si hëlleft net géint Osteoporose, au Contraire. Mëllech kann zu Daarmproblemen an zu Allergien féieren. De Risiko vu Prostatakriibs geet bei de Mëllechkonsumenten an d’Luucht, behaapten munch Wëssenschaftler. Duerfir réckelt elo de Kaffi an e positiivt Liicht. Laang Zäit verdäiwelt heescht et elo, datt 4 Tase pro Dag gutt fir d’Gesondheet sinn. No enger rezenter Etude liewe Kaffidrénker méi laang.Eng bekannte Comicfigur war zu menger Zäit de Popeye. De Sailorman huet Spinat direkt aus der Bécks a sech eragestoppt. Dat huet him déi néideg Muskele ginn fir et mat all Géigner opzehuelen. Haut gëtt de Spinat a säin héijen Eisegehalt als „medizinesche Mythos“ bezeechent.Déi Eeler erënnere sech nach bestëmmt un de battere Läffel „Lebertran“, dee wéinst dem Vitamin D um deegleche Kannermenü stoung. Haut ass en aus de Regaler verschwonnen. Mee dee Geschmaach vergësst een net. Fréier gouf et kaum e richtege Sonndesmenü ouni Bifdeck oder Kotelett, natierlech mat Fritten. Haut gëtt rout Fleesch verdäiwelt. Fësch soll een iessen – wéinst dem Omega 3.Nëmmen - eis geziichte Fësch sinn esou mat Schwéiermetaller an Industriegëfter ugeräichert, datt engem do den Appetit ganz séier vergeet.Wéi ass et mat den Eeër ? Déi hate laang e ganz schlechte Ruff. Wéinst dem Cholesterol. Da googelt elo mol. Do kritt dir da genee explizéiert, datt och dat e Mythos war, deen haut kee Bestand méi huet.Wësse mir haut alles besser? Solle mir dat wierklech alles gleewen? Oder ass et muer schonn erëm anescht?
More Episodes
Mat deem waarme Wieder, wat mir am Moment hunn, kéint ee schonns bal mengen, mir wiere matzen dran: an der grousser Vakanz. An neen, ech huelen dat elo net als Ophänkert, fir mech iwwert Enseignanten opzereegen. Ech ginn dovunner aus, datt di meescht vun hinne se verdéngt hunn, Erhuelung brauchen...
Published 07/12/18
"Elo kuckt et schonn nees d'Luucht aus!" dat sot mäi Papp fréier dacks wann e mech dobäi erwëscht huet, dass ech gedreemt hunn, aplaz meng Hausaufgaben ze maachen. Mä d'Luucht aus kucken, am Sënn vun an den Himmel kucken, dat hunn d'Leit nawell zu allen Zäite gemaach. Wien zum Beispill den...
Published 07/11/18
Wanderen, dat ass... ee Schratt virun deen anere setzen. A nach eemol, a nach eemol. Stonnelaang, deemno wéi e groussen Tour ee wëllt maachen. Dat ass guer net esou liicht, dat auszehalen. Déi Rou do vrum Bierg mécht eis nervös. Mer sinn dat nit méi gewinnt. Dee Manktem vu permanent neie Reizer,...
Published 07/10/18