FOMO, 07/06/2018
Listen now
Description
Am Ufank wousst ech net wat et mat dem Begrëff op sech huet. Ech hu mir geduecht, schon erëm eng Ofkierzung. Där ginn et jo iwwerall. D‘Erklärung hunn ech als Lieser direkt kritt. Et ass näischt Ustiechendes! FOMO ass d‘Ofkierzung fir „Fear of missing out“, also d‘Angscht eppes ze verpassen. Am meeschten sinn déi Jonk dovunner betraff.Si fäerten zum Beispill déi beschte Party ze verpassen, an hetzen dofir vun enger Party op déi nächst. Vläicht ass déi wou se net gin, “the place to be” op deem Owend. Jiddereen denkt mol wann en eppes kaaft huet, dat déi nächst Woch vläicht eppes méi Schéines, Perfomanteres op de Marché kënnt: sief et bei engem Handy, engem Auto oder aneren elektronesche Apparater. Awer dann beschäftegt een sech awer weider net méi mat deem Gedanken.D‘Fro déi ech mir do stellen, muss een ëmmer dat Allernéitsten hunn? Gëtt et do net iergendwou eng Grenz oder ass e soss net „in“ respektiv gehéiert ee soss net zu der Gesellschaft? Sou Iwwerleeunge féiere scho weit, ze weit menger Meenung no.Et brauch een och net op x Partyen ze goen. Et kann een sech och ameséieren wann een sech fir eng eenzeg decidéiert. Et kann een ni wëssen op et enzwousch anescht wierklech besser ass. Ech fannen et awer schued, wann een sech dowéinst ënner Drock setzt an net lieft, net genéisst a just ronderëm hëtzt.Vu FOMO schwätzt een och, wann een op de soziale Medien iergendeppes net mat ze kréien. Natierlech hunn déi digital Medien hiren Deel do-zou bäigedroen. Et huet een d’Méiglechkeet iwwerall a permanent drop zréckzegräifen. Et liest een all Statusupdate vun de sougenannte Frënn, fir um neiste Stand ze bleiwen.Et gin och Leit déi sech sou vill ënner Drock setzen duerch FOMO, datt si wierklech krank ginn: si ginn depressiv. Sou weit soll dat natierlech net ausaarten. Et soll mei oft nom Prinzip „carpe diem“ liewen.
More Episodes
Mat deem waarme Wieder, wat mir am Moment hunn, kéint ee schonns bal mengen, mir wiere matzen dran: an der grousser Vakanz. An neen, ech huelen dat elo net als Ophänkert, fir mech iwwert Enseignanten opzereegen. Ech ginn dovunner aus, datt di meescht vun hinne se verdéngt hunn, Erhuelung brauchen...
Published 07/12/18
"Elo kuckt et schonn nees d'Luucht aus!" dat sot mäi Papp fréier dacks wann e mech dobäi erwëscht huet, dass ech gedreemt hunn, aplaz meng Hausaufgaben ze maachen. Mä d'Luucht aus kucken, am Sënn vun an den Himmel kucken, dat hunn d'Leit nawell zu allen Zäite gemaach. Wien zum Beispill den...
Published 07/11/18
Wanderen, dat ass... ee Schratt virun deen anere setzen. A nach eemol, a nach eemol. Stonnelaang, deemno wéi e groussen Tour ee wëllt maachen. Dat ass guer net esou liicht, dat auszehalen. Déi Rou do vrum Bierg mécht eis nervös. Mer sinn dat nit méi gewinnt. Dee Manktem vu permanent neie Reizer,...
Published 07/10/18